Op den Inhalt sprangen

Discovery (Raumfär)

Vu Wikipedia
De Space Shuttle kuerz no der Dreifwierkzündung – Start vun der Discovery fir d'Missioun STS-95 vum Kennedy Space Center (1998)
D'Discovery an hir Missiounen

De Bau vun der Raumfär Discovery (fir Entdeckung) war den 12. August 1983 fäerdeg a si hat hiren éischte Fluch am August/September 1984 (STS-41-D). Mat der Landung vum 9. Mäerz 2011 hat d'Raumfär hir lescht Missioun STS-133 absolvéiert. Mat 39 Flich iwwer den Zäitraum vu 27 Joer ass d'Discovery dat Weltraumgefier dat am meeschten agesat gouf.

D'Discovery ass nom Segler Discovery, engem vun de Schëffer vum James Cook genannt, a mat deem hie 1778 Hawaii entdeckt huet.

Déi intern Bezeechnung fir de Space Shuttle ass OV-103, woubäi OV fir Orbiter Vehicle steet. Mat 39 Flich hat d'Discovery méi Flich wéi all iwwereg Orbiter gemaach. Ausserdeem gouf si all Kéier fir den éischte Fluch no den Onglécker vun der Challenger an der Columbia ausgewielt.

1990 huet d'Discovery den Hubble-Weltraumteleskop an de Raum bruecht.

Groussen Interessi krut 2005 d'Missioun STS-114, den éischte Fluch vun engem Shuttle no der Columbia-Katastroph am Joer 2003. Och bei dësem Fluch gouf et e puer Pannen, wat nees zu enger Ënnerbriechung vun de Shuttle-Flich gefouert hat.

Am Juli 2006 hat d'Discovery mat der Missioun STS-121 e weideren erfollegräiche Ravitaillementsfluch op d'International Raumstatioun (ISS) absolvéiert.

Am Mee/Juni 2008 huet den Orbiter d'Missioun STS-124 gemaach. Dee mat siwe Mann besate Shuttle huet den 2. Juni 2008 un der ISS ugedockt. D'Haaptaufgab vun der Missioun war fir de japanesche Laboratoiresmodul Kibō op d'ISS ze bréngen. Ausserdeem huet de Shuttle Ersatzstécker fir d'Reparatur vun der futisser Weltraumtoilette matgeholl.

Den 29. August 2009 ass d'Discovery mat dem Multi-Purpose Logistics Module Leonardo gestart, fir Reserven a Material op d'ISS ze liwweren.

De 24. Februar 2011 um 22:53 Auer ass de Shuttle no 27 Déngschtjoer bei der STS-133-Missioun fir d'lescht gestart. De 26. Februar 2011, huet s'um 20:14 Auer, un der ISS ugedockt a war dem 9. Mäerz 2011 um 17:57 Auer fir d'lescht op der Pist vum Kennedy Space Center a Florida gelant. D'Discovery ass mat zirka 230 Millioune Kilometer déi am wäitste gereest Raumfär vun der NASA-Shuttleflott.

Zanter dem 19. Abrëll 2012 steet d'Discovery als Muséesstéck am James S. McDonnell Space Hangar am Steven F. Udvar-Hazy Center vum Smithsonian-Institut an der Géigend vum Washington Dulles International Airport. Do huet si de Prototyp vun de Space Shuttlen, d'Enterprise, ersat.

