Yang Liwei

Vu Wikipedia
Yang Liwei
Gebuer 21. Juni 1965
Nationalitéit China
Educatioun Universitéit Tsinghua
Aktivitéit Astronaut, Juegdpilot
Partei Chineesesch kommunistesch Partei

De Yang Liwei (楊利偉; 杨利伟), gebuer den 21. Juni 1965 an der Groussgemeng Suizhou am Krees Suizhong (Huludao), vun der chineesescher Provënz Liaoning, ass deen éischte chineesesche Raumfuerer.

De Yang huet e Bachelor op der Loftfaartschoul Nr.8 gemaach a gouf duerno Pilot an der Volleksbefreiungsarméi.

Am Januar 1998 gouf hie mat 13 anere Piloten erausgesicht fir vun 1999 en Trainingsprogramm fir Taikonaut ze maachen.

De Yang ass de 15. Oktober 2003 mam Raumschëff Shenzhou 5 fir deen éischte chineesesche bemannte Weltraumfluch gestart. Deen huet iwwer 21 Stonne gedauert an ass mat enger Landung bei Sonnenopgang an der Provënz Bannescht Mongolei op en Enn gaangen.

De Yang Liwei ass bestuet an huet e Jong.

Am Mäerz 2005 gouf den Asteroid (21064) Yangliwei no him genannt.

Den 22. Juli 2008 gouf de Yang Liwei zum Generolmajouer an der Loftwaff promovéiert, an am Mee 2010 zum Directeur-adjoint vum chineeseschen Astronautenzentrum ernannt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]