Edwards Air Force Base

Vu Wikipedia
Edwards Air Force Base
Bléck iwwer en Deel vun der Airbase
Kategorie Fluchhafen
Dréier United States Air Force
Standplaz vun der Ariichtung Los Angeles
Art vu Fuerschung ugewannt Militärfligerei Astronautik
Gebaut 1933
Gegrënnt 1942 (als Air Base)
Leedung Air Force Materiel Command
Homepage Edwards Air Force Base
Koordinaten 34° 54’ 20’’ N
      117°° 53’ 01’’ W

D'Edwards Air Force Base ass eng Loftwaffebasis vun der United States Air Force am Antelope Valley no bei Lancaster a Kalifornien. Si läit ronn 100 km nërdlech vu Los Angeles. Mat hiren ausgedeente Pisten op dem ausgedrëchnete Séi Rogers Dry Lake ass si duerch déi do ausgefouerten Testflich vu verschiddene Fligertyppen an als Landeplaz vum Space Shuttle weltwäit bekannt ginn.

De ronn 74 km² grousse Stëtzpunkt gëtt vun der US-Air Force an der NASA benotzt, déi do hiren Dryden Flight Research Center bedreift. D'USAF schafft op hirem Air Force Flight Test Center (AFFTC) un Entwécklungen an Tester vu bemannten an onbemannten Loftgefierer, inklusiv vun deenen hirer Avionik. Déi zweet bedeitend Ariichtung vun der US-Loftwaff ass hir Testpilote-Schoul.

D'Standard-Start- a Landebunn ass eng 4.580 Meter laang Bëtongspiste (04/22), awer déi ganz glat a flaach Buedemfläch vum ausgedréchnete Séi erlaabt och Landungen um kompletten Terrain. Orientéierung fir d'Piloten ass um Séibuedem eng Wandrous mat 1220 Meter Duerchmiesser. Zousätzlech si ronn 20 verschidde Landebunne markéiert, déi längst dovun, Landebunn 17/35, ass 11.920 m x 275 m grouss. D'Airbase war ronn 50-mol d'Standardlandeplaz fir d'Shuttle-Missiounen. Fir d'lescht war do am September 2009 d'Discovery am Kader vun der Missioun STS-128 gelant.

Op der Edwards Air Base ass och de Birk Flight Test Center op deem am August 2011 Tester mam onbemannte Global-Hawk-Fliger gemaach goufen.

Nordwestlech vun der Base läit de Mojave Air & Space Port.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Ufanks als Muroc Army Air Field a spéider als Muroc Army Air Force Base bezeechent, gouf se den 8. Dezember 1949 nom Testpilot Glen Edwards genannt, deen als Kopilot vum Prototyp Northrop YB-49 de 5. Juni 1948 op där Plaz déidlech verongléckt war.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Edwards Air Force Base – Biller, Videoen oder Audiodateien