Wilhelm Beer

Vu Wikipedia
Wilhelm Beer
Gebuer 4. Januar 1797
Berlin
Gestuerwen 27. Mäerz 1850
Berlin
Nationalitéit Kinnekräich Preisen
Aktivitéit Selenograph, Astronom, Kartograph, Banquier, Politiker
Famill
Mamm Amalie Beer
Geschwëster Giacomo Meyerbeer, Michael Beer

De Wilhelm Wolff Beer, gebuer de 14. Januar 1797 zu Berlin a gestuerwen de 27. Mäerz 1850, war een däitsche Banquier an Amateurastronom. Säi Brudder war de Komponist Giacomo Meyerbeer.

Liewe vum Wilhelm W. Beer[änneren | Quelltext änneren]

Seng Schoulbildung krut hien am "Joachimsthalsche Gymnasium" zu Berlin. 1813 ass hien an d'Kavallerie agetratt an nëmmen ee Joer méi spéit huet de Beer vun 1814 - 1815 um Befreiungskrich deelgeholl an huet do säin Offizéieschpatent kritt.

1818 huet hien am Geschäft vu sengem Papp geschafft wat hien e puer Joer méi spéit ganz iwwerholl huet.

Als Amateurastronom huet de Beer an de Jore vun 1830 bis 1840 eng ganz gutt Aarbecht geleescht. Fir d'Zeechne vun enger geneeër Moundkaart huet hie vill Éierunge kritt an ass zum Ritter des Danebrogs ernannt ginn. Hie krut de Jerome-Lalande-Präis an d'Goldmedail fir Konscht a Wëssenschaft.

De Beer war och Direkter vun der Potsdam-Leipzeger Eisebunns-Gesellschaft. 1838 gëtt hie Member vun der Aarmekommissioun vun der jiddescher Gemeng zu Berlin an ass dann zum Ritter vum Wasa-Uerden ernannt ginn. Obschonn de Beer an de Mädler 1840 e Wierk iwwer d'Sonnesystem erausgoufen (Fragment sur les corps célestes du système solaire) huet hie selwer de Ruff fir Beruffsastronom zu Paräis 1841 a Pulkovo 1844 net ugeholl. 1844 gouf hie vum Herzog vun Toskana an den Adelsstand opgeholl.

Astronomie, säin Hobby[änneren | Quelltext änneren]

Berüümtheet huet de Beer duerch seng Leeschtungen als Amateurastronom kritt. Géint 1824 huet hien zesumme mam Astronom Johann Heinrich Mädler decidéiert fir, op engem Terrain deen dem Beer gehéiert huet, direkt nieft dem Berliner Tiergarten, en Observatoire opzeriichten dee gläich drop mat engem 97/1460 Refrakter vum J. W. Pastorff (*1767-†1838) vu Buchholz bei Frankfurt op der Oder ekipéiert gouf.

Zesumme mam Johann Heinrich Mädler huet hien an de Joren 1834 bis 1836 eng genee Moundkaart (Mappa Selenographica) erausginn. 1837 huet hien eng Moundbeschreiwung (Der Mond nach seinen kosmischen und individuellen Verhältnissen) erausginn.

De Beer an de Mädler hunn 1830 och eng éischt systematesch Duerstellung vun der Marsiwwwerfläch mat Hëllef vun engem Marsglobus opgestallt. 1840 hunn déi Zwéin eng detailléiert Marskaart virgestallt an hunn d'Rotatiounsperiod vum Mars op 24 Stonnen, 37 Minutten, 22,7 Sekonne berechent (op 0,1 Sekonn genee).

1835 huet de Beer d'Ëmlafbunne vun de Saturnmounde berechent.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]