Fligerdréier
Fligerdréier, si Schëffer déi sou gebaut sinn, datt op hirem Deck Fligere kënne starten a landen an déi mat all Néidegem ekipéiert si fir eng gewëssen Zuel vu Fligere kënnen ze transportéieren an d'Maintenance dovun ze maachen. Et sinn deemno Fluchbasen déi schwammen an déi vun engem Staat iwwerall do agesat kënne ginn, wou eng Ënnerstëtzung vun den Truppen aus der Loft néideg ass a wou keng landgebonn Base zur Verfügung steet.[1]
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Sou wéi um Land war et och um Mier fir Kommandanten ëmmer wichteg, gutt iwwer dem Géigner seng Positioune Bescheed ze wëssen, fir déi richteg strateegesch Entscheedunge kënnen ze treffen. Dofir gouf zanter laangem no Méiglechkeete gesicht fir hanner den Horizont kënnen ze gesinn. Sou waren am Ufank Fregatten d'Ae vun enger Flott an duerno Kräizergeschwaderen. Enn des 19. an Uganks des 20. Joerhonnert, gouf mat Ballone probéiert fir héich Observatiounsplazen ze kréien. D'Englänner hunn ëm 1909 Experimenter mat Loftschëffer gemaach, awer ouni groussen Erfolleg. An der Tëschenzäit hunn d'USA, Frankräich a Russland mat Fligeren experimentéiert. D'US Navy hat den éischten Erfolleg mam Eugene Ely [2],[3] sengem Start mat engem Curtiss-Duebeldecker mam Num Hudson Flyer de 14. November 1910 vun enger Plattform déi um Kräizer Birmingham montéiert gi war. Den 18. Januar 1911 ass den Ely fir d'éischt op engem Schëff gelant an zwar um Panzerkräizer USS Pennsylvania. De Fliger gouf mat Seeler déi mat Sandsäck beschwéiert waren ofgebremst. D'Wichtegkeet vum Ely sengem Exploit gouf awer net richteg erkannt, well d'US-Marinn déizäit haaptsächlech Experimenter mat Waasserfligere gemaach huet. Déi däitsch Flott huet sech Ënnerstëtzung vun hiren Zeppelinen erwaart, sou datt besonnesch d'Englänner an d'Amerikaner mat de Fligerexperimenter weidergefuer sinn. Den Haaptintressi louch do bei de Waasserfligeren, déi Bommen an Torpedoen ofwerfe konnten an och fir Observatiounszwecker konnten agesat ginn. Si konnte vum Schëff aus starten, an duerno am Waasser landen, an da mat engem Kran erëm op d'Schëff gehuewe ginn. Déi éischt Testflich goufe vu Plattformen op de Schluechtschëffer HMS Africa an HMS Hibernia aus gemaach a si gutt ausgefall sou datt och op der HMS Hermes eng Plattform installéiert gouf. Beim Ausbroch vum Éischte Weltkrich ass d'Hermes schonn am Ufank ausgefall [4] sou datt e fréiere Cunard-Liner d'Campania als Ersatz huet missen asprangen. Wéinst engem Transmissiounsfeeler konnt dat Schëff net mat Zäiten auslafen, soudatt déi éischt Krichsmissioun als Waasserfligerdréier vum ëmgebaute Postschëff Engadine erfëllt gouf. D'Engadine war bei der Séischluecht vu Jütland am Asaz an huet do zur 3. liichter Kräizerschwadroun ënner dem Kommando vum Konteradmirol Trevylyan Napier gehéiert. U Bord waren zwéi Short Type 184 an zwou Sopwith Baby. En anert ëmgebaut Postschëff war d'HMS Empress.
