Mikrometer (Optik)

Vu Wikipedia

De Mikrometer (Optik) ass eng Stréchplack, déi an d'Bildfläch vum Teleskop- oder vum Mikroskopobjektiv agesat gëtt. Mikrometer erméiglechen eng genee Wénkel- resp. Streckemiessung a gi virun allem an der Astrometrie an an der Mikroskopie gebraucht. Fir astronomesch Instrumenter gouf et schonn ëm 1700 einfach Ausféierungen, fir Mikroskopen eréischt am 19. Joerhonnert.

De Krees- oder Rankmikrometer ass eng z. B. bei Duebelstäre gebraucht Spezialform vum Mikrometer, fir d'Moosse vu klenge Wénkeldifferenzen, an dee wéinst sengem einfache Prinzip universell asetzbar ass.

Okularmikrometer hunn dogéint e beweeglecht Fuedemnetz fir d'Moosse vu klenge Wénkelen am Gesiichtsfeld vum Miessteleskop. Beim Registréiermikrometer ass och nach e feste Fuedem dran. Mat dem beweegleche Fuedem fiert den Observateur engem Stär kontinuéierlech no. Elektresch Kontakter léise wärenddeem eng genee Zäitregistréierung aus, wat d'Reaktiounszäit bei Stärenduerchgäng – déi sougenannt Perséinlech Equatioun – däitlech verklengert.

An der Mikroskopie ginn Objetmikrometeren agesat fir d'Dimensioune vun Objeten ze bestëmmen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie