Cardanus (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Cardanus
D'Moundkrateren Cardanus a Krafft
(LROC-WAC)
Koordinaten 13°16'12"N, 72°30'0"W
Duerchmiesser 49,57 km
Déift 3440m[1]
Selenographesch Längt 72° bei Sonnenopgank
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ10
De Krater Cardanus
(Foto: Lunar Orbiter 4)

De Cardanus ass en Aschlagkrater um westleche Rand vun der viischter Moundsäit, an ass dofir wann iwwerhaapt, dann nëmme staark verzunn ze gesinn. Hie läit südlech vum Krater Krafft am Flaachland vum Oceanus Procellarum. Tëscht dem Cardanus am Krafft läit d'Kraterkette Catena Krafft. De Cardanus huet e relativ schaarf markéierten, onreegelméissege Kraterrand mat Terrassen.

Südlech vum Cardanus läit an ostwestlecher Richtung d'Moundrill Rima Cardanus.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
B 11,42° N, 73,94° W7 13 km [1]
C 11,16° N, 76,26° W7 14 km [2]
E 12,78° N, 70,77° W7 6 km [3]
G 11,49° N, 74,99° W7 8 km [4]
K 14,11° N, 77,01° W7 8 km [5]
M 14,87° N, 77,27° W7 9 km [6]
R 12,25° N, 73,47° W7 21 km [7]

De Krater gouf 1935 vun der I.A.U. nom italienische Mathematiker Gerolamo Cardano genannt.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. John E. Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge University Press, Cambridge u. a. 2000, ISBN 0-521-59002-7.