Kongress vun de Vereenegte Staaten

Vu Wikipedia
De Capitol ass de Sëtz vum amerikanesche Kongress

De Kongress vun de Vereenegte Staaten (eng.: United States Congress) ass dat legislatiivt Organ vun den USA. E bestëmmt d'Gesetzer um Niveau vun der Federatioun. En ass zu Washington D.C. a besteet aus zwou Chamberen: dem Representantenhaus an dem Senat.[1]

Den éischte Kongress war vu 1789 bis 1791.[1]

Organisatioun[änneren | Quelltext änneren]

De Barack Obama hält 2009 eng Ried virum Kongress

Am Senat huet all Bundesstaat zwéi Vertrieder, egal wéi vill Awunner en huet. Domat gëtt assuréiert, datt all Bundesstaat déi selwecht Representatioun huet. D'Senateure ginn an hirem Staat fir eng Mandatsdauer vu sechs Joer gewielt, an déi Mandater si gestaffelt, sou datt all zwee Joer ongeféier een Drëttel vum Senat an de jeeweilege Staaten nei gewielt gëtt. Fir déi 50 Bundesstaate gëtt et am Ganzen 100 Senateuren.

Am Representantenhaus dogéint hunn déi Staate mat méi Awunner och méi Vertrieder. D'Deputéiert ginn all zwee Joer gewielt a representéieren jee een Distrikt. Déi Distrikter sinn de Staaten an der Bevëlkerungszuel no agedeelt, mä all Bundesstaat huet op d'mannst een Deputéierten am Kongress. All zéng Joer gëtt eng Vollekszielung gemaach an d'Zuel vun den Deputéiertemandater de jeeweilege Bundesstaaten nei zougewisen. Am Ganze gëtt et am Representantenhaus 435 Deputéiert.

Souwuel d'Senateure wéi och d'Deputéiert ginn direkt vum Vollek gewielt. Am Representantenhaus sëtzen zousätzlech nach sechs Leit, déi kee Stëmmrecht hu mä Gesetzer kënnen aféieren an a Comitéë kënnen Deel huelen. Déi sechs Leit representéiere Washington D.C., Puerto Rico, Amerikanesch-Samoa, Guam, d'Nërdlech Marianen an d'Amerikanesch Joffereninselen. D'grouss Majoritéit vun de Membere sinn entweeder Member bei den Demokraten oder de Republikaner, nëmme e puer Membere vertrieden Drëttparteien oder sinn onofhängeg.

D'Wale fir de Kongress sinn all Dënschdeg nom éischte Méindeg am November vun engem geruede Joer. All véier Joer si parallel Presidentschaftswalen. Walen ouni Presidentschaftswal gi "Midterm elections" genannt. A ville Bundesstaate ginn dann donieft och nach d'Gouverneuren an déi jeeweileg Bundesstaatsparlamenter gewielt. Den neie Kongress hëlt seng Aarbecht ëmmer den 3. Januar no der Wal op.

De President vun den USA huet net d'Recht, u Sëtzunge vum Kongress Deel ze huelen. Dofir hält hien eemol am Joer virum versammelte Kongress eng Ried zur Lag vun der Natioun ("State of the Union").

Funktioun[änneren | Quelltext änneren]

D'amerikanesch Verfassung gëtt eleng dem Kongress d'Muecht, Gesetzer ze stëmmen. Allenzwou Chambere kënne Gesetzesvirschléi maachen, doriwwer debattéieren an doriwwer ofstëmmen, mä e Gesetzesvirschlag gëtt nëmmen zum Gesetz wann déi zwou Chamberen sech eens sinn an et vum President ënnerschriwwe gouf.[1]

Et gëtt zwou Aarte vu Gesetzesvirschléi ("bills"): déi ëffentlech Gesetzesvirschléi ("public bills") an déi privat Gesetzesvirschléi ("private bills"):[1]

  • E Public Bill behandelt generell Thematiken a gëtt e Gesetz ("law" oder "act")[2] soubal et vum Kongress ugeholl a vum President ënnerschriwwen ass. E Beispill ass den "Affordable Care Act" (och nach "Obamacare" genannt), deen 2010 ënner dem President Barack Obama den Zougank zur Krankeversécherung gereegelt huet.
  • E Private Bill behandelt individuell Theemen, déi sech op eenzel Persounen oder Organisatioune bezéien, esou zum Beispill fir bestëmmte Persounen d'amerikanesch Nationalitéit ze ginn oder fir Entreprisen ze hëllefen, déi Problemer mat de Steieren hunn.[3]

Aner Funktioune vum Kongress sinn ënner anerem d'Bestätegung vum President sengen Ernennungen a vun internationale Verträg, déi vun der Regierung verhandelt goufen, awer och d'Erkläre vu Krich.[4],[5]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: United States Congress – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 thebalance.com: U.S. Congress' Powerful Impact on the Economy (27. Januar 2017)
  2. Ënnerscheed tëscht "Law" an "Act"
  3. Ënnerscheed tëscht "Public bills" a "Private bills"
  4. visitthecapitol.gov: What Congress Does (gekuckt den 20. Abrëll 2017)
  5. Congress of the United States op Encyclopædia Britannica (11. Oktober 2005)