Apollo-Programm

Vu Wikipedia
Logo vum Apollo-Programm
Astronaut Aldrin virun der Moundlandefär (Apollo 11)

Den Apollo-Programm war en Raumfaart-Projet vun der USA. Et hat fir d'éischt a bis elo eenzeg Kéier Mënschen op den Äerdmound bruecht. De Programm gouf vun der National Aeronautics and Space Administration (NASA) tëscht 1961 an 1972 bedriwwen.

An en ettleche Schrëtt hat d'NASA Technike gepréift, déi fir eng Moundlandung wichteg soll sinn, wéi z. B. d'Navigéieren an d'Koppelen am Weltraum oder d'Verloosse vun engem Raumschëff am Raumkostüm. Vill wichteg Tester goufen an der Virbereedung am Gemini-Programm duerchgefouert. Déi éischt bemannte Moundlandung selwer war den 20. Juli 1969. No fënnef weidere Landunge gouf mam Programm 1972, och aus Käschtegrënn, opgehalen. Zanter där Zäit huet bis haut kee Mënsch méi de Mound betratt.

Pläng[änneren | Quelltext änneren]

Den eigentleche NASA-Plang hat siwe Missioune bis zur éischter bemannter Moundlandung virgesinn. Dat waren d'Missiounen A bis G:

  • Missioun A: Onbemannten Test vun der Saturn V an dem Apollo-Raumschëff op enger Äerdëmlafbunn (zweemol getest mat Apollo 4 an Apollo 6).
  • Mission B: Onbemannten Test vun der Moundlandefär (LM fir Lunar Module) (getest Apollo 5).
  • Missioun C: Bemannten Test vum Apollo-Raumschëff am Äerdorbit (getest mat Apollo 7).
  • Missioun D: Test vun der Kombinatioun aus Kommandomodul a Landefär an engem äerdnoen Orbit (ufanks mat Apollo 8 virgesinn, als Apollo 9 nei nummeréiert, well ee Moundfluch (Missioun C') als Apollo 8 derbäi gesat gouf).
  • Missioun E: Test vun der Kombinatioun aus Kommandomodul a Landefär an engem äerdwäitem Orbit (Missioun gouf gestrach, d'Crew hat d'Missioun C' iwwerholl).
  • Missioun F: Test vun der Kombinatioun aus Kommandomodul a Landefär op engem Moundorbit (getest mat Apollo 10).
  • Missioun G: Éischt Landung um Mound mat Apollo 11.

Déi éischt Moundëmkreesung mat Apollo 8 op Chrëschtdag 1968, war vun der NASA eigentlech net virgesinn a gouf mat der Bezeechnung Missioun C' tëscht d'Missiounen C an D agesat.

Zousätzlech goufen d'Missiounen H, I a J geplangt:

  • Missioun H: Landung um dem Mound mat verlängerte wëssenschaftlechen Experimenter (gemaach mat Apollo 12 an Apollo 14. Apollo 13 net erfollegräich; Apollo 15 war ufanks och mat der H-Missioun virgesinn).
  • Missioun I: Bemannt Flich op enger Moundëmlafbunn fir Fuerschungszwecker; keng Landung virgesinn. Konkreet Pläng fir I-Missioune gouf et net.
  • Missioun J: Landung um Mound mat verlängerte wëssenschaftlechen Experimenter an dem Moundrover (gemaach mat Apollo 15, Apollo 16 an Apollo 17).

Opwand a Käschten[änneren | Quelltext änneren]

Den Apollo-Programm hat 25 Milliarden Dollar kascht, ongeféier 120 Milliarden no haitege Moossstief,[1] an et ware bis zu 400.000 Mënschen dru beschäftegt.

Wettlaf vun de Systemer[änneren | Quelltext änneren]

Duerch de Start vum Sputnik 1 am Joer 1957, der éischter onbemannter haarder Moundlandung 1959 vun der Lunik-2 an dem éischte bemannte Raumfluch vum Juri Gagarin 1961 war d'Sowjetunioun ufanks vum Raumfaartzäitalter zu enger féierender Raumfaartnatioun opgestigen. D'Amerikaner hunn no engem Gebitt an der Raumfaart gesicht, wou si d'Sowjetunioun schloe konnten. Déi bemannt Moundlandung gouf dofir als Méiglechkeet ugesinn.

