John Watts Young

Vu Wikipedia
Nuvola apps kmoon.png Dësen Astronomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
John Watts Young
John Young sampling fillet rock at Station 11.jpg
Gebuer 24. September 1930
San Francisco
Gestuerwen 5. Januar 2018
Houston
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit USA
Educatioun United States Naval Test Pilot School
Aktivitéit Marinnoffizéier, Testpilot, Astronaut, Autobiograph, Raumfaartingenieur
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den John Watts Young, gebuer de 24. September 1930 zu San Francisco, a Kalifornien, a gestuerwen de 5. Januar 2018[1] zu Houston, am Texas, war en US-amerikaneschen Astronaut mat der bis elo (2017) längster Carrière bei der NASA.

Hie war als Kommandant vun der Apollo 16 den néngte vu bis elo zwielef Mënschen um Mound an e war och 1981 de Kommandant vum éischte Fluch vun engem Space Shuttle.

Hie war deen eenzege Mënsch, deen véier verschidde Raumgefierer gesteiert huet: Gemini, Apollo-Kommandokapsel, Moundlandefär a Space Shuttle. Am Laf vu senger Carrière huet hie vill weider Rekorder an der Loft- a Raumfaart opgestallt.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Fréieren Astronaut John Young gestuerwen op rtl.lu, gekuckt de 7. Januar 2018