Michael Collins (Astronaut)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Michael Collins
Michael collins.jpg
Land Flag of the United States.svg USA
Agentur NASA
Zuel vu Weltraumflich 2
Éischte Start 18. Juli 1966
Lescht Landung 24. Juli 1969
Baussebordaarbecht 38 min
1. Missioun Gemini 10
2. Missioun Apollo 11
NASA-Zäit 1963 - 1970

De Michael Collins, gebuer den 31. Oktober 1930 zu Roum) ass e fréiere US-amerikaneschen Astronaut. Hie war Pilot vun der Kommandokapsel vun Apollo 11 an huet domat den Äerdmound ëmkreest, während de Neil Armstrong an de Edwin „Buzz“ Aldrin als éischt Mënschen d'Mounduewerfläch betratt haten.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Michael Collins gouf zu Roum gebuer, wou säi Papp, den Arméioffizéier James Lawton Collins, Militärattaché war. De Michael goung zu Washington, D.C. an d'Saint Albans School an hat uschléissend un der Militärakademie zu West Point studéiert. 1952 krut hien do de Bachelor.

Dono ass hie bei d'United States Air Force gaangen. No senger Pilotenausbildung flog ass hie Kampfjets op verschiddene Stëtzpunkte vun der US-Loftwaff geflunn, ënner anerem och vu 1954 bis 1957 a Frankräich. Zréck an den USA huet hien als Instrukter geschafft a vu 1960 un als Testpilot op der Edwards Air Force Base a Kalifornien.

Éischt Erfaarungen mam Weltraum[änneren | Quelltext änneren]

De Collins hat sech fir déi zweet Astronautegrupp vun der NASA ugemellt, gouf awer net ugeholl. Bei der nächster Ronn huet hien nees matgemaach a war déi Kéier igeholl ginn. Hien huet zu de 14 Astronauten gehéiert, déi den 18. Oktober 1963 dem Publik virgestallt goufen.

Am Februar 1965 huet hien d'Spezialgebitt "Raumgezei a Weltraumbaussenaarbechten" iwwerholl. Dobäi war hien och un der Firmenauswiel bedeelegt, déi d'Raumgezei fir d'NASA entwéckelten. Am Juli 1965 gouf hien als Ersatzpilot fir de Laangzäit-Fluch vu Gemini 7 am Dezember agedeelt. De Collins war domat den éischten Astronaut vun der drëtter Grupp, dee fir e Raumfluch nominéiert gouf, hie koum awer net an den Asaz.

De 25. Januar 1966 hat d'NASA bekannt gemaach, datt de Michael Collins de Pilot vu Gemini 10 gëtt, ënner dem Kommando vum John Young. De Fluch war vum 18. Juli bis den 21. Juli 1966 a war den éischten, bei deem ausser enger Kopplung och e Baussebordasaz duerchgefouert goufen.

An der Äerdëmlafbunn hat de Collins d'Raumschëff verlooss, fir d'Äerd an d'Stären ze fotograféieren. En zweeten Baussebordasaz hat hien ënnerholl, fir vun engem Agena-Zilsatellit, deen zanter etleche Méintn am Orbit war, eng Plack fir d'Bestëmmung vu Mikrometeoroiden-Aktivitéit ze huelen. De Collins war domnat den éischten Astronaut, dee während enges Raumfluchs zweemol d'Raumschëff verlooss hat, an deen éischten, dee sech am Weltraum vun engem Fluchkierper zu engem aneren beweegt hat.

Asaz am Apollo-Projet[änneren | Quelltext änneren]

De Michael Collins während enger Apollo-11-Pressekonferenz

Den 29. September 1966 gouf de Collins fir d'Ersatzcrew vum zweete bemannten Apollofluch nominéiert, deen am Abrëll 1967 sollt starten. De Collins war agedeelt als Reserv fir de Walter Cunningham.

Den 22. Dezember 1966 gouf hien als Pilot vun engem Apollo-Raumschëff nominéiert, dat am Dezember 1967 ënner dem Kommando vum Frank Borman déi nei Moundlandefähr am Äerdorbit teste soll. Déi Pläng goufen awer wéinst der Apollo-1-Katastroph am Januar 1967 verhënnert.

