Sowjetesch Raumfaart

Vu Wikipedia
Fichier:Soyuz ASTP rocket launch.jpg
Eng Sojus-Rakéit beim Start zu Baikonur (1975).
Wirtschaftshow zu Moskau - Hal vum Kosmos (1968)

Déi sowjetesch Raumfaart huet zanter dem Start vum Sputnik 1 am Joer 1957 weltwäit als féierend gegollt; zäitweis huet den US-amerikaneschen Apollo-Programm mat der Moundlandung 1969 hir de Rang oggelaf, si war awer weider virun allem am Beräich vun orbitale Statioune present.

Grondlagen[änneren | Quelltext änneren]

Déi theoreetesch Grondlage vum Weltraumfluch goufe schonn am Ufank dem 20. Joerhonnert vum russesche Wëssenschaftler Konstantin Ziolkowski geluecht. Géint Ufank vum éischte Weltkrich hat dat zaristescht Russland a spéider dunn d'UdSSR mam Bau vu klenge Rakéiten ugefaangen,. Bekannt gouf virun allem ënner dem Numm Stalinuergel den zanter 1938 militäresch agesate Katjuscha-Rakéitewerfer.

E wichtegen Impuls fir de sowjeteschen, geneesou wéi fir den US-amerikanesche Rakéiteprogramm war déi däitsch Rakéit V2, déi no 1945, begleet vun enger Rei vun Ingenieuren, als Krichstroffee an d'Sowjetunioun koum. Dës éischt Groussrakéit gouf analyséiert, nogebaut a schrëttweis a Prezisioun, Notzlaascht a Reechwäit verbessert. Anescht wéi an den USA, wou ë. a. de fréiere Chef vum däitsche Rakéiteprogramm, de Wernher von Braun d'Weiderentwécklung geleet hat, goufen déi däitsch Techniker net an de sowjetesche Programm iwwerholl, mä no gemaachter Aarbecht nees an Däitschland geschéckt.

De Sergei P. Koroljow op engem sowjeteschen Timber (1969)

De wichtegste Kapp vun der sowjetescher Rakéitenentwécklung war de Sergei Koroljow, deem seng Identitéit am Westen eréischt no sengem Doud, de 14. Januar 1966 bekannt gouf. De sowjetesche Raumfaartprogramm war, wéi den amerikanesche vun Ufank un enk un de militäreschen Interessi gebonnen an ënnerlouch strengster Geheimhalung. De Koroljow war, grad wéi de von Braun, vun de Raumfaartméiglechkeete faszinéiert, konnt sech awer ufanks nëmme hanner de Kulisse fir d'Benotze vu Groussrakéite fir friddlech Zwecker asetzen.

Déi sowjetesch Raumfaart war anescht organiséiert wéi déi vun den USA. Déi amerikanesch Rakéitenentwécklung gouf an den dräi Deelsträitkräften Arméi, Marinn a Loftwaff getrennt gemaach. Sou stoung dem von Braun seng Redstone-Entwécklung a Konkurrenz zu engem Marinne-Programm. Spéider gouf du mat der NASA eng eegen Agentur fir déi zivil Raumfaart gegrënnt, wärend déi militäresch Rakéitenentwécklung weider bei den dräi Deelsträitkräfte blouf.

An der UdSSR gouf dergéint eng eegen Deelsträitkraaft geschaf: Déi kosmesch Sträitkraaft (WKS – Wojenno Kosmitscheskije Silui), déi souwuel fir déi militäresch wéi och fir déi zivil Entwécklung zoustänneg war. Eréischt mat der Grënnung vun der russescher Federatioun 1992 gouf och do eng eegen, zivil Raumfaartagentur d'Roskosmos gegrënnt.

Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

R-7[änneren | Quelltext änneren]

R-7 zu Moskau

Als grouss Ingenieursleeschtung vum Koroljow, well besonnesch einfach an domat zouverlässeg, gëllt déi ufanks als Interkontinentalrakéit konzipéiert R-7. Si gouf mat nëmme klenge Variatiounen déi am meeschten agesat Drorakéit weltwäit a gëtt bis haut als Dréier vum Sojus-Raumschëff a vum Progress-Transporter agesat, ë. a. fir de Mannschaftstransport fir d'ISS an hir Versuergung.

