Abel (Moundkrater)
Ausgesinn
Koordinaten | 34°37'48"S, 85°46'48"O |
---|---|
Duerchmiesser | 137 km |
Déift | 1.190 m |
Selenographesch Längt | 276° bei Sonnenopgank |
Genannt no | Niels Henrik Abel |
Genannt am Joer | 1964 |
Moundvéiereck | LQ28 |
Den Abel ass en ale Moundkrater am Nordweste vum Mare Australe op der viischter Moundsäit. Hie läit südlech vum Barnard-Krater.
De Rand vum Krater ass staark erodéiert an onreegelméisseg. Hie gouf vun e puer Aschlagkrateren ageschnidden an iwwerlagert. De Krater Abel A iwwerlagert de südleche Rand, wärend den Abel M an den Abel L an de westleche Kraterrand andréngen.
Déi bannenzeg Fläch am Oste gouf vu Lava-Flëss nei geformt, soudatt eng relativ glat Fläch mat wéineg Albedo entstanen ass. Am Westen ass den Ënnergrond méi rau an d'Albedo entsprécht där vum Terrain, deen ëm de Krater läit.
Buschtaf/Numm | Positioun | Duerchmiesser | Link |
---|---|---|---|
A | 36,6° S, 86° O | 19 km | [1] |
B | 36,7° S, 82,8° O | 41 km | [2] |
C | 36° S, 81° O | 31 km | [3] |
D | 37,7° S, 87,7° O | 30 km | [4] |
E | 37,8° S, 86,5° O | 13 km | [5] |
J | 35,5° S, 79° O | 11 km | [6] |
K | 35° S, 77,2° O | 9 km | [7] |
L | 34,4° S, 82,6° O | 67 km | [8] |
M | 32,2° S, 83,6° O | 81 km | [9] |
Kuckt och
[Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Abel – Biller, Videoen oder Audiodateien |