Kosmos 557

Vu Wikipedia
Kosmos 557
Logo vum Saljut-Programm
Typ Raumstatioun
Land UdSSR
Apogeum 266 km
Perigeum 218 km
Bunnschréi 51,6°
Ëmlafzäit 89,1 min
Mass 19.400 kg
Start 11. Mee 1973
00:20:00 UTC
Startplaz Baikonur LC200/39]]
Drorakéit Proton-Rakéit
Status vergloust den 22. Mee 1973

D'Kosmos 557 war déi drëtt zivil Raumstatioun (DOS 3) vun der Sowjetunioun.

D'Raumstatioun gouf den 11. Mee 1973 um 0:20 UTC vum Kosmodrom Baikonur mat enger Proton-Rakéit an eng Äerdëmlafbunn bruecht. D'Bunnhéicht louch tëscht 218 an 266 Kilometer bei enger Bunnschréi vun 51,6 Grad.[1] D'Kosmos 557 konnt net am Orbit stabiliséiert ginn, well d'Kommandoiwwerdroung net funktionéiert huet. Sou war se schonn no eelef Deeg, den 22. Mee 1973 iwwer dem Pazifik vergloust. Dofir krut s'eng Tarnbezeechnung vun der Kosmos-Rei.[2] Am Fall vun engem Erfolleg hätt d'Statioun eng Saljut-Bezeechnung kritt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. NSSDC Master Catalog: Cosmos 557 (en)
  2. Raumfahrer.net: Die Saljut-Stationen, 23. Mäerz 2002