Fredholm (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Fredholm (Moundkrater)
De Moundkrater Fredholm (riets) a seng Ëgéigend (LROC-WAC)
Eegenschaften
Breet 18,34° N
Längt 46,53° O
Duerchmiesser 13,39 km
Déift 2.500 m
Selenographesch Längt 314° bei Sonnenopgank
Genannt nom Erik Ivar Fredholm
(18661927)
Krut säin Numm am Joer 1976

De Fredholm ass e klengen Aschlagkrater op der rauer Fläch am Weste vum Mare Crisium. Hie läit tëscht den opfällege Kratere Macrobius am Norden an Proclus am Süden. Déi kreesronn, symmetresch Formatioun huet e schosselfërmegen Zentrum. Déi bannenzeg Wänn falen gläichméisseg zum Mëttelpunkt hin a bilden am Zentrum e klenge Kraterbuedem mat ongeféier engem Véirel vum Kraterduerchmiesser. Op sengem Nordrand läit de klenge Macrobius E.

De Fredholm gouf laang Zäit als Satellittekrater vum Macrobius mat der Bezeechnung Macrobius D gefouert. 1976 krut hien dann offiziell vun der IAU säin eegenen Numm.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]