Prinz (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Moundkrater Prinz
De Moundkrater Prinz
(Eng Foto vum Lunar Orbiter 5)
Eegenschaften
Breet 25,49° N
Längt - 44,14° W
Duerchmiesser 46,13 km
Déift 1020 m[1]
Selenographesch Längt 44° bei Sonnenopgank
Genannt nom Wilhelm Prinz
(1857–1910)
Genannt am Joer 1935
De Krater Prinz mat de Kratere Herodotus an Aristarchus (LROC-WAC)

De Prinz ass en Aschlagkrater op der nordwestlecher viischter Moundsäit.

De Krater läit nordëstlech vum prominente Stralekrater Aristarchus am Flaachland vum Oceanus Procellarum.

De Kraterrand ass gréisstendeels iwwerflut. Nëmmen den nordëstlechen Deel ass erhalen. Am Norde läit d'Rillesystem vum Rimae Prinz. Nordëstlech leien d'Montes Harbinger.

Niewekratere[änneren | Quelltext änneren]

Den Niewekrater Prinz A krut en neien Numm: Vera an den Niewekrater Prinz B krut och en neien Numm: Ivan

De Krater Prinz gouf 1935 vun der I.A.U. offiziell nom däitsch-belsche Geolog a Selenograph Wilhelm Prinz genannt.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. John E. Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge University Press, Cambridge u. a. 2000, ISBN 0-521-59002-7.