Mariner-Programm

Vu Wikipedia
Start vu Mariner 1 (NASA)

De Mariner-Programm vun der NASA hat als Objet d'Erfuersche vun äerdänleche Planéiten am Sonnesystem, deemno vum Merkur, der Venus am Mars. Zéng Raumsonde goufen tëscht 1962 an 1973 gestart.

Missiounen[änneren | Quelltext änneren]

Mariner-Sonden 1 an 2
Déi éischt Foto vum Mars, opgeholl vu Mariner 4
Mariner 5
Mariner-Sonde 6 an 7
Mariner-Sonden 8 a 9
Eng Atlas-Centaur start mat der Mariner 9 Sond
Mariner 10
Mosaik vum Merkur, Foto vu Mariner 10

Bis op de Mariner 5 an 10 waren all Mariner-Sonden Duebelsonden, dat heescht, zwou déi selwecht Sonde goufen an der selwechter Startfënster gestart. Och bei Mariner 10 stoung op enger anerer Startramp eng Rakéit mat engem Ersatzexemplar fir de Fall vun engem Feelstart bereet. D'Ersatzexemplar gouf nom erfollegräiche Start vu Mariner 10 awer net gestart.[1]. D'Raumsonden hunn tëscht 200 (bei Mariner 1 an 2) an 1000 Kilogramm (bei Mariner 8 an 9) gewien, Mariner 1, 2 a 5 hate keng Kameraen u Bord. D'Sonde Mariner 1 bis 5 si mat der Drorakéit Atlas-Agena an de Raum geschoss ginn. D'Sonde Mariner 6 bis 10 op enger Atlas-Centaur, bei dräi vun de Sonde gouf et Feelstarten.

Mariner 1 an 2[änneren | Quelltext änneren]

Mariner 1 an 2 hunn op de Ranger-Moundsonde baséiert a goufe relativ séier (manner wéi e Joer) entwéckelt, fir virun der UdSSR eng Sond erfollegräich op Venus ze schécken. D'Instrumentéierung war duerch déi kleng Leeschtung vun der Drorakéit Atlas Agena B zimmlech einfach. Si haten Detektere fir kosmesch Stralen, Stëbs a gelueden Deelercher, Magnéitometer a fir d'Venuserfuerschung en Infraroutradiometer a Mikrowelleradiometer. Déi gréisst Erausfuerderung war et, eng Raumsond ze bauen, déi 2500 Stonnen am interplanetare Raum schaffe konnt. D'Ranger-Sonden, op deene Mariner 1 an 2 baséiert hunn, sollten nëmmen e puer Deeg aktiv sinn. Mariner 2 hat 202,8 kg, gewien, dovu sinn 18,6 kg op d'Experimenter gefall. D'Sonde goufe vum JPL fir d'NASA gebaut.

D'Mariner 1 goung beim Start den 22. Juli 1962 wéinst engem feelerhafte Steierprogramm verluer, wéi d'Drorakéit vum Kurs ofkoum an 290 Sekonnen nom Start gesprengt hat misse ginn. D'Mariner 2 war de 27. August 1962 gestart an hat schonn um Wee fir op d'Venus dee vum Ludwig Biermann an den 1950er Jore postuléierte Sonnewand entdeckt. Zimmlech séier gouf et Problemer mat der Sond: No enger Kurskorrektur de 4. September 1962 war den Drock am Stéckstofftank an d'Luucht gaangen, an et ass Dreifstoff verluer gaangen. Eng weider Kurskorrektur war net méi méiglech. Enn Oktober hat d'Leeschtung vun engem Solarpanéil nogelooss, a war de 15. November 1962 ganz ausgefall. Well d'Sond awer der Sonn méi nokoum, konnt de Stroum vum zweete Panéil d'Sond weider bedreiwen. Weider Defekter sinn nokoum, konnten zwar vun der Äerd aus behuewe ginn. Wéi d'Sond de 14. Dezember 1962 d'Venus op enger Distanz vu 34.773 km ouni Problemer passéiert hat an all d'Moossinstrumenter Donneeë geliwwert hunn, gouf bei der NASA gewitzelt, d'Ofkierzung JPL stéing fir „Just Plenty of Luck“ (lb. „Einfach e Koup Gléck“). D'Mariner 2 war definitiv den 3. Januar 1963 ausgefall.

D'Sond hat d'Temperatur op der Venus mat 425 Grad Celsius bestëmmt, konnt kee Waasserdamp an der Atmosphär noweisen an hat déi iewescht Héicht vun der Wollekeschicht mat 55–80 km festgehalen.

