Op den Inhalt sprangen

Russesch

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Russesch Sprooch)
Russesch
русский язык
Gëtt geschwat an: Russland, Ukrain, Wäissrussland, Kasachstan, Lettland, Estland, Moldawien, Georgien, Kirgisistan, a vun Emigranten an den USA, Israel, Däitschland an anere westeuropäesche Länner
Regioun: Osteuropa an Nordasien
Gëtt geschwat vun: 180 Millioune
Mammesproochler, an
110 Milliounen
Zweetsproochler
Klassement: 7
Klassifikatioun no Sproochefamill: Indoeuropäesch
Offizielle Status
Offiziell Sprooch vun: Russland, Wäissrussland, Kasachstan, Kirgisistan, Vereent Natiounen
Reglementéiert vun: Russesch Akademie vun de Wëssenschaften
(Российская Академия Наук)
Sproochcoden
ISO 639-1ru
ISO 639-2rus
ISO 639-3rus

Russesch (russ.: русский язык) ass déi meeschtgeschwat vun de slawesche Sproochen.

Si gehéiert zur Famill vun den indoeuropäesche Sproochen, gradewéi Sanskrit, Griichesch a Latäin an all déi modern germanesch, romanesch a keltesch Sproochen. Schrëftlech Beispiller vum Russesche sinn zanter dem 10. Joerhonnert beluecht.

Russesch ass offiziell Landessprooch net nëmmen a Russland, mä och a villen anere Staaten déi aus der fréierer Sowjetunioun ervirgaange sinn. Als Weltsprooch vu grousser politescher Bedeitung ass Russesch eng vun de sechs Sprooche vun der UNO.

D'Schrëft baséiert um kyrilleschen Alphabet. D'Transkriptioun an dat laténgescht Alphabet kann op sëllegen Aart a Weise geschéien - zu Lëtzebuerg gëtt sech meeschtens un d'Transkriptiounsreegele vum Duden gehalen.

Russescht Alphabet

[änneren | Quelltext änneren]
Russescht Alphabet
 Russescht Alphabet
АаБбВвГгДдЕеЁё
ЖжЗзИиЙйКкЛлМм
НнОоПпРрСсТтУу
ФфХхЦцЧчШшЩщЪъ
ЫыЬьЭэЮюЯя

Russesch gëtt mam russeschen Alphabet geschriwwen (russ.: русский алфавит oder русская азбука), wat dem kyrilleschen Alphabet (russ.: кириллический алфавит oder кириллица) entstaamt.

Russesch Grammaire

[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Russesch Grammaire.

Wikipedia op Russesch
 Commons: Russesch – Biller, Videoen oder Audiodateien