Apollo 10

Vu Wikipedia
Apollo 10
De Logo vun der Missioun
Typ Bemannt Moundmissioun
Land  USA
Agentur NASA
Ruffzeechen CM: Charlie Brown
LM: Snoopy
Dauer 8d 0h 3min 23s
Mound-Orbiter 31
Start 18. Mee 1969, 16:49:00 UTC
Startplaz Kennedy Space Center, LC-39B
Drorakéit Saturn V, Serienummer AS-505
Biergungsschëff USS Princeton
Landung Pazifik
D'Crew vun Apollo 10

Apollo 10 war eng Raumfaartmissioun am Kader vum Apollo-Programm. Hiert Zil war en Testfluch vun der Moundlandefär ënner reale Bedéngungen op der Moundëmlafbunn, wou Ofstig-, Opstig-, Rendez-vousen- an Undockmanöver getest goufen.

Crew[änneren | Quelltext änneren]

Den 13. November 1968, kuerz nodeem d'NASA bekannt ginn hat, datt de Fluch vun Apollo 8 op de Mound féiere sollt, krut och d'Crew vun Apollo 10 iwwer d'Generalprouf vun der Moundlandung informéiert. Wéi erwaart gouf d'Ersatzequipe vun Apollo 7 fir dee Fluch als Haaptcrew nominéiert: Den Tom Stafford als Kommandant, den John Young als Pilot vum Apollo-Raumschëff an den Eugene Cernan als Pilot vun der Moundlandefär. De Stafford an de Young hate schonn zwéin, de Cernan ee Raumfluch am Gemini-Programm hanner sech. Den Cernan war scho bei Gemini 9 mam Stafford als Kommandant geflunn. Apollo 10 war den éischten amerikanesche Raumfluch, bei deem keen neien Astronaut u Bord war.

Kommandant vun der Ersatzmannschaft war de Gordon Cooper. Hie war zu där Zäit dee leschte Mercury-Astronaut, well de Walter Schirra hat no Apollo 7 den Apollo-Programm verlooss an den Alan Shepard an den Deke Slayton waren ëmmer nach net fluchfäeg. Déi béid aner Ersatz-Astronaute waren den Donn Eisele, dee grad mat Apollo 7 säin éischte Raumfluch als Pilot vun der Apollo-Kommandokapsel hanner sech hat, an den Edgar Mitchell, en neien Astronaut aus der fënnefter Auswielgrupp, als Pilot vun der Moundfär. Wann déi normal Rotatiounsmethod gebraucht gi wier, hätten de Cooper, den Eisele an de Mitchell d'Crew vun Apollo 13 gebilt.

D'Ënterstëtzungsmannschaft (Support-Crew) bestoung aus James Irwin, Charles Duke, Joe Engle an Jack Lousma.

Virbereedung[änneren | Quelltext änneren]

Déi eenzel Deeler vun der Saturn-Rakéit goufen am November an Dezember 1968 ugeliwwert. Den 11. Mäerz 1969, nach wärend dem Fluch vun Apollo 9 konnt d'Saturn V op déi nei Startramp 39B gerullt ginn. D'Rakéit hat d'Seriennummer AS-505, d'Kommandokapsel CSM-106 (d'Kapsel CSM-105 war fir Tester reservéiert a sollt net an de Weltraum fléien) an d'Moundlandefär LM-4.

Traditiounsgeméiss goufen d'Ruffzeeche vu béide Raumschëffer vun der Mannschaft ausgewielt. D'Apollo-Raumschëff gouf Charlie Brown genannt, d'Moundlandefär Snoopy. Béid Nimm stamen aus der Comicserie Peanuts vum Charles M. Schulz. Nodeem d'Apollo-9-Mannschaft Gumdrop (Fruuchtgummi) a Spider (Spann) als Ruffzeeche gewielt haten, hunn d'NASA-Manager d'Mannschaft vun Apollo 11 drop higewise seriéis Ruffzeeche fir déi éischt Moundlandung auszesichen.

Fluchverlaf[änneren | Quelltext änneren]

Start[änneren | Quelltext änneren]

D'Saturn V war den 18. Mee 1969 um 16:49 UTC vum Kennedy Space Center, Florida gestart. Wéi scho bei Apollo 8 gouf fir d'éischt eng Äerdëmlafbunn ugesteiert. No zwou Äerdëmkreesunge gouf déi drëtt Stuf vun der Saturn-Rakéit eng zweet Kéier gezünt, fir d'Apollo-Raumschëff op de Wee zum Mound ze bréngen.

An der Moundëmlafbunn[änneren | Quelltext änneren]

LEM vun Apollo 10 iwwer dem Mound

Nom Erreeche vun der Moundëmlafbunn goufen all Manöver duerchgefouert, wéi si fir déi real Landung vun Apollo 11 geplangt waren. An zirka 110 km Héicht iwwer der Mounduewerfläch gouf d'Raumschëff (CSM fir Command/Service Module) vun der Moundlandefär (LEM fir Lunar Excursion Module) getrennt. Den Ofstig vum LEM gouf bis op ronn 14 km vun der Mounduewerfläch gemaach. Dat war déi klengst Héicht, bei där nach en direkten Opstig méiglech war. A 15 km Héicht sollt d'Ofstigstuf ofgesprengt ginn, fir den Neesopstig anzeleeden. Dat war eréischt no en ettleche Versich gelongen. Direkt duerno hat d'Computersteierung vum Lagereegelungssystem, versot an de Modul hat ugefaangen ze trëndelen. De Stafford hat d'Computersteierung missen ofschalte fir mat der manueller Steierung nees an déi korrekt Lag ze kommen. Nom Ëmsteige vun den Astronaute gouf d'Opstigsdreifwierk nees gezünt an d'Opstigsstuf op eng Sonnenëmlafbunn bruecht, wou si och haut nach ass. D'Ofstigsstuf war an engem Moundorbit bliwwen, a war spéider op de Mound stierze gelooss ginn.

Landung[änneren | Quelltext änneren]

Beim Neesantrëtt de 26. Mee hat d'Landekapsel eng Vitess vun 39.897 km/h erreecht. Dat ass déi héchst Vitess, déi jee vu Mënschen erreecht gouf. Um 16:52 UT war Landung um Mier am Pazifik a gouf vum Fligerdréier USS Princeton gebuergen. 19 Televisiounssendungen, fir d'éischt a Faarf, goufe wärend der Missioun op d'Äerd iwwerdroen. D'Apollo-Landekapsel ass haut am Science Musée zu London ausgestallt.

Bedeitung fir den Apollo-Programm[änneren | Quelltext änneren]

Den erfollegräiche Fluch vun Apollo 10 hat gewisen, datt d'NASA Apollo-Flich a kuerzer Folleg absolvéiere konnt. Zanter Apollo 7 waren eréischt siwe Méint vergaangen. Apollo 10 war schonn de véierte Fluch an zwéi weider ware fir déi nächst Méint a Virbereedung.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Apollo 10 – Biller, Videoen oder Audiodateien