Oppolzer (Moundkrater)

Vu Wikipedia
De Krater Oppolzer (uewe lénks) an Ëmgéigend

Oppolzer ass de Rescht vun engem Moundkrater um südleche Rand vum Sinus Medii, um Nullmeridian vum Äerdmound. Den Aschlagkrater gouf 1935 vun der IAU nom éisträicheschen Astronom Theodor von Oppolzer genannt.

De Krater hue e mëttleren Duerchmiesser vu 40 km. Seng Positioun am Zentralberäich vun der äerdzougedréitzer Moundsäit huet d'selenographesche Koordinaten 1° 30' S / 0° 30' W. Op sengem südëstleche Kraterrand steet de Krater Réaumur an am Westsüdwesten dee nom Camille Flammarion genannte, Lavaramplifläch Flammarion.

Déi 110 km laang Moundrill Rima Oppolzer duerchschneit de Süddeel vum Kraterbuedem.

Niewekrater
Oppolzer Breetegrad Längtegrad Duerchmiesser
A 0,5° S 0,3° W 3 km
K 1,7° S 0,3° W 3 km

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie