Saljut 1

Vu Wikipedia
Saljut 1
Saljut 1 mat dem Sojus-Raumschëff dat hannendru flitt
Typ Raumstatioun
Land Sowjetunioun
Bemannt am Orbit 23 Deeg
Äerdëmkreesungen 2.929
Apogeum 222 km
Perigeum 200 km
Bunnschréi 51,6°
Mass 19.400 kg
zeréck geluechte Streck 118.602.524 km
Start 19. Abrëll 1971
01:40:00 UTC
Startplaz Baikonur LC200/39
Drorakéit Proton-Rakéit
Neesantrëtt an d'Atmosphär 11. Oktober 1971

D'Saljut 1 war déi éischt Raumstatioun vun der Welt. Si gouf an der Sowjetunioun gebaut an entwéckelt.

Start a Konfiguratioun[änneren | Quelltext änneren]

Saljut 1 gouf den 19. Abrëll 1971 u Bord vun enger Proton-Rakéit gestart. Ofgeleet aus dem Almas-Programm an ënner Zäitdrock gebaut, bestoung d'Statioun am grousse Ganzen aus engem Almasmantel an aus Baugruppe vum Sojus-Raumschëff.

Domat war si d'Grondlag fir den ziville Raumstatiounstyp DOS (Dolgovremennaja orbitalnaja stancija: fir "Laangzäit-Orbital-Statioun"), déi sech mat der Entwécklung vum Programm ëmmer méi däitlech vun den Almasstatiounen ënnerscheet huet. Zu der Ausrëschtung vun der Saljut 1 huet ënner anerem e Solarteleskop gehéiert, e Spektrometer, en Elektrophotometer an eng TV-Anlag. Ausserdeem war de geheime Radiometer Swinets u Bord, souwéi d'UV-Instrument Orion, mat deem Rakéitestarten op der Äerd observéiert konnte ginn. D'Solarteleskop konnt awer net schaffen, well sech eng Ofdeckung op der baussenzeger Säit vun der Raumstatioun net richteg geléist hat. D'Steierung am All an en Deel vun der Energieversuergung gouf iwwer e komplette Sojus-Servicemodul mat Solarpanéilen um Heck gemaach. Um Bug war e Kopplungsadapter an eng weider Koppel vu Sojus-Solarpanéilen agebaut. D'total Längt vun der Statioun war 16 Meter an d'Mass ronn 18,9 Tonnen.

Missioun a Crew[änneren | Quelltext änneren]

Mëssgléckt Kopplung vu Sojus 10[änneren | Quelltext änneren]

D'Statioun sollt vun den dräi Crewmembere vun der Missioun Sojus 10, déi 22. Abrëll vu Baikonur aus gestart war a schonn Kenntnesser mat Rendez-vousmanöver aus dem Sojus-Programm haten, bemannt an a Betrib geholl ginn. Sojus 10 huet de 24. Abrëll un d'Raumstatioun ugekoppelt, konnt awer keng drockdicht a keng elektresch Verbindung zu Saljut 1 opriichten. Well d'Liichten doduerch net opgemaach konnte ginn an d'Crew zudeem kee Raumgezei fir en Ausstieg mat hat, konnt d'Statioun net begaange ginn an d'Crew vu Sojus 10 huet missen op d'Äerd zeréckkommen.

Éischt Crew an enger Raumstatioun: Sojus 11[änneren | Quelltext änneren]

D'Raumschëff vun der nächster Missioun, Sojus 11, krut e verstäerkte Kopplungsadapter, fir en neien Defekt z'ëmgoen. Gestart gouf de 6. Juni 1971 a schonn en Dag méi spéit konnt eng erfollegräich Kopplung u Saljut 1 gemaach ginn. No engem kuerze Begoe vun der Statioun goung d'Crew fir d'Nuecht an d'Sojus-Raumschëff zeréck, well an der Statioun e verbrannte Geroch festgestallt an en Austausch vun der Statiounsatmosphär beschloss gouf. Wärend dem Openthalt op Saljut 1 hunn d'Kosmonaute verschidden Äerdobservatiounen a wëssenschaftlech Experimente gemaach. De 26. Juni waren déi wëssenschaftlech an technesch Experimenter ofgeschloss. D'Deeg déi Rescht blouwe goufe fir de kierperlechen Training als Virbereedung fir de Retour op d'Äerd ausgenotzt. No 23 Deeg u Bord vun der Statioun huet sech d'Crew den 29. Juni 1971 mat hirem Sojus-Raumschëff ofgekoppelt an d'Landung virbereet. Beim Ofsprenge vum Orbitalmodul hat sech e Loftventil onplangméisseg opgemaach an d'Kapsel hat wärend dem Neesantrëtt an Äerdatmosphär hir eegen Atmosphär verluer. D'Folleg war den Doud fir déi dräi Kosmonauten.

No Sojus 11[änneren | Quelltext änneren]

No Sojus 11 hätt nach eng zweet, wa méiglech och nach eng drëtt Mannschaft an der Saljut 1 liewen a schaffe sollen. Duerch dat Ongléck goufen awer weider bemannt Sojus-Flich zeréckgestallt. Trotzdeem gouf versicht, d'Statioun weider am All ze halen an den Orbit nach unzehiewen.

Well den nächste bemannte Sojus-Fluch ëmmer nees verréckelt gouf an eréischt zwee Joer nom Ongléck gestart gouf, konnt Saljut 1 net nees bemannt ginn.

D'Saljut 1 war ufanks fir dräi Méint virgesinn. Trotzdeem konnt d'Buedemkontroll iwwer déi Zäit eraus wäertvoll Daten iwwer Dreifstoffverbrauch, Lagereegelung an Héichteverloscht vun der Statioun sammelen. Well d'Dreifstoffreserven op en Enn koumen, gouf d'Enn vun der Raumstatioun de 25. September ageleet. No 175 Deeg am Orbit gouf Saljut 1 plangméisseg den 11. Oktober iwwer dem Pazifik an der Äerdatmosphär verglouse gelooss.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]