Op den Inhalt sprangen

Frank Borman

Vu Wikipedia
Frank Borman
Gebuertsnumm Frank Frederick Borman II
Gebuer 14. Mäerz 1928
Gary
Gestuerwen 7. November 2023
Billings
Doudesursaach Hiereschlag
Nationalitéit USA
Educatioun California Institute of Technology,
United States Military Academy,
Harvard Business School
Aktivitéit Testpilot, Astronaut, Autobiograph, Pilot

De Frank Frederick Borman, II, gebuer de 14. Mäerz 1928 zu Gary, Indiana, USA a gestuerwen de 7. November 2023 zu Billings, Montana, USA, war en amerikaneschen Astronaut.

Nodeem de Borman 1950 op der Militärakademie zu West Point e Loftfaarttechnikstudium ofgeschloss hat, war hie bis 1953 Kampfpilot vun der Loftwaff op de Philippinnen. Duerno huet hie jonk Piloten an Georgia an am Arizona ausgebilt. 1957 krut de Borman e Master an der Loft- a Raumfaart. Duerno huet hie bis 1960 als Assistentprofesser zu West Point Thermodynamik a Fluidmechanik geléiert. Du koum hien nees an de Cockpit zeréck op der Edwards Air Force Base a Kalifornien: fir d'éischt an der Ausbildung zum Testpilot, duerno als Instrukter.

De 17. September 1962 gouf hie vun der NASA fir déi zweet Astronautegrupp erausgesicht. Als Spezialaufgab hat hien d'Rakéiten, déi d'Raumschëffer an d'Äerdëmlafbunn brénge sollten, iwwerholl.

Enn 1963 war de Borman als Ersatzpilot fir den éischte Fluch vu Gemini 3 virgesinn. Duerch d'Fluchonfäegkeet vum virgesinnene Gemini-3-Kommant Alan Shepard an d'Verrécklung vun de Missiounsprofiler gouf de Borman dann awer Ersatz-Kommandant vu Gemini 4, wat dem Publik de 27. Juli 1964 matgedeelt gouf.

Nom erfollegräiche Fluch am Juni 1965, gouf de Borman zum Kommandant vu Gemini 7 nominéiert. De Borman war domat nom James McDivitt den zweeten NASA-Astronaut, deem scho beim éischte Fluch de Kommando iwwer e Méipersouneraumschëff iwwerdroe gouf. Zesumme mam Jim Lovell hat hie vum 4. Dezember bis den 18. Dezember 1965 d'Äerd ëmkreest, e Laangzäitrekord, deen eréischt 1970 gebrach gouf.

Den 29. September 1966 gouf hien als Ersatzkommandant fir den zweete bemannten Apollo-Fluch agedeelt, mä dëse Fluch gouf schonn e puer Woche spéider nees gestrach, well et en onnéidege gewiescht wier.

No der Katastroph vun Apollo 1, bei deem dräi Astronauten ëm d'Liewe koumen, war de Frank Borman Member bei der Ënnersuchungskommissioun. Hie krut uschléissend d'Aufgab, d'Team fir den Ëmbau vun der Apollo-Kommandokapsel ze leeden.

Nodeem d'NASA d'Pläng fir bemannt Weltraumflich nees opgeholl hat, goufen den 20. November 1967 d'Andeelunge fir den zweeten an drëtten Apollofluch (Missiounen D an E) bekannt gemaach. De Borman war als Kommandant fir d'Missioun E virgesinn. Zesumme mat him goufen de Michael Collins an den William Anders agedeelt. Dat sollt den éischte bemannte Fluch vun der neier Rakéit Saturn V ginn a bis zu 11 Deeg daueren.

Am Summer 1968 hat sech ofgezeechent, datt d'Moundlandefähr, déi am zweete bemannten Apollofluch (Missioun D) getest sollt ginn, net mat Zäiten asazbereet kéint sinn. Am August huet d'NASA entscheet, d'Missioun E virzezéien an den Team vum Borman als Missioun C' de Mound ëmronden ze loossen. De Michael Collins, deen eng Operatioun viru sech hat gouf duerch den Jim Lovell ersat.

Nodeem d'Missioun C (Apollo 7) erfollegräich verlaf war, huet d'NASA den 10. November entscheet, datt d'Crew vum Borman déi éischt sollt sinn, déi op de Mound flitt. Den historesche Fluch vun Apollo 8 hat den 21. Dezember 1968 ugefaangen an hat siwen Deeg gedauert. Fir de Borman war dat den zweeten a leschte Raumfluch. Hie war ee vun de wéinegen Astronaute vum Gemini- an Apollo-Projet, déi selwer ni als Verbindungsspriecher (Capcom) geschafft haten.

Am Juli 1969, kuerz virun der Moundlandung vun Apollo 11 hat de Borman offiziell d'Sowjetunioun besicht. Hie gouf dobäi vu senger Fra a sengem zwéi Bouwe begleet. De Borman hat de Leeder vun der sowjetescher bemannter Raumfaart, den Nikolai Kamanin getraff, an d'Kosmonaute Feoktistow, Titow, Schatalow, Volynow, Beregowoi an d'Tereschkowa.

Den 1. Juli 1970 huet de Frank Borman der NASA Äddi gesot a goung bei d'amerikanesch Fluchgesellschaft Eastern Airlines, am Ufank als Vizepresident, a vun 1976 als President.

1986 huet hie bei Eastern opgehalen. Hien huet sech dono mat der Restauréierung vu Fligere beschäftegt.

De Borman gouf als zweeten Astronaut mat der Congressional Space Medal of Honor dekoréiert.

Hien ass Member an der National Aviation Hall of Fame, an där nëmme wéineg Astronaute Member sinn.

1968 war hie mat senge Komerode vun Apollo 8 Mann vum Joer vum Time Magazine.

Portal Astronomie

Commons: Frank Borman – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]