Fahrenheit (Moundkrater)
Ausgesinn
De Moundkrater Fahrenheit, Foto: Lunar Orbiter 4. | |
Koordinaten | 13°7'12"N, 61°42'36"O |
---|---|
Duerchmiesser | 6,65 km |
Déift | onbekannt |
Selenographesch Längt | 299° bei Sonnenopgank |
Genannt no | Daniel Gabriel Fahrenheit |
Genannt am Joer | 1976 |
Moundvéiereck | LQ13 |
De Fahrenheit ass e klengen Aschlagkrater am südëstleche Beräich vum Mare Crisium. D'Mounduewerfläch a senger Ëmgéigend ass zimmlech fräi vun Aschlagspueren.
Ëstlech dovu si kleng Koppe vun den Dorsa Harker an op der anerer Säit läit de Promontorium Agarum um Rand vum Moundmier. Ongeféier 15 Kilometer südëstlech ass d'Landeplaz vun der sowjetescher Moundsond Luna 24.
De Krater Fahrenheit war als Picard X bekannt, bis d'International Astronomesch Unioun (IAU) him am Joer 1976 eng eege Bezeechnung ginn huet.