Vun 1915 un hunn d'Amerikaner Starte mat Katapulte getest, haten awer nach keng Schëffer déi mat engem Fluchdeck ekipéiert waren. D'Englänner hunn de schwéier bewaffente Kräizer Furious (45,5 cm Geschëtzer) am Ufank mat zwou Plattformen ausgerëscht, eng um Heck an eng um Bug, an dertëscht stoung de Kommandotuerm. Duerch dee Bau enstoungen Turbulenzen, déi duerch en duerchgezunnent Fluchdeck z'évitéiere waren an d'Furious gouf 1922 ëmgebaut. Dat éischt Fluchdeck iwwer déi ganz Längt gouf op de Romp vun engem Linneschëff gebaut, dat deemools am Bau war. D'Argus war domat den éischte richtege Fligerdréier, op deem normal Fligere lande konnten. D'Argus gouf 1918 a Betrib geholl. 1924 gouf d'Eagle en ëmgebaut Schluechtschëff a Betrib geholl grad sou wéi d'Hermes, dat éischt Schëff dat vun Ufank un als Fligerdréier geplangt war. Domat haten d'Englänner am Ufank vun den 20er Joren e Quartett dat s'un d'Spëtzt vun de Séifluchmuechte bruecht hat.
Vun all den aneren Natioune ware just Japan an d'USA mat Konstruktioune vu Fligerdréier beschäftegt. Deen éischte japanesche war d'Hōshō (1922) an d'USA hate just d'USS Langley en ëmgebaut Kueleschëff.
No der Washingtoner Flottekonferenz vun 1922 bei där d'Zuel vun de schwéiere Schluechtschëffer festgeluecht gouf, bestoung d'Méiglechkeet eng Parti dovun a Fligerdréier ëmzebauen, sou wéi déi englesch Glorious a Furious, zwéin ëmgebaut Panzerkräizer aus dem Éischte Weltkrich, déi mat hire schwéiere Maschinne bis 30 Kniet gelaf sinn. Déi goufen allerdéngs séier iwwertraff vun den zwee amerikanesche Schëffer aus der Lexington-Klass, an zwar d'USS Lexington an d'USS Saratoga. D'Japaner hu mam Ëmbau vun der Akagi an der Amagi ugefaangen a geschwënn duerno koum d'Kaga no, well d'Amagi bei engem Äerdbiewen um Schantje sou schwéier beschiedegt gouf, datt se veschrott gouf. D'Amerikaner an d'Japaner déi sech ni sou richtegt vertraut hunn, hu mat Vollgas bis un d'Grenze vun de Verträg Fligerdréier gebaut. D'USS Ranger déi relativ kleng war, an där hir Vitess als ze niddreg ugesi gouf fir am Pazifik agesat ze ginn, gouf fir d'Atlantikflott reservéiert, an an hir Plaz koumen d'Yorktown an d'Enterprise, déi iwwer 34 Kniet séier waren a bis zu 80 Fligeren ophuele konnten. D'japanesch Konterparti dozou waren dHiryu an d'Sryu mat all Kéier 60 Fligeren. Déi zwéi goufen 1937 fäerdeg, just ier déi berüümt brittesch Ark Royal vum Stapel gelaf ass. D'Ark Royal war zolidd gebaut an d'Säitewänn ware bis un d'iewescht Deck eropgezunn, am Géigezaz zu den oppenen Halendecker vun den Amerikaner a Japaner. Déi intégréiert Konstruktioun huet zwar d'Zuel vun de Fligeren erofgesat, hat awer den Avantage datt s'e gepanzert Fluchdeck erméiglecht huet.
Nodeem d'Bestëmmunge vun der Washingtoner Konferenz vun de Japaner gekënnegt gi waren hunn d'Englänner 4 Schëffer vun der Illustriousklass an Opdrag ginn. Déi haten nëmmen een Niveau als Fligerhal a louchen dofir méi flaach am Waasser wéi d'Ark Royal. 1937 haten d'Japaner hiren Optrëtt mat zwee Schëffer aus der Shōkaku-Klass, der Shōkaku an der Zuikaku. D'Reichswehr war wakereg ginn an huet mam Bau vun zwéin 33.000 Tonner vun der Graf-Zeppelin-Klass ugefaangen, vun deenen awer ee guer net fäerdeggebaut gouf, an den anere beim Ausbroch vum Krich 1940 nach net operationell war an et och nie gouf.
