John Glenn
John Glenn | |
---|---|
Gebuertsnumm | John Herschel Glenn |
Gebuer | 18. Juli 1921 |
Gestuerwen | 8. Dezember 2016 |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | United States Naval Test Pilot School |
Aktivitéit | Politiker, Offizéier, Testpilot, Dréibuchauteur, Pilot, Astronaut, Astronaut, Geschäftspersoun, Manager, Museker, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller |
Partei | Democratic Party |
Member vun | American Academy of Arts and Sciences |
Den John Herschel Glenn Jr., gebuer den 18. Juli 1921 zu Cambridge, am Ohio, a gestuerwen den 8. Dezember 2016 zu Columbus, am Ohio, war en US-amerikaneschen Offizéier vun de Marines, Testpilot, Astronaut an US-Senator. Hie war 1962 den éischten Amerikaner, deen d'Äerd an engem Raumschëff ëmkreest huet.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]De Glenn war 1943 bei d'Marines affektéiert ginn a war am Zweete Weltkrich souwéi spéider am Koreakrich Kampfpilot a blouf als Testpilot bei de Marines. Am Juli 1957 huet hien en neie Vitessrekord opgestallt, wéi hie mat enger Vought F8U-1P an dräi Stonnen an 23 Minutte vu Los Angeles op New York geflunn ass, den éischten Transkontinentalfluch mat Iwwerschallvitess. (Duerchschnëttsvitesse Mach 1,1).
Vun Abrëll 1959 war hien Astronaut bei der NASA am Kader vum Mercury-Programm. Fir déi suborbital Flich vu Mercury-Redstone 3 a Mercury-Redstone 4 stoung hien als Ersatzpilot zur Dispositioun an huet dobäi d'Astronauten Alan Shepard a Virgil Grissom ënnerstëtzt, an huet hinne gehollef, an dat klengt Mercury-Raumschëff eranzeklammen a lescht Tester ze maachen. Den 20. Februar 1962 ass hien als Pilot un der Spëtzt vun enger Atlas-Rakéit vun der Cape Canaveral Air Force Station a Florida fir d'Missioun Friendship 7 gestart. Hien huet domat als éischten US-Amerikaner dräimol d'Äerd ëmkreest. D'Missioun hat véier Stonnen, 55 Minutten an 23 Sekonne gedauert.
Nom Fluch gouf de Glenn zum amerikaneschen Idol opgebaut. De President John F. Kennedy huet eng ëffentlechkeetswierksam Frëndschaft mat him gefleegt, huet awer heemlech kommandéiert, datt de Glenn keng weider Raumflich absolvéieren däerft, fir d'Liewe vum Idol net op d'Spill ze setzen. 1964 huet de Glenn d'NASA verlooss a gouf Geschäftsdirekter vun enger Gedrénksfirma.[1]
Den 30. Mee 1966 war de John Glenn zu Besuch zu Lëtzebuerg an huet do vir d'éischt den Amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm besicht a war duerno als Gaascht um Memorial Day zu Ettelbréck dobäi, wou en als Held gefeiert gouf.[2]
1970 hat hien d'Wal zum Senator am Senat vun der USA verluer, konnt awer 1974 d'Wal fir sech entscheeden. 1980 gouf hie mat vill Stëmmen zeréckgewielt, och sou an de Joren 1986 an 1992. De Glenn huet d'Interesse vu sengem Heemechtsstad Ohio bis 1999 vertrueden. 1984 hat hie sech ëmsoss als Presidentschaftskandidat vun der Demokratescher Partei ugebueden.
Vum 29. Oktober bis de 7. November 1998 war de Glenn am Kader vun der Space-Shuttle-Missioun STS-95 mat der Raumfär Discovery nees am Weltraum, wou hien déi Kéier d'Äerd 134-mol ëmkreest hat. Dobäi sollt ënnersicht ginn, wéi sech d'Schwéierelosegkeet op al Mënschen auswierkt. Mat 77 Joer hält hien domat de Rekord als eelste Raumfuerer am Orbit souwéi mat 36 Joer déi gréisst Zäitspan tëscht zwéi Raumflich. Nom Doud vum Scott Carpenter war hien zanter dem 11. Oktober 2013 deen eenzege Mercury-Astronaut deen nach gelieft huet.
Den 1. Mäerz 1999 gouf den NASA John H. Glenn Research Center at Lewis Field no him genannt.
Den John Glenn war Member am Bond vun de Fräimaurer (Concord Lodge # 688 New Concord, Ohio).[3],[4]
Zesummefaassung vun de Raumflich
[änneren | Quelltext änneren]Nr | Missioun | Funktioun | Fluchdatum | Fluchdauer |
---|---|---|---|---|
1 | Mercury-Atlas 6 | Kommandant | 20. Februar 1962 | 4h 55min |
2 | STS-95 | Notzlaaschtspezialist | 29. Oktober bis 7. November 1998 | 8d 21h 43min |
Besonnesches a Rekorder
[änneren | Quelltext änneren]- Éischten Transkontinentalfluch mat Iwwerschallvitesse
- Éischten US-Amerikaner an enger Äerdëmlafbunn (Mercury-Atlas 6)
- Eelste Mënsch am Weltraum (STS-95)
- Eelsten nach liewende Raumfuerer
- Längst Zäitperiod tëscht zwéin Flich
Éierungen
[änneren | Quelltext änneren]De Glenn krut als véierten Astronaut d'Congressional Space Medal of Honor an 1976 gouf hien als éischte Raumfuerer an d'National Aviation Hall of Fame opgeholl. 2012 gouf de Glenn vum President Barack Obama mat der Presidential Medal of Freedom ausgezeechent, eng vun de béiden héchsten zivillen Auszeechnunge vun den USA.[5] 2013 gouf hie Member vun der American Academy of Arts and Sciences.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: John Glenn – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) JSC Oral History Project: Nidderschrëft vun engem NASA-Interview vun 1997, 27 Säiten, 65 KB am Portable Document Format (PDF)
- (en) NASA: Biographie
- spacefacts.de: Kuerzbiographie
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Peter Maxwill: US-Weltraumpionier John Glenn - Das Idol, das aus der Kapsel kam, Spiegel online, 16. Februar 2012
- ↑ Kim Meyer: Ettelbrück, ein wogendes Menschenmeer am Luxemburger Wort vum 10. Dezember 2016, S. 126
- ↑ Kupperberg, Paul (2003). John Glenn. New York: The Rosen Publishing Group. p. 96. ISBN 9780823944606. Retrieved July 24, 2009.
- ↑ Jon Glenn Fräimaurer op der Websäit vun der Lodge St. Patrick No.468, gekuckt den 9. Abrëll 2017.
- ↑ The White House: President Obama Names Presidential Medal of Freedom Recipients ((en), 26. Abrëll 2012, ofgeruff 30. Mee 2012)