Knuet (Nautik)

Vu Wikipedia

De Knuet ass d'Mooss fir Vitess an der Nautik, sief et an der Loft oder um Waasser.

E baséiert op der Längtemooss Nautesch Meil (NM, nm, SM, sm):

1 Knuet = 1 Nautesch Meil/Stonn = 1,852 Kilometer an der Stonn = 0,51444 Meter an der Sekonn.
Eenheetszeechen: kn (däitsch) oder kt (englesch)

Den Numm kënnt vun der Léngt, an där Kniet waren, an déi un der Log festgemaach war, fir sou ze gesinn, wéi séier e Schëff fiert.