Catena (Astrogeologie)

Vu Wikipedia
Enki Catena, eng Kraterketten um Jupitermound Ganymed

Als Catena (latäin, Plural Catenae, iwwersat „Ketten“) oder och Kraterkette ginn an der Astrogeologie linear Uewerflächestrukturen op planetaren Himmelskierper bezeechent, spezifesch déi, déi aus enger Rei vu klengen Aschlagkratere bestinn.

Beim Aschlag vu grousse Meteoritten entstinn dacks sougenannt Sekundärkrateren, déi duerch dat beim Impakt erausgeschleidert Material entstane sinn. Dacks si se linear geformt wéi eng Ketten.

Kraterkette kënnen awer och duerch den Aschlag vun Eenzeldeeler vu grousse Kierper entstoen, déi duerch Gezäitekräften ofgesprengt goufen. Well d'Ursaache vun der Entwécklung vu lineare Strukturen awer net ëmmer ganz kloer sinn, kënne Catenae och vulkanesch (zum Beispill Iwwerreschter vun zesummegebrachene Lavaréier) oder vun tektoneschem Urspronk sinn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie