Surveyor 2
| Surveyor 2 | |
|---|---|
| Typ | Moundsond |
| Missiounszil | Virbereedung bemannter Moundlandunge |
| Land | USA |
| Agentur | NASA |
| Start | 20. September 1966, 12:32 UTC |
| Startplaz | Cape Canaveral Launch Complex 36 |
| Drorakéit | Atlas Centaur |
| Enn | 23. September 1966 |
D'Surveyor 2 war déi zweet Moundsond vun der US-amerikanescher Raumfaartagentur NASA am Kader vum Surveyor-Programm. De Surveyor Programm war den Nofollger vum Ranger-Programm. D'Resultater vum Programm sollten déi bemannt Moundlandung virbereeden.
Missioun
[änneren | Quelltext änneren]
Surveyor 2 war den 20. September 1966 u Bord vun enger Atlas Centaur Rakéit vum Cape Canaveral Launch Complex 36 gestart. Am Géigesaz zu de Ranger Missioune gouf op e Parkorbit verzicht. Dat heescht, d'Sond hat no der Trennung, direkt Kurs op de Mound geholl. Eng néideg Kurskorrektur war schif gaangen, well eent vun de Vernier-Dreifwierker net gezünnt hat. D'Sond huet ugefaange mat trëndelen a Versich fir si nees ënner Kontroll ze kréien, ware feelgeschloen. Surveyor 2 ass den 23. September um Mound am Sinus Medii opgeschloen.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Surveyor Programm – Biller, Videoen oder Audiodateien |
