Lacus Solitudinis

Vu Wikipedia
De Lacus Solitudinis um Äerdmound

De Lacus Solitudinislatäin fir Séi vun der Isolatioun – ass e verstengerte Lavaséi um Äerdmound. D'Bezeechnung gouf duerch d'International Astronomesch Unioun am Joer 1976 festgeluecht.

Déi kleng onreegelméisseg Mierfläch huet e mëttleren Duerchmiesser vun 139 Kilometer a läit um südwestleche Rand vun der Moundrécksäit bei de selenographesche Koordinaten 27° 48' Süd an 104° 18' Ost. Déi donkelgro Formatioun ass nach baussenzeg vum Randberäich vun der Libratioun, tëscht de Krateren Titius am Westen an Scaliger am Osten.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]