Mariner 3 a 4[änneren | Quelltext änneren]

D'Mariner 3 a 4 sollten e Laanschtfluch beim Mars maachen. Déi eppes méi leeschtungsstaark Atlas Agena D huet et erlaabt, eng 260,8 kg schwéier Sond op de Wee ze bréngen. Dovu ware 15,8 kg Experimenter. D'Spanwäit vun de Sonde war 6,88 m an d'Héicht louch bei 2,89 m. Bei Mariner 3 a 4 gouf fir d'éischt an der Raumfluchgeschicht eng TV-Kamera agesat, awer hir Bildqualitéit war zimmlech schlecht. E Bild hat nëmmen 200 Zeile mat 200 Punkten. D'Biller goufe beim Laanschtfluch op engem Bandrekorder gespäichert, deen 22 Biller ophuele konnt. D'Iwwerdroen op d'Äerd huet pro Bild iwwer 8 Stonne gedauert.

Fir d'Experimenter waren e Magnéitometer a verschidden Detektere fir Stëbs, gelueden Deelercher an héichenergetesch Stralen u Bord. Déi waren och wärend dem Fluch op de Planéit Mars aktiv. D'Hallschent vun den Experimenter si beim Mariner 4 awer schonn um Wee fir op de Planéit ausgefall.

Mariner 3 war de 5. November 1964 gestart. Et war déi éischt Kéier datt eng liicht Notzlaschtverkleedung aus glasfaserverstäerktem Konschtstoff agesat gouf. Déi war awer duerch d'Reiwungshëtzt beim Start geschmolt a blouf un der Sond pechen. Sou konnten d'Solarpanéilen net ausgefuer ginn an d'Sond huet missen am Äerdorbit bleiwen, well si och ze schwéier war, fir bei de Mars ze fléien.

Fir d'Mariner 4 gouf de Start verréckelt an eng nei Notzlaschtverkleedung aus Metall fabrizéiert. D'Mariner 4 gouf dann den 28. November 1964 gestart an ass als éischt ierdesch Raumsond de 15. Juli 1965 op 9.844 Kilometer laanscht de Mars geflunn. D'Sond hat bannen 22 Minutten 22 Biller opgeholl, déi wärend den nächsten Deeg op d'Äerd gefunkt goufen. Si hunn e moundähnleche Mars gewisen, hunn awer nëmmen 1 % vun der Uewerfläch ofgedeckt. Weider gouf festgestallt, datt de Mars keent oder nëmmen ee ganz schwaacht Magnéitfeld huet. D'Atmosphär weist e Buedemdrock vu maximal 30 mBar op a besteet zu 80–100 % aus Kuelendioxid a maximal 16 % Stéckstoff oder 8 % Argon. Bis zum 20. Dezember 1967 war d'Sond aktiv.

Mariner 5[änneren | Quelltext änneren]

Mariner 5 war eng vun zwou Eienzelmissiounen am Mariner-Programm. Et hat een e Reserveexemplar vu Mariner 3 a 4 zu der Venus gestart. Ännerungen an der Sond hate sech aus der kuerzer Sonnendistanz vun der Venus erginn. Sou gouf e Schutzschëld um Buedem vun der Sond installéiert an d'Solarpanele verklengert. Déi 245 kg schwéier Sond hat eng Spanwäite vu 5,48 m a war 2,89 m héich. D'Instrumenter fir d'Experimenter hunn 15,8 kg gewiën. Si ware bal identesch mat deenen u Bord vu Mariner 3 a 4, eleng en UV-Photometer hat d'Kamera ersat, an en zousätzleche Bausteen hat et erlaabt, eng Drowell mat genee definéierter Frequenz ze senden.

Haaptmissioun vun der Sond déi de 14. Juni 1967 gestart gouf, war et, hanner der Venus ze verschwannen an dobäi eng reng Drowell ze senden, där hir Frequenz-, Phasen- an Amplitudenännerungen op der Äerd bestëmmt goufen. Doduerch konnt een Eegenschafte vun der Ionosphär, Atmosphär an der bannenzeger Zesummensetzung vun der Venus bestëmmen.

Mariner 5 hat den 19. Oktober 1967 en erfollegräichen Laanschtfluch beim Planéit Venus hannerlooss an hat vill wëssenschaftlech Donneeë geliwwert. Festgestallt gouf, datt d'Venus e mëttlere Radius vu 6051,8 km opweist, kaum ofgeplatt ass an d'Atmosphär opfälleg dicht muss sinn. De Buedemdrock gouf op 75 bis 100 bar geschat an d'Buedemtemperatur op 500 Grad Celsius.