De 25. Mee 1961, nëmmen annerhallwe Mount nom Start vum Juri Gagarin, sot de President John F. Kennedy virum amerikanesche Kongress an enger berüümter Ried, datt nach am selwechte Joerzéngt e Mënsch op de Mound an nees zeréck fléie wäert.

Apollo-Missiounen[änneren | Quelltext änneren]

Missioun Start Landung Dauer Kommandant Pilot vum Apollo-Raumschëff Pilot vun der Moundfär Missiounszil/Bemierkung
AS-201
Logo vum Apollo-Programm
26. Februar 1966 26. Februar 1966 37min 20s onbemannt Éischte Start vun der Saturn IB, suborbitaler Testfluch vum Apollo-Kommandomoduls
AS-203
Logo vum Apollo-Programm
5. Juli 1966 5. Juli 1966 5h 59min 47s onbemannt Éischten orbitale Start vun der Saturn IB, Testfluch ouni Apollo-Raumschëff
AS-202
Logo vum Apollo-Programm
25. August 1966 25. August 1966 1h 33min 02s onbemannt suborbitale Testfluch vum Apollo-Kommandomodul
Apollo 1
Apollo 1 Logo
(27. Jan. 1967)
kee Start
Virgil Grissom Edward White Roger Chaffee De [[27. ]Januar]] 1967 war wärend engem Buedemtest op dem Startdësch bei renger Sauerstoffatmosphär an der Kabinn Feier ausgebrach, dobäi koumen déi dräi Astronauten ëm d'Liewen. Zu hiren Éiere gouf den Test als Missioun Apollo 1 klassifizéiert.
Apollo 4
Logo vum Apollo-Programm
9. November 1967 9. November 1967 8h 36min 59s onbemannt Éischte Start vun der Saturn V, Testfluch vum Apollo-Kommandomodul
Apollo 5
22. Januar 1968 onbemannt Testfluch vun der Moundlandefär
Apollo 6
Logo vum Apollo-Programms
4. Abrëll 1968 10h 22min 59s onbemannt Zweete Start vun der Saturn V, Testfluch
Apollo 7
Apollo 7 Logo
11. Oktober 1968 22. Oktober 1968 10d 20h 9min 3s Walter Schirra Donn Eisele Walter Cunningham Éischte bemannt Start vun der Saturn 1B. Tests an der Äerdëmlafbunn ouni Moundfär - éischt TViwwerdroung wärend enger US-Raumfaart-Missioun
Apollo 8
Apollo 8 Logo
21. Dezember 1968 27. Dezember 1968 6d 3h 0min 42s Frank Borman James Lovell William Anders Éischte bemannte Start vun der Saturn V an éischte Fluch vu Mënschen op de Mound, dee si zéngmol ëmkreest hunn. Well si keng Moundfär haten, hat den Anders d'Aufgab vum Bordingenieur a Fotograf iwwerholl.
Apollo 9
Apollo 9 Logo
3. Mäerz 1969 13. Mäerz 1969 10d 1h 0min 54s James McDivitt David Scott Russell Schweickart Tester mat der Moundfär an der Äerdëmlafbunn - Rendez-vous an Undocken
Apollo 10
Apollo 10 Logo
18. Mee 1969 26. Mee 1969 8d 0h 3min 23s Tom Stafford John Young Eugene Cernan Test mat der Moundfär am Moundorbit, koum der Mounduewerfläch bis op 14 km erun
Apollo 11
Apollo 11 Logo
16. Juli 1969 24. Juli 1969 8d 3h 18m 35s Neil Armstrong Michael Collins Edwin Aldrin Éischt Moundlandung
Landeplaz: Mare Tranquillitatis
Apollo 12
Apollo 12 Logo
14. November 1969 24. November 1969 10d 4h 36min 25s Charles Conrad Richard Gordon Alan Bean Landung bei der 1967 gestarteter Sond Surveyor 3
Landeplaz: Oceanus Procellarum
Apollo 13
Apollo 13 Logo
11. Abrëll 1970 17. Abrëll 1970 5d 22h 54m 41s James Lovell John Swigert Fred Haise Explosioun vun engem Sauerstofftank am Service Modul (SM) & Leck an der baussenzeger Ëmmantelung vum SMs, Ofbroch vun der Missionu, Kabinn vum Landing Modul (LM) hat der Crew zäitweileg als “Rettungsboot” gedéngt - keng Moundlandung
geplangt Landeplaz: Fra Mauro
Apollo 14
Apollo 14 Logo
31. Januar 1971 9. Februar 1971 9d 0h 1min 58s Alan Shepard Stuart Roosa Edgar Mitchell Erfollegräich Landung op der Landeplaz vun Apollo 13, Asaz vun enger Handkärchen (MET)
Landeplaz: Fra Mauro
Apollo 15
Apollo 15 Logo
26. Juli 1971 7. August 1971 12d 7h 11min 53s David Scott Alfred Worden James Irwin Éischt Missioun mam Lunar Roving Vehicle (Moundauto)
Landeplaz: Hadley-Rille
Apollo 16
Apollo 16 Logo
16. Abrëll 1972 27. Abrëll 1972 11d 1h 51m 05s John Young Thomas Mattingly Charles Duke Éischt Ënnersich vun engem Plateau, Asaz vun UV-Kamera, Moundauto
Landeplaz: Descartes
Apollo 17
Apollo 17 Logo
7. Dezember 1972 19. Dezember 1972 12d 13h 51m 59s Eugene Cernan Ronald Evans Harrison Schmitt Lescht Moundlandung, Moundauto, Orange Soil fonnt
Landeplaz: Taurus-Littrow