D'Fransousen déi déi ganzen Zäit d'Wichtegkeet vun de Fligerdréier net erkannt haten, hunn ze spéit mam Bau vun der Joffre ugefaangen, sou datt déi Konstruktioun beim Ausbroch vum Krich nach am Dock ofgebrach gouf.
D'Italiéiner hu gemengt si bréichte keng, well hiert Interessegebitt, d'Mëttelmier, ganz mat Landfligeren ze kontrolléire war. Am Ufank vum Krich gouf dunn awer nach an aller Vitess d'Linneschëff Roma an de 27.000 Tonnen-Dréier Aquila ëmgebaut, dee 50 Fligeren droe konnt. D'Schëff gouf sabotéiert an ni fäerdeggebaut. Et gouf 1952 verschrott.[5]
Bis Enn 1941 war de Séikrich eng reng europäesch Saach. D'Englänner hunn hir Dréier nëmme sporadesch agesat. Spéider goufe se mat bei der U-Bootofwier mat agesat. Bei sou Aktiounen hunn d'Englänner d'Courageous an d'Ark verluer. D'Glorious war bei enger Loftattack virun Norwegen zerstéiert ginn an d'Illustrious war bei Malta vu Stukaen zerbombt ginn.
D'Amerikaner hunn déi grouss Asazméiglechkeete vu sou Schëffer séier erkannt an hu ganz Serien dovu gebaut. Déi éischt waren ëmgebaut Handelsschëffer. Duerno goufe se direkt als Dréier entworf. Op Basis vun engem Kräizerromp gouf eng ganz Klass rapid Begleetdréier entwéckelt. Et goufen iwwer 100 Stéck dovu gebaut, déi am Kampf géint d'U-Booter eng wichteg Roll gespillt hunn.
Beim Ugrëff op Pearl Harbor de 7. Dezember 1941, haten d'Japaner déi amerikanesch Flott mat 360 Fligeren, déi vu sechs Fligerdréier gestart waren iwwerrascht. Gläich drop hu se och nach déi schlecht preparéiert Englänner an der Bucht vu Bengalen ugegraff. Bei deem Ugrëff gouf ënner anerem déi al Hermes zerstéiert.
Déi wichtegst Roll hunn d'Fligerdréier am Zweete Weltkrich am Pazifik gespillt. Do waren d'Japaner eng Zäit laang Här a Meeschter bis se vun den Amerikaner am Korallemier iwwerrascht goufen. All Säit huet e Fligerdréier verluer, d'Amerikaner d'USS Lexington an d'Japaner de klenge Fligerdréier Shōhō awer och vill erfuere Piloten.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Schluecht am Korallemier.
Fir d'Schëffsverbänn besser virun den Attacke vun den däitschen U-booter ze schützen, goufen en Rei liicht Fligerdréier gebaut déi sougenannt Escort-Fligerdréier Déi en Tonnage vun 10.000 bi 12.000 To. haten an am Bau bei wäitem net sou deier waren. Déi Schëffer sinn tëscht 18 an 20 Kniet gelaf a konnte ronn 20 Fligeren droen.
Driwwer eraus goufe Pëtrolstanker a Mineraltransporter mat enger Startpist ekipéiert, dat waren déi sougenannt Merchant Aircraft Carrier (MAC).
Et goufen och en ettlech Schëffer mat kuerze Katapultstartrampen ekipéiert. Déi goufe Catapult Aircraift Merchantman (CAM) gedeeft.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Escort-Fligerdréier.
Lëscht vun de Fligerdréier am 2. Weltkrich
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Dictionary of Aviation
- ↑ Den Eugene Ely war dem Glenn H. Curtiss deen de Fliger gebaut hat säin Demonstratiounspilot
- ↑ Curtiss Museum Archivéiert de(n) 21.11.2015. Gekuckt de(n) 18.06.2014.
- ↑ Se gouf den 31. Oktober am Äermelkanal vum däitschen U-Boot U-27 torpedéiert
- ↑ Brown, David (1977). WWII Fact Files: Aircraft Carriers. Arco Publishing.