Dee fir Dezember 1967 virgesinnene Fluch gouf op Dezember 1968 verluecht. Amplaz vun engem Moundfährtest sollt elo en Direktfluch zum Mound mat Apollo 8 duerchgefouert ginn. De Collins huet awer Mëtt 1968 aus gesundheetleche Grënn aus dem Team ausscheeden, well sech bei him Bandscheiweprobleemer am Halswirbelberäich entwéckelt haten, déi sech op seng Been ausgewierkt hunn. De Collins gouf operéiert an hat missen etlech Méint eng Halskraus droen. Während dem Fluch konnt de Collins awer vun Houston aus un der Fluchleedung als Intermédiaire (CapCom) matschaffen.

Enn 1968 war hien nees gesond a gouf als Pilot vun der Apollo-11-Kommandokapsel nonominéiert. De Buzz Aldrin, deen déi Aufgab eigentlech sollt iwwerhuelen, gouf doropshinn Pilot vun der Moundfähr. Deen ufanks dofir agedeelten Fred Haise koum an d'Ersatzcrew. Kommandant vun Apollo 11 sollt de Neil Armstrong ginn. Zu deem Zäitpunkt war nach net kloer, ob mat Apollo 11 déi éischt bemannte Moundlandung duerchgefpuert sollt ginn. Eréischt no den erfollegräiche Flich vun Apollo 9 und Apollo 10 gouf et gréng Luucht fir eng Moundlandung.

De Collins hat och d'Missiounszeechen vun Apollo 11, op deem en Adler um Mound lant, entworf. De Fluch vun Apollo 11 war vum 16. Juli bis zum 24. Juli 1969. Während den Armstrong an den Aldrin mat der Fähr Eagle um Äerdmound als éischt Mënsche gelant waren, blouf de Collins alleng am Orbit ëm de Mound.

Nom Apollo-11-Fluch bekoum de Collins d'Offerte, Ersatzkommandant vun Apollo 14 zu ginn, mat der Perspektiv, als Kommandant vun Apollo 17 selwer de Mound ze begoen. De Collins huet awer dozou ofgesot.

No der NASA[änneren | Quelltext änneren]

Empfang am Wäissen Haus den 21. Juli 2004 (v.l.n.r. Michael Collins, George W. Bush, Neil Armstrong, Buzz Aldrin)

De Collins hat d'NASA am Joer dono verlooss an huet vu Juni 1970 bis Abrëll 1971 als Staatssekretär fir Ëffentlechkeetsaarbecht (Assistant Secretary of State for Public Affairs) beim US-Ausseministère geschafft.

Dono gouf de Collins den éischten Direkter vum National Air and Space Museum vun der Smithsonian Institution zu Washington, D.C. Seng Aufgab bestoung doran, d'Pläng an de Bau vum neie Museesgebai virunzedreiwen. D'Aweiung war den 1. Juli 1976, kuerz virm 200-Joer-Jubiläeum vun den USA.

1978 huet de Collins aner leedent Ämter bei der Smithsonian Institution iwwerholl. Am selwechte Joer huet hien och d'US-Loftwaff mat Rang vun engem Brigadegenerol verlooss. Vun 1980 bis 1985 huet hie fir d'LTV Aerospace & Defense geschafft, an zanterhir leet hien seng eege Firma.

Besonneschkeeten & Rekorder[änneren | Quelltext änneren]

  • Éischte Raumfuerer mat zwéin Baussebordasätz (Gemini 10)
  • Éischte Mënsch, dee sech am Weltall vun engem Raumgefiert op en anere beweegt huet (Gemini 10)
  • Zweete Mënsch, deen alleng am Moundorbit war (Apollo 11)

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

De Michael Collins ass ee vun de wéinegen Astronauten déi Member an der National Aviation Hall of Fame sinn. Hie krut am Joer 1969 d'Fräiheetsmedail („The Presidential Medal of Freedom“), déi héichst zivil Auszeechnung an den USA.

De Moundkrater Collins an den Asteroid (6471) Collins sinn no him genannt.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Michael Collins ass Auteur vun etleche Bicher iwwer den Weltraum:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Michael Collins – Biller, Videoen oder Audiodateien