Lacus Doloris

Vu Wikipedia
De Lacus Doloris, opgeholl vun der Raumsond Clementine.

De Lacus Dolorislatäin fir Qual-Séi – ass e verstengerte Lavaséi um Äerdmound. D'Bezeechnung gouf duerch d'International Astronomesch Unioun am Joer 1976 festgeluecht.

Déi kleng onreegelméisseg Marefläch huet e mëttleren Duerchmiesser vun 110 Kilometer a läit op der äerdzougedréiter Moundsäit bei de mëttlere selenographesche Koordinate 17° 06' Nord an 9° 00' Ost, tëscht de Montes Haemus an dem Mare Serenitatis am Nordosten an dem Mare Vaporum am Südwesten. Nieft him ass am Nordwesten de Lacus Odii, am Südosten de Lacus Gaudii souwéi de Lacus Lenitatis am am Süden den 39 Kilometer grousse Krater Manilius.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]