Kuerz no der erfollegräicher Moundlandung vun Apollo 11 hat d'NASA de weidere Plang publizéiert, dee bis Enn 1972 néng weider Apolloflich viraus gesinn hat. Awe schonn am Januar 1970, nach virun der Pann vun Apollo 13, gouf Apollo 20 aus Käschtegrënn gestrach. Am September 1970 gouf och déi ursprénglech Apollo-15-Missioun an d'Apollo 19 agespuert. Déi net aus dem Programm gestrache Missioune Apollo 16, Apollo 17 an Apollo 18 goufen durno an Apollo 15, Apollo 16 an Apollo 17 ëmgenannt.

Déi nach nom Ofschloss vun de Moundflich stockéiert Apollo-Raumschëffer a Saturnrakéite goufe fir d'Skylab-Projet 1973/74 an d'Apollo-Sojus-Test-Projet 1975 benotzt.

Missioun Start Landung Dauer Crew
(CDR=Kommandant,
CMP=Pilot vum Apollo-Raumschëff,
SCI=Wëssenschaftsastronaut,
DMP=Pilot vum Dockingmodul)
Bemierkung
Skylab 1
14. Mee 1973 11. Juli 1979
(6 Joer nom Enn vun de Skylab-Missioune
beim Antrëtt an Äerdatmosphär vergloust)
onbemannt Start vun der Skylab-Statioun, Beschiedegung Solarzellenausléeër,
Drosystem: Saturn V
Skylab 2
25. Mee 1973 22. Juni 1973 28d 0h 49m 49 s Charles Conrad (CDR),
Paul Weitz (CMP),
Joseph Kerwin (SCI)
Éischt Crew Skylab, Reparatur Solarzellen an Hëtzeschëld,
Drosystem: Saturn 1B
Skylab 3
28. Jul. 1973 25. Sep. 1973 59d 1h 9min 4s Alan Bean (CDR),
Jack Lousma (CMP),
Owen Garriott (SCI)
Zweet Crew Skylab, Reparatur Hëtzeschëld,
Drosystem: Saturn 1B
Skylab 4
16. Nov. 1973 8. Feb. 1974 84d 1h 16m Gerald Carr (CDR),
William Pogue (CMP),
Edward Gibson (SCI)
Drëtt Crew Skylab,
Drosystem: Saturn 1B
Apollo-Sojus-Test-Projet
15. Jul. 1975 24. Jul. 1975 9d Tom Stafford (CDR),
Vance Brand (CMP),
Deke Slayton (DMP)
Kopplung mat Sojus 19 (Crew: Alexei Leonow, Waleri Kubassow),
Drosystem: Saturn 1B

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

(an englescher Sprooch, wann net anescht notéiert)

Filmer[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.heise.de/newsticker/Vor-40-Jahren-Ein-kleiner-Schritt--/meldung/142263