Nr. Start Bezeechnung Logo Crew
130. August 1984STS-41-DLogo vum STS-41-DHenry Hartsfield, Michael Coats, Judith Resnik, Steven Hawley, Richard Mullane, Charles Walker
28. November 1984STS-51-ALogo vum STS-51-AFrederick Hauck, David Walker, Anna Fisher, Dale Gardner, Joseph Allen
324. Januar 1985STS-51-CLogo vum STS-51-CThomas Mattingly, Loren Shriver, James Buchli, Ellison Onizuka, Gary Payton
412. Abrëll 1985STS-51-DLogo vum STS-51-DKarol Bobko, Donald Williams, Rhea Seddon, Jeffrey Hoffman, David Griggs, Charles Walker, Jake Garn
517. Juni 1985STS-51-GLogo vum STS-51-GDaniel Brandenstein, John Creighton, Shannon Lucid, John Fabian, Steven Nagel, Patrick Baudry, Salman bin Abdulaziz Al Saud
627. August 1985STS-51-ILogo vum STS-51-IJoe Engle, Richard Covey, James van Hoften, John Lounge, William Fisher
729. September 1988STS-26Logo vum STS-26Frederick Hauck, Richard Covey, John Lounge, George Nelson, David Hilmers
813. Mäerz 1989STS-29Logo vum STS-29Michael Coats, John Blaha, James Bagian, James Buchli, Robert Springer
923. November 1989STS-33Logo vum STS-33Frederick Gregory, John Blaha, Story Musgrave, Manley Carter, Kathryn Thornton
1024. Abrëll 1990STS-31Logo vum STS-31Loren Shriver, Charles Bolden, Steven Hawley, Bruce McCandless, Kathryn Sullivan
116. Oktober 1990STS-41Logo vum STS-41Richard Richards, Robert Cabana, William Shepherd, Bruce Melnick, Thomas Akers
1228. Abrëll 1991STS-39Logo vum STS-39Michael Coats, Blaine Hammond, Guion Bluford, Gregory Harbaugh, Richard Hieb, Donald McMonagle, Charles Veach
1312. September 1991STS-48Logo vum STS-48John Creighton, Kenneth Reightler, James Buchli, Charles Gemar, Mark Brown
1422. Januar 1992STS-42Logo vum STS-42Ronald Grabe, Stephen Oswald, Norman Thagard, David Hilmers, William Readdy, Roberta Bondar, Ulf Merbold
152. Dezember 1992STS-53Logo vum STS-53David Walker, Robert Cabana, Guion Bluford, James Voss, Michael Clifford
168. Abrëll 1993STS-56Logo vum STS-56Kenneth Cameron, Stephen Oswald, Michael Foale, Kenneth Cockrell, Ellen Ochoa
1712. September 1993STS-51Logo vum STS-51Frank Culbertson, William Readdy, James Newman, Daniel Bursch, Carl Walz
183. Februar 1994STS-60Logo vum STS-60Charles Bolden, Kenneth Reightler, Jan Davis, Ronald Sega, Franklin Chang-Diaz, Sergei Krikaljow
199. September 1994STS-64Logo vum STS-64Richard Richards, Blaine Hammond, Jerry Linenger, Susan Helms, Carl Meade, Mark Lee
203. Februar 1995STS-63Logo vum STS-63James Wetherbee, Eileen Collins, Michael Foale, Janice Voss, Bernard Harris, Wladimir Titow
2113. Juli 1995STS-70Logo vum STS-70Terence Henricks, Kevin Kreegel, Nancy Currie, Donald Thomas, Mary Weber
2211. Februar 1997STS-82Logo vum STS-82Kenneth Bowersox, Scott Horowitz, Mark Lee, Steven Hawley, Gregory Harbaugh, Steven Smith, Joseph Tanner
237. August 1997STS-85Logo vum STS-85Curtis Brown, Kent Rominger, Jan Davis, Robert Curbeam, Stephen Robinson, Bjarni Tryggvason
242. Juni 1998STS-91Logo vum STS-91Charles Precourt, Dominic Gorie, Wendy Lawrence, Franklin Chang-Diaz, Janet Kavandi, Waleri Rjumin
2529. Oktober 1998STS-95Logo vum STS-95Curtis Brown, Steven Lindsey, Scott Parazynski, Stephen Robinson, Pedro Duque, Chiaki Mukai, John Glenn
2627. Mee 1999STS-96Logo vum STS-96Kent Rominger, Rick Husband, Daniel Barry, Tamara Jernigan, Ellen Ochoa, Julie Payette, Waleri Tokarew
2720. Dezember 1999STS-103Logo vum STS-103Curtis Brown, Scott Kelly, Steven Smith, Michael Foale, John Grunsfeld, Claude Nicollier, Jean-François Clervoy
2811. Oktober 2000STS-92Logo vum STS-92Brian Duffy, Pamela Melroy, Leroy Chiao, Michael López-Alegría, William McArthur, Kōichi Wakata, Peter Wisoff
298. Mäerz 2001STS-102Logo vum STS-102James Wetherbee, James Kelly, Paul Richards, Andrew Thomas
3010. August 2001STS-105Logo vum STS-105Scott Horowitz, Frederick Sturckow, Daniel Barry, Patrick Forrester
3126. Juli 2005STS-114Logo vum STS-114Eileen Collins, James Kelly, Charles Camarda, Wendy Lawrence, Noguchi Sōichi, Stephen Robinson, Andrew Thomas
324. Juli 2006STS-121Logo vum STS-121Steven Lindsey, Mark Kelly, Michael Fossum, Piers Sellers, Lisa Nowak, Stephanie Wilson
3310. Dezember 2006STS-116Logo vum STS-116Mark Polansky, William Oefelein, Robert Curbeam, Nicholas Patrick, Joan Higginbotham, Christer Fuglesang
3423. Oktober 2007STS-120Logo vum STS-120Pamela Melroy, George Zamka, Scott Parazynski, Stephanie Wilson, Douglas Wheelock, Paolo Nespoli
3531. Mee 2008STS-124Logo vum STS-124Mark Kelly, Kenneth Ham, Karen Nyberg, Ronald Garan, Michael Fossum, Akihiko Hoshide
3615. Mäerz 2009STS-119Logo vum STS-119Lee Archambault, Dominic Antonelli, Joseph Acaba, Richard Arnold, John Phillips, Steven Swanson
3729. August 2009STS-128Logo vum STS-128Frederick Sturckow, Kevin Ford, John Olivas, Patrick Forrester, José Hernández, Christer Fuglesang
385. Abrëll 2010STS-131Logo vum STS-131Alan Poindexter, James Dutton, Rick Mastracchio, Clayton Anderson, Dorothy Metcalf-Lindenburger, Stephanie Wilson, Naoko Yamazaki
3924. Februar 2011STS-133Logo vum STS-133Steven Lindsey, Eric Boe, Steve Bowen, Benjamin Drew, Michael Barratt, Nicole Stott

Portal Astronomie

 Commons: Space Shuttle Discovery – Biller, Videoen oder Audiodateien