Mariner 6 a 7[änneren | Quelltext änneren]

Mariner 6 a 7 waren zwou weider Laanschtfluchsonden. Si sollten de Mars passéieren a besser opgeléist Fotoe wéi Mariner 4 maachen. D'Disponibilitéit vun der Atlas-Centaur Drorakéit hat et erlaabt, méi schwéier Sonden ze starten. Mariner 6 an 7 waren 412,8 kg schwéier, dovun waren 57,6 kg fir d'Experimenter. Fir d'éischt gouf et och eng Programmsteierung u Bord. Weuider hat een de Sonden zwou Kameraen, en UV-Spektrometer an en Infraroutradiometer mat op de Wee ginn.

De Mariner 6 war de 24. Februar 1969 gestart. Si gouf op eng séier Bunn geschéckt an hat de Mars den 31. Juli 1969 passéiert. Doduerch war d'Laanschtfluchdistanz mat 3.430 Kilometer méi kleng wéi bei Mariner 4. Dëst a weider Verbesserunge vu Sender an Empfänger haten et erlaabt, e Bild a wéinege Minutten z'iwwerdroen. D'Sond hat schonn aus grousser Distanz 50 Fotoe vum Mars gemaach, déi de ganze Planéit weisen, an du beim Laanschtfluch weider 25 Fotoe mat der Wäitwénkelkamera, déi direkt iwwerdroe goufen.

De Mariner 7 gouf de 27. Mäerz 1969 gestart. Den 2. August 1969 hat d'Sond 93 Fotoe beim Laanschtfluch gemaach, déi zwou voll Rotatioune vum Planéit ofgedeckt hunn. Beim Passage gouf et weider 33 Biller. Béid Sonden hunn de Mars op der Südhallefkugel passéiert, an hunn 20 Prozent vun der Uewerfläch kartéiert. De Buedemdrock an d'Temperature konnte genee bestëmmt ginn. Op de Fotoe vum Mariner 7 konnt d'Gréisst vum Phobos, dem gréissere vun de béide Marsmounden, mat 22,4 × 17,6 km bestëmmt ginn. D'Fotoe goufen zwou Wochen no der Heemrees vun den Apollo-11-Astronaute publizéiert.

Mariner 8 an 9[änneren | Quelltext änneren]

Mariner 8 a 9 haten d'Aufgab, fir d'éischt an engem Orbit ëm de Mars anzeschwenken. Mariner 8 a 9 hunn allebéid 998 kg gewiën, dovu waren 63,1 kg fir d'Instrumenter virgesinn. Dës ware verbessert Versioune vu Mariner 6 a 7, vergréissert mat engem Infraroutspektrometer. Besonnesch d'Kamera gouf staark verbessert an hat däitlech méi schaarf Biller wéi d'Mariner 6 a 7 gemaach.

Ufanks sollt Mariner 8 eng Kartéierung vum Planéit mat der Wäitwénkelkamera duerchféieren an d'Mariner 9 besonnesch interessant Gebidder mat der Telekamera am Detail ophuelen. No dem Feelstart vu Mariner 8 den 8. Mee 1971, verursaacht duerch eng futtis Diod am Steiercomputer vun der Centaur-Uewerstuf, gouf de Programm vu Mariner 9 geännert. Mariner 9 war den 30. Mee 1971 gestart. De 14. November 1971 hat d'Sond hiert Dreifwierk fir 915,6 Sekonne gezünnt a war an en 1397 × 17.616 km² Orbit mat enger Inklinatioun vu 64,28 Grad ageschwenkt. Mariner 9 war domat déi éischt ierdesch Sond iwwerhaapt, déi an eng Ëmlafbunn ëm en anere Planéit ageschwenkt war. Zu dësem Zäitpunkt war op dem Mars dee gréisste Stëbsstuerm zanter 1953, soudatt déi éischt Fotoen nëmmen d'Spëtzte vun e puer Vulkane weisen. Am Ufank vum Joer 1972 hat sech d'Marsatmosphär opgeliicht, an de Mariner 9 hat ugefaangen de Mars ze kartéieren. Et goufen och Uewerflächentemperaturen an d'Zesummesetzung vun der Atmosphär bestëmmt.

