Shenzhou 5

Vu Wikipedia
D'Raumkapsel Schenzhou 5

D'Shenzhou 5 ass eng Raumkapsel aus dem chineesesche Shenzou-Raumfaartprogramm. Et ass déi éischt chineesesch Kapsel mat där e Mënsch (och e Chinees) geflunn ass.

De Weltraumfluch deen ouni Problemer ofgelaf ass war de 15. Oktober 2003. De Colonel Yang Liwei war eleng u Bord.

Oflaf vun der Missioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Shenzhou 5 ass de 15. Oktober 2003 um 17h00 UTC-Zäit vum Weltraumfluchhafe Jiuquan mat enger Rakéit vum Typ Longue Marche 2F, an der Gobi-Wüst an d'Luucht geschoss ginn.

Si ass um 17h10 bei enger Héicht vun 343 km op Orbite gesat ginn an ass duerno wärend 21 Stonne 14 Mol ronderëm d'Äerd geflunn, fir de 16. Oktober um 22h04 an der Mongolei, 4.800 Meter ewech vun der Plaz déi virgesi war, ze landen.

Den zweeten Deel vum Modul ass nach bis de 16. Mäerz 2004 operationell ronderëm d'Äerd geflunn fir automatiséiert Experimentez ze maachen. Den 30. Mee ass en aus senger Ëmlafbunn gehäit ginn, an en ass beim Antrëtt an d'Atmosphär vergloust an d'Reschter sinn an de Pazifeschen Ozean getrollt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Shenzhou program – Biller, Videoen oder Audiodateien