Apollo (Raumschëff)

Vu Wikipedia
North American Apollo CSM
Apollo CSM-112 in der Mondumlaufbahn
Apollo CSM-112 an der Moundëmlafbunn
Beschreiwung
Gebrauch: Äerd- a Moundëmlafbunn
Besatzung: 3: Kommandant, CSM Pilot, LM Pilot
Ofmiessungen
Héicht: 11,03 m
Duerchmiesser: 3,90 m
Volumen: 6,17 m³
Mass
CM: 5.809 kg
SM: 24.523 kg
Total: 30.332 kg
Undriff
CM Steierdüsen (N2O4/UDMH) 12 × 412 N
SM Steierdüsen (N2O4/UDMH) 16 × 441 N
Haaptundriff
(N2O4/UDMH)
1 × 97,86 kN
Asazdaten
Missiounsdauer: 14 Deeg (200 Äerdëmkreesungen)
Apogeum: 386,242 km
Perigeum: 160 km
Delta v: 2804 m/s
Apollo CSM Diagramm
CSM mat Rettungstuerm (NASA)
CSM mat Rettungstuerm (NASA)
North American Apollo CSM

D'Apollo-Raumschëff gouf am Kader vum Apollo-Programm vun North American Aviation entwéckelt. Et besteet aus zwou Komponenten: dem Kommandomodul (CM) an dem Servicemodul (SM). D'Kombinatioun (CSM) gouf eréischt kuerz virum erneiten Antrieden an d'Äerdatmosphär getrennt. Nëmmen de Kommandomodul mat den dräi Astronauten ass fir eng Waasserlandung am Mier ekipéiert.

Kommandomodul (CM)[änneren | Quelltext änneren]

De Kommandomodul huet eng Mass vu 5.900 kg bei enger Héicht vun 3,23 m an engem Duerchmiesser vun 3,91 m.

Viischten Deel[änneren | Quelltext änneren]

Am viischten Deel si Stabiliséierungsfallschiermer an déi dräi grouss Haaptfallschiermer ënnerbruecht. Déi ginn eréischt nom Antrëtt beim Retour an d'Äerdatmosphär an enger Héicht vun 2,5 km op. Zwéi Schiermer gi fir eng sécher Landung um Mier duer. Beim Apollo 15 hat ee vun deenen dräi Schiermer versot, ouni datt et zu Schied oder Verletzunge koum. Weider sinn am ieweschte Beräich zwou Steierdüse vum Lagekontrollsystem fir den erneiten Antrëtt an d'Atmosphär, d'Kopplungssystem an d'Luk fir d'Moundlandefär ugemaach. Hei sinn och d'Antennen an d'Signalluuchte fir d'Biergung am Mier méi liicht ze maachen, a Ballongen, déi sech opblosen, fir am Fall, bei deem d'Kapsel mat der Spëtzt no ënne géif schwammen, déi nees opzeriichten.

Schnëttbild vun der Apollo-CM

Mëttelsten Deel[änneren | Quelltext änneren]

Hei ass d'drockfest Kabinn fir d'Astronauten. Dora sinn d'Haaptinstrumententafele fir d'Kontroll an d'Steierung vum Raumschëff, d'Liewenserhalungssystemer an e puer Materialschief ënnerbruecht. Et gëtt fënnef kleng Fënsteren a säitlech d'Luk fir eran- an erauszeklammen. D'Liewenserhalungssystemer kontroléieren d'Kabinnenatmosphär an halen d'Temperatur bei 22 Grad. Wärend dem Fluch besteet si aus rengem Sauerstoff bei engem Drëttel vum Drock op der Äerd. Nëmmen an der Startphas gëtt, no de leedvollen Erkenntnesser aus der Katastroph mam Apollo 1, 40 % Stéckstoff bäigemëscht. U Bord si weiderhi Landkaarte vum Mound a vun der Äerd, Stärekaarte fir d'Navigatioun an Orbitkaarten fir all eenzel Missiounsphas.

Am CM war Plaz fir ungeféier 2 m³ pro Astronaut.

Heck[änneren | Quelltext änneren]

Um Heck vum CM sinn 10 weider Steierdüse vum Lagekontrollsystem fir den neien Antrëtt an d'Äerdatmosphär, den Dreifstoff dofir an och Helium- a Waassertanken ënnerbruecht.