D'Zäit tëscht der Observatioun vun Detailregioune gouf vu 5 op 17 Deeg verlängert. All Dag huet d'Sond iwwer 21 Stonne Fotoen (max. 36 Stéck) op de Bandrekorder gemaach an huet déi wärend de reschtlechen dräi Stonnen op d'Äerd gefunkt. Schonn am Juli 1971 gouf bemierkt, datt e Lach am Stéckstofftank war, dee mat 176 Bar Drock bei der Lagereegelung geholleft huet. Doduerch war d'Missiounsdauer begrenzt, well elo d'Sond dauernd Stéckstoff verluer huet, an den Drock gefall ass. No 349 Deeg am Orbit war de 27. Oktober 1972 den Drockgas um Enn an d'Sond gouf ofgeschalt. Si hat bis dohi 7.329 Biller op d'Äerd geschéckt.

Mariner 10[änneren | Quelltext änneren]

Mariner 10, déi lescht vun der Mariner-Serie, war nees eng Laanschtfluchsond – allerdéngs mat komplexem Bunnmanöver. Si sollt ufanks de sonnenächste Planéit Merkur besichen. Als éischt Raumsond iwwerhaapt hat si e Planéit ausgenotzt, an dësem Fall d'Venus, fir e Swing-by-Manöver, dat d'Sond bei de Merkur weidergeleet huet, ze maachen. Fir vun der Äerd an d'Géigend vun der Sonn bei de Merkur ze kommen, muss een der Sond hir Bunnenergie, déi si duerch d'Bunnvitesse vun der Äerd matkrut, ëm ronn 60 Prozent verklengeren. Duerch den ofbremsende Swing-by konnt amplaz vun der Titan IIIC déi bëlleg Atlas-Centaur als Drorakéit gebraucht ginn. Duerch de Gebrauch vum X-Band konnten d'Date méi séier iwwerdroe ginn. D'Gesamtstartmass war 503 kg. Gebaut gouf d'Sond vu Boeing. D'Instrumenter hunn 78,2 kg gewien a bestoungen aus siwen Experimenter, dorënner zwou Kameraen.

Nom Start vum 3. November 1973 passéiert d'Sond de 5. Februar 1974 d'Venus, vun där si 4165 Biller op d'Äerd iwwerdroen huet. De Merkur gouf fir d'éischt den 29. Mäerz 1974 op enger Distanz vu 705 km passéiert. Heibäi goufen 2450 Biller iwwermëttelt. Domat war fir d'éischt eng Raumsond beim Merkur ukomm. Dësen hat d'Sond an eng 176-deegeg Ëmlafbunn ëm d'Sonn ëmgelenkt. Well de Merkur selwer d'Sonn an 88 Deeg ëmronnt, hu sech d'Sond an de Merkur no 176 Deeg nees erëmgesinn. De Merkur dréit sech awer och an 59 Deeg eemol ëm seng eegen Achs a sou dréit hien ëmmer no dräi sideresche Rotatiounen (Stärendeeg) der Sonn och nees déi selwecht Säit zou. Den nächste Rendez-vous war den 21. September 1974 op enger méi grousser Distanz (ronn 50.000 km). De leschte Rendez-vous war de 16. Mäerz 1975 op enger Distanz vun nëmmen 375 km. Bei dësem RdV gouf d'Magnéitfeld studéiert. De 24. Mäerz 1975 hat d'Sond keen Dreifstoff méi a gouf ofgeschalt.

Resultater[änneren | Quelltext änneren]

  • De Mariner-Programm gëllt als groussen techneschen Erfolleg: Et gouf nëmmen dräi Feelstarter (Erfollegquot 70 %), wat fir d'Pionéierzäit vun der Raumfaart e ganz gudde Wäert war.
  • D'USA konnt virun der UdSSR als éischt Natioun Fotoe vun alle bannenzege Planéite liwweren.
  • De Planéit Merkur gouf vum Mariner 10 zu 45 % fotografesch erfaasst (ongeféier 9000 Eenzelbiller).
  • De Planéit Venus gouf vu Mariner 2, 5 an 10 erfuerscht. De Planéit gouf spéider vun der Sowjetunioun méi genee erfuerscht. Nëmmen eng Sond, Mariner 10, hat och Biller vum Planéit gemaach.
  • De Planéit Mars hat méi Opmierksamkeet op sech gezunn: Mariner 4 hat ongeféier 1 % vun der Uewerfläch, Mariner 6 a 7 ronn 20 % erfuerscht. Duerch den éischte Mars-Orbiter, Mariner 9, konnt eng éischt Marskaart opgestallt ginn, wann och vu relativ schlechter Qualitéit.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Mariner 10 bei Skyrocket

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mariner – Biller, Videoen oder Audiodateien