Op den Inhalt sprangen

Columbia (Raumfär)

Vu Wikipedia
D'Columbia virun hirem éischte Fluch den 12. Abrëll 1981
D'Landung vun der Columbia op der Edwards Air Force Base no der Missioun STS-1
D'Columbia gëtt op engem spezielle Kettegefier op d'Startramp vum Kennedy Space Center gefouert (Mäerz 1998)

D'Raumfär Columbia war den éischte Space Shuttle vun der NASA, dee méi dacks benotzt konnt ginn. Am Mäerz 1979 gouf de Shuttle fäerdeggestallt. Den 12. Abrëll 1981 war de Start vum STS-1 fir den éischte Fluch vun engem Spaceshuttle. Déi intern Bezeechnung war OV-102, woubäi OV fir Orbiter Vehicle steet. D'Columbia war den 1. Februar 2003 bei hirem 28. Weltraumasaz (Missioun STS-107) beim Neesantrëtt an d'Äerdatmosphär auseneegebrach. Déi siwe Crewmembere koumen dobäi all ëm d'Liewen.

D'Raumfär gouf – wéi d'Entdeckerschëff vum amerikanesche Séifuerer Robert Gray an d'Kommandokapsel vun Apollo 11 – no der poetescher Bezeechnung vun Nordamerika aus dem 18. Joerhonnert genannt. D'Columbia war ausserdeem déi weiblech Personifizéierung vun den USA.

Den 12. Abrëll 1981 huet d'Columbia mam Fluch STS-1 den éischten Asaz vun engem Space Shuttle am Weltraum ënner dem Kommando vum John Young absolvéiert. Et war déi éischt Kéier an der Geschicht vun der NASA, datt en neit Raumschëff ouni onbemannt Tester gestart gouf. Ofgesi vu Schied un den Hëtzschutzplättercher war den éischte Fluch vum Space Shuttle reiwungslos ofgelaf.

Déi nächst véier Space-Shuttle-Flich goufen och mat der Columbia gemaach. Zu de spéidere Missiounen hunn ënner anerem déi drëtt Hubble-Servicing Mission STS-109 souwéi déi däitsch D2-Missioun mam Spacelab gehéiert. Well si wéinst hirer schwéierer Bauweis eppes manner Notzlaascht konnt droen an net mat engem Undockadapter fir d'International Raumstatioun ausgerëscht war, gouf si an der Lescht virun allem fir déi Missioune benotzt, bei deenen d'ISS net ugeflu gouf.

  Haaptartikel zu dësem Theema: STS-107 

D'Columbia war um Réckwee vun hirer 28. Missioun (STS-107) op de Kennedy Space Center, der US-Weltraumgare, wou si den 1. Februar 2003 géint 8:59 Auer Uertszäit (14:59 Auer MEZ) an zirka 63,13 km Héicht iwwer Texas bei enger Vitess vun ongeféier Mach 18,3 respektiv 20117 km/h auseneegebrach ass. D'Ursaach war eng Iwwerhëtzung bannen an den Drofläche bis zum Schmëlze vum Material, wéinst engem Lach am Hëtzschëld, dat duerch en ofgerappte Schaumstoffdeel beim Start entstane war. Bei dësem Accident hunn déi siwe Crewmemberen all hiert Liewe verluer.

D'Columbia ass no der Challenger déi zweet NASA-Raumfähr, déi wärend enger Missioun total beschiedegt gouf. Och bei der Challenger-Katastroph war d'Crew gestuerwen.

Nr. Start Bezeechnung Emblem Crew
112. Abrëll 1981STS-1Logo vun STS-1John Young, Robert Crippen
212. November 1981STS-2Logo vum STS-2Joe Engle, Richard Truly
322. Mäerz 1982STS-3Logo vum STS-3Jack Lousma, Gordon Fullerton
427. Juni 1982STS-4Logo vum STS-4Thomas Mattingly, Henry Hartsfield
511. November 1982STS-5Logo vum STS-5Vance Brand, Robert Overmyer, Joseph Allan, William Lenoir
628. November 1983STS-9Logo vum STS-9John Young, Brewster Shaw, Owen Garriott, Robert Parker, Byron Lichtenberg, Ulf Merbold
712. Januar 1986STS-61-CLogo vum STS-61-CRobert Gibson, Charles Bolden, Franklin Chang-Diaz, Steven Hawley, George Nelson, Robert Cenker, William Nelson
88. August 1989STS-28Logo vum STS-28Brewster Shaw, Richard Richards, James Adamson, David Leestma, Mark Brown
99. Januar 1990STS-32Logo vum STS-32Daniel Brandenstein, James Wetherbee, Bonnie Dunbar, David Low, Marsha Ivins
102. Dezember 1990STS-35Logo vum STS-35Vance Brand, Guy Gardner, Jeffrey Hoffman, John Lounge, Robert Parker, Samuel Durrance, Ronald Parise
115. Juni 1991STS-40Logo vum STS-40Bryan O'Connor, Sidney Gutierrez, James Bagian, Tamara Jernigan, Rhea Seddon, Drew Gaffney, Millie Hughes-Fulford
1225. Juni 1992STS-50Logo vum STS-50Richard Richards, Kenneth Bowersox, Bonnie Dunbar, Ellen Baker, Carl Meade, Lawrence DeLucas, Eugene Trinh
1322. Oktober 1992STS-52Logo vum STS-52James Wetherbee, Michael Baker, Charles Veach, William Shepherd, Tamara Jernigan, Steven MacLean
1426. Abrëll 1993STS-55Logo vum STS-55Steven Nagel, Terence Henricks, Jerry Ross, Charles Precourt, Bernard Harris, Ulrich Walter, Hans Schlegel
1518. Oktober 1993STS-58Logo vum STS-58John Blaha, Richard Searfoss, Rhea Seddon, William S. McArthur, David Wolf, Shannon Lucid, Martin Fettman
164. Mäerz 1994STS-62Logo vum STS-62John Casper, Andrew Allen, Pierre Thuot, Charles Gemar, Marsha Ivins
178. Juli 1994STS-65Logo vum STS-65Robert Cabana, James Halsell, Richard Hieb, Carl Walz, Leroy Chiao, Donald Thomas, Chiaki Mukai
1820. Oktober 1995STS-73Logo vum STS-73Kenneth Bowersox, Kent Rominger, Kathryn Thornton, Catherine Coleman, Michael López-Alegría, Fred Leslie, Albert Sacco
1922. Februar 1996STS-75Logo vum STS-75Andrew Allen, Scott Horowitz, Franklin Chang-Diaz, Maurizio Cheli, Jeffrey Hoffman, Claude Nicollier, Umberto Guidoni
2020. Juni 1996STS-78Logo vum STS-78Terence Henricks, Kevin Kreegel, Susan Helms, Richard Linnehan, Charles Brady, Jean-Jacques Favier, Robert Thirsk
2119. November 1996STS-80Logo vum STS-80Kenneth Cockrell, Kent Rominger, Tamara Jernigan, Thomas Jones, Story Musgrave
224. Abrëll 1997STS-83Logo vum STS-83James Halsell, Susan Still-Kilrain, Janice Voss, Donald Thomas, Michael Gernhardt, Roger Crouch, Gregory Linteris
231. Juli 1997STS-94Logo vum STS-94James Halsell, Susan Still-Kilrain, Janice Voss, Donald Thomas, Michael Gernhardt, Roger Crouch, Gregory Linteris
2419. November 1997STS-87Logo vum STS-87Kevin Kreegel, Steven Lindsey, Winston Scott, Kalpana Chawla, Takao Doi, Leonid Kadenjuk
2513. Abrëll 1998STS-90Logo vum STS-90Richard Searfoss, Scott Altman, Richard Linnehan, Dafydd Williams, Kathryn Hire, Jay Buckey, James Pawelczyk
2623. Juli 1999STS-93Logo vum STS-93Eileen Collins, Jeffrey Ashby, Steven Hawley, Catherine Coleman, Michel Tognini
271. Mäerz 2002STS-109Logo vum STS-109Scott Altman, Duane Carey, John Grunsfeld, Nancy Currie, James Newman, Richard Linnehan, Michael Massimino
2816. Januar 2003STS-107Logo vum STS-107Rick Husband, William McCool, Michael Anderson, Kalpana Chawla, David Brown, Laurel Clark, Ilan Ramon

Portal Astronomie

 Commons: Raumfähr Columbia – Biller, Videoen oder Audiodateien