Déi eenzel Apollo-Raumschëffer[änneren | Quelltext änneren]

Block I
Serienummer gebraucht fir Startdatum Verbleiw
CSM-001 Testgerät méiglecherweis verschrott
CSM-002 A-004 20. Januar 1966 Kommandokapsel ausgestallt an der Cradle of Aviation, Long Island, New York
CSM-004 statesch Tester, Hëtzetester verschrottet
CSM-006 verschrott
CSM-007 verschidden Tester, ë. a. akustesch Vibratiounen a Faaltester Kommandokapsel ausgestallt am Museum of Flight, Seattle, Washington
CSM-008 fir Hëtzt- a Vakuumtester verschrott
CSM-009 AS-201 a Faaltester 26. Februar 1966 Kommandokapsel ausgestallt am Strategic Air & Space Museum, Ashland, Nebraska
CSM-010 Kommandokapsel ausgestallt am U.S. Space & Rocket Center, Huntsville, Alabama
CSM-011 AS-202 25. August 1966 Kommandokapsel ausgestallt am National Air & Space Museum, Washington D.C.
CSM-012 Apollo 1; Kommandokapsel duerch Feier zerstéiert Kommandokapsel am Langley Research Center, Hampton, Virginia
CSM-014 Kommandokapsel demontéiert am Kader vun der Apollo-1-Ënnersichung. Service Module (SM-014) geflunn mat Apollo 6 4. Abrëll 1968
CSM-017 Apollo 4 9. November 1967 Kommandokapsel ausgestallt am Stennis Space Center, Bay St. Louis, Mississippi
CSM-020 CM-020 gouf zesumme mat SM-014 fir Apollo 6 gebraucht, nodeem SM-020 duerch eng Explosioun zerstéiert gouf 4. Abrëll 1968 Kommandokapsel ausgestallt am Fernbank Science Center, Atlanta
Block II
Serienummer gebraucht fir Startdatum Verbleiw
CSM-098 fir Hëtzt- a Vakuumtester Raumschëff ausgestallt am Academy of Science Museum, Moskau (evtl. steet do awer och nëmmen ee Modell)
CSM-099 Belaschtungstester evtl. verschrott, vielläicht awer och zerluet am National Air & Space Museum, Washington D.C.
CSM-100 Belaschtungstester evtl. am National Air & Space Museum, Washington D.C.
CSM-101 Apollo 7 11. Oktober 1968 Kommandokapsel ausgestallt am National Museum of Science & Technology, Ottawa, Kanada
CSM-102 Testinstrument am Kennedy Space Center evtl. am National Air and Space Museum, Washington D.C.
CSM-103 Apollo 8 21. Dezember 1968 Kommandokapsel ausgestallt am Museum of Science and Industry zu Chicago
CSM-104

Gumdrop

Apollo 9 3. Mäerz 1969 Kommandokapsel ausgestallt am San Diego Aerospace Museum
CSM-105 Vibratiounstester an Demonstratioun fir Apollo-Sojus-Projet Kommandokapsel ausgestallt am National Air and Space Museum, Washington D.C. als Apollo-Sojus-Projet
CSM-106

Charlie Brown

Apollo 10 18. Mee 1969 Kommandokapsel ausgestallt am Science Museum, London
CSM-107

Columbia

Apollo 11 16. Juli 1969 Kommandokapsel ausgestallt am National Air & Space Museum, Washington D.C.
CSM-108

Yankee Clipper

Apollo 12 14. November 1969 Kommandokapsel ausgestallt am Virginia Air & Space Center, Hampton, Virginia
CSM-109

Odyssey

Apollo 13 11. Abrëll 1970 Kommandokapsel ausgestallt am Kansas Cosmosphere and Space Center
CSM-110

Kitty Hawk

Apollo 14 31. Januar 1971 Kommandokapsel ausgestallt am United States Astronaut Hall of Fame, Titusville, Florida
CSM-111 Apollo-Sojus-Projet 15. Juli 1975 Kommandokapsel ausgestallt am Kennedy Space Center Visitor's Complex
CSM-112

Endeavour

Apollo 15 26. Juli 1971 Kommandokapsel ausgestallt am National Museum of the United States Air Force, Wright-Patterson Air Force Base, Dayton, Ohio
CSM-113

Casper

Apollo 16 16. Abrëll 1972 Kommandokapsel ausgestallt am U.S. Space & Rocket Center, Huntsville, Alabama
CSM-114

America

Apollo 17 7. Dezember 1972 Kommandokapsel ausgestallt am Lyndon B. Johnson Space Center, Houston, Texas
CSM-115 - Net fäerdeg gestallt. Ausgestallt als Deel vun der Saturn V am Lyndon B. Johnson Space Center, Houston
CSM-115a - net fäerdeg gestallt
CSM-116 Skylab 2 25. Mee 1973 Kommandokapsel ausgestallt am National Museum of Naval Aviation, Pensacola, Florida
CSM-117 Skylab 3 28. Juli 1973 Kommandokapsel ausgestallt am Glenn Research Center, Cleveland, Ohio
CSM-118 Skylab 4 16. November 1973 Kommandokapsel ausgestallt am National Air & Space Museum, Washington D.C.
CSM-119 Bereet gehalen als Rettungsraumschëff fir de Skylab an als Reserve fir d'Apollo-Sojus-Projet Ausgestallt am Kennedy Space Center

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Apollo (Raumschëff) – Biller, Videoen oder Audiodateien