Mat enger R-7 war och de Sputnik 1 de 4. Oktober 1957 gestart, den éischten Äerdsatellit – eng Sensatioun, déi och am Westen Begeeschterung fir d'Raumfaart bruecht hat. De Start war am Kader vum Internationale Geophysikalesche Joer 1957 erfollegt an hat an de westleche Länner zum sougenannte Sputnikschock gefouert.

De gréissten Erfolleg vun der sowjetescher Raumfaart awer war de Fluch vum Juri Gagarin, dem éischte Mënsch am Weltraum. No der erfollegräicher Äerdëmkreesung den 12. Abrëll 1961 gouf hien zu Moskau an an der ganzer Welt mat grousser Begeeschterung gefeiert. Beim Lenin-Prospekt zu Moskau gouf 1980 dat gewaltegt, futuristescht Gagarin-Denkmal opgeriicht.

Fir déi sowjetesch Féierung a fir de Regierungschef Nikita Chrustschow koumen dës Erfolleger zimmlech onerwaart. Et gouf awer net vergiess, fir se propagandistesch auszenotzen, fir d'Iwwerleeënheet vum Kommunismus ze demonstréieren.

Wettlaf zum Mound[änneren | Quelltext änneren]

D'Sowjetunioun huet och bei der Course op de Mound matgemëscht a konnt do mat de Lunik-Missioune schonn 1959 Erfolleger verbuchen a vun 1963 mat dem Luna-Programm weiderféieren. Fir eng bemannt Missioun hätt een eng nei grouss Drorakéit gebraucht, awer nom Doud vum Koroljow am Joer 1966 hunn s et net méi fäerdegbruecht d'Mëttelen an d'Fäegkeeten erfollegräich op déi Aufgab ze konzentréieren. No en ettleche Feelstarte gouf mat den Aarbechten un der gewalteger N1-Rakéit 1974 opgehalen an de sowjetesche bemannte Moundprogramm gestrach.

Planéitesonden[änneren | Quelltext änneren]

Mat Lunochod goufen nach bemierkenswäert Roboter-Missiounen op de Mound gemaach. Déi verschidde Missiounen op de Mars waren awer keng Erfolleger. Vun de Mars-Sonde war Mars 1 am Joer 1962 gestart an hat och de Planéit erreecht, konnt awer wéinst technesche Problemer keng Donnéeë liwweren. Änlech ergoung et och dem Mars 2 an 3, déi 1969 gestart waren. Déi 1973 fortgeschéckt Sonde 4 bis 7 ware mat Elektronikproblemer geplot, nëmme Mars 5 hat eng Rei Fotoe geliwwert. Och déi béid Fobos-Sonde fir Erfuerschung vum Marsmound Phobos am Joer 1988 konnten hiert Zil net erreechen. 1996 gouf och déi russesch Mars 96-Sond no engem Feelstart ofgeschriwwen.

D'Sonden op den Nopeschplanéit Venus hate méi Erfolleg. Tëscht 1965 an 1984 goufen am Ganze fofzéng Venera-Missioune gestart, mat haaptsächlech erfollegräichem Verlaf, woubäi vill Donnéeën, Radarkartéierungen an héichopgeleist Fotoen iwwermëttelt goufen. Tëscht 1984 an 1986 hu sech ënner Bedeelegung vun internationale Wëssenschaftler, d'Vega 1 an 2 Missiounen ugeschloss. Dobäi goufe Landesonden op der Venus ofgesat, gefollegt vun engem Rendez-vous mat dem Koméit Halley. Wann och nëmme wéineg wëssenschaftlech neit Material entstoung, sou hunn d'Vega-Missiounen dach demonstréiert, datt se technologesch weider op der Héicht waren.

