Sojus (Raumschëff)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Sojus-TMA-7-Raumkapsel nom Afkoppele vun der Internationaler Raumstatioun

D'Sojus [sɔ'jʏz] (russesch Союз „Unioun“) ass den Numm vun enger Rei vu bemannte russesche Raumkapsele fir eng Besatzung vu bis zu dräi Persounen.

Déi an den 1960er Jore vum OKB - 1 vum Sergei Koroljow-Experimental-Konstruktiounsbüro, haut RKK Energija entwéckelt an uschléissend dacks modifizéiert Sojus-Kapsel, gouf eng bemannt Raumfär fir d'Raumstatioune vun der Saljut-Rei, spéider fir d'Mir an zanter dem Start vun der Sojus TM-31 den 31. Oktober 2000 fir d'ISS.

D'Sojus-Kapsel ass zanter 1967 am Asaz an eent vun de séchersten Transportmëttele fir an d'Äerdëmlafbunn ze kommen. D'Drorakéite sinn d'Sojus-Rakéiten, déi no russescher Traditioun, no hirer Haaptnotzlaascht genannt ginn.

Technesch Daten[änneren | Quelltext änneren]

Sojus-Rakéit virun hirem Start de 15. Juli 1975

Déi genee Zuele kënne bei eenzele Raumschëffer vun enger Modellrei ofwäichen.[1]

Versioun: Sojus-A 7K-OK 7K-T 7K-TM Sojus T Sojus TM Sojus TMA
Ganze System
Total Mass (kg) 5.880 6.560 6.800 6.680 6.850 7.250 7.220
Längt (m) 7,40 7,95 7,48 7,48 7,48 7,48 6,98
Max. Duerchmiesser (m) 2,50 2,72 2,72 2,72 2,72 2,72 2,72
Spanwäit (m)  ? 9,80 9,80/– 8,37 10,6 10,6 10,7
Orbitalmodul (BO)
Total Mass (kg) 1.000 1.100 1.350 1.224 1.100 1.450 1.370
Längt (m) 3,00 3,45 2,98 3,10 2,98 2,98 2,98
Duerchmiesser (m) 2,20 2,25 2,26 2,26 2,26 2,26 2,26
Bewunnbare Volumen (m³) 2,20 5,00 5,00 5,00 5,00 5,00 5,00
Landemodul (SA)
Total Mass (kg) 2.480 2.810 2.850 2.802 3.000 2.850 2.950
Längt (m) 2,30 2,24 2,24 2,24 2,24 2,24 2,24
Duerchmiesser (m) 2,17 2,17 2,17 2,17 2,17 2,17 2,17
Bewunnbare Volumen (m³) 4,00 4,00 3,50 4,00 4,00 3,50 3,50
Servicemodul (PAO)
Total Mass (kg) 2.400 2.650 2.700 2.654 2.750 2.950 2.900
Dreifstoffmass (kg) 830 500 500 500 700 880 880
Längt (m) 2,10 2,26 2,26 2,26 2,26 2,26 2,26
Basisduerchmiesser (m) 2,30 2,15 2,15 2,15 2,15 2,15 2,15
Max. Duerchmiesser (m) 2,50 2,72 2,72 2,72 2,72 2,72 2,72

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sojus-Raumkapsel – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Sojus-Programm – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Logoe vun de Sojus-Missiounen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Quell vun den Daten:(en) Encyclopedia Astronautica.