Buran an Energija[änneren | Quelltext änneren]

D'Raumfähr Buran, 1997 op enger Ausstellung

Mat der Entwécklung vun der Raumfähr Buran mat der Drorakéit Energija hat d'Sowjetunioun vun 1976 un nach eng Kéier en neien, technologesch éiergäizege Weltraumprojet gestart. Op den éischte Bléck huet et dem US-amerikaneschen Space Shuttle geglach, de System war awer méi flexibel konzipéiert. D'Energija war als eegenstänneg Drorakéit mat 96 Tonnen, spéider als Vulkan mat 175 Tonnen Notzlaascht (fir en niddregen Äerdorbit) ausgeluecht an och fir e weidere Gebrauch gebaut. Déi relativ kleng Dreifwierker vum Buran goufe beim Start eréischt nom Erreeche vum Weltraum agesat. Dat hat et dem Buran erméiglecht, méi eng héich Notzlaascht vun 30 Tonnen, amplaz vu 25 Tonne vum ongeféier grad sou grousse Shuttle matzehuelen.

No enger Rei erfollegräicher, onbemannter Testflich gouf de Programm 1993 offiziell agestallt, nodeems duerch d'Opléisung vun der Sowjetunioun de Budget ofgebrach war. Déi eegestänneg asetzbar Energija war duerno och kommerziell net méi ze benotzen.

Mir[änneren | Quelltext änneren]

D'Raumstatioun Mir am Äerdorbit

An d'Bléckfeld vn der Weltëffentlechkeet koum d'sowjetesch Raumfaart zulescht virun allem mat der Raumstatioun Mir. Tëscht dem Start vum 19. Februar 1986 an dem gezilten Ofstuerz den 23. Mäerz 2001 goufen hei vill wëssenschaftlech Experimenter bedriwwen a Rekorder gebrach.

Iwwergank an déi russesch Federatioun[änneren | Quelltext änneren]

Déi sowjetesch Ressourcë vu Mënschen a Material goungen domat gréisstendeels un déi russesch Raumfaartagentur Roskosmos (ufanks RKA) iwwer, déi vill vun de Projete fort- oder nei a Gank gesat huet. Zum Deel war dat an Zesummenaarbecht mat der Ukrain, dem Kasachstan an anere GUS-Staaten, déi fréier en Deel vun der UdSSR waren, geschitt.

Grouss Deeler vun der sowjetescher Raumfaartgeschicht sinn am Kosmonautemusée zu Moskau dokumentéiert.

Meilesteng[änneren | Quelltext änneren]

Meilesteng an Éischtleeschtungen an der sowjetescher Raumfaart waren:

amerikanesch Gedenkplakett fir de Juri Gagarin
Blockeditioun vun der sowjetescher Post (1965); lénks: de Beljajew, riets: den Leonow

De villen Éischtleeschtunge stinn awer och Feelprojete géigeniwwer, wéi déi laang geheim gehale Moundrakéit N1 oder d'Raumfähr Buran, déi no engem onbemannten Asaz ausrangéiert gouf. Vill Detailer iwwer Feelschléi goufen eréischt no der Perestroika bekannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Alfred Gugerell: Von Gagarin zur Raumstation Mir. Gugerell, Traisen (Niederösterreich) 1998, ISBN 3-9500500-0-0.
  • Dennis Newkirk: Almanac of Soviet Manned Space Flight. Gulf Pub Co, Houston 1990, ISBN 0-87201-848-2.
  • Peter Stache: Sowjetische Raketen. Elbe-Dnjepr-Verlag, Klitzschen (Sachsen) 2001, ISBN 3-933395-27-5.
  • Matthias Schwartz: Die Erfindung des Kosmos: zur sowjetischen Science Fiction und populärwissenschaftlichen Publizistik vom Sputnikflug bis zum Ende der Tauwetterzeit. Lang, Frankfurt am Main 2003, ISBN 3-631-51225-2.
  • Philipp Meuser (Hrsg.): Architektur für die russische Raumfahrt. Vom Konstruktivismus zur Kosmonautik. DOM Publishers, Berlin 2013, ISBN 978-3-86922-219-6.
  • Levantovskij, Vladimir I., Leškovcev, Vladimir A., Rachlin, Il'ja E.: Sovetskaja raketa issleduet kosmos (Die sowjetische Rakete erforscht den Kosmos). Moskau, Verlag Gos. Izd. Fiz.-Mat. lit., in kyrillischer Schrift, 1959.
  • Stefan Scholl: Anarchie im All. In: Brand eins. Nr. 10, 2008, ISSN 1438-9339 (PDF)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sowjetesche Raumfaartprogramm – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]