Laika

Vu Wikipedia
Timber aus der VR Rumänien

D'Laika (Russesch: Лайка, "Eng, déi billt"), gebuer ëm 1954 zu Moskau a gestuerwen den 3. November 1957, war eng russesch Hondsmudder, e Baaschtert, an dat éischt Liewewiesen, dat am Weltall op Orbit ronderëm d'Äerd geflunn ass.

Et gouf den 3. November 1957 mat enger Sputnik 2 vu Baikonur aus op seng Rees geschéckt. 2002 gouf bekannt, datt et no e puer Stonnen, nach ier de 4. Tour ronderëm war, un Iwwerhëtzung a Stress gestuerwen ass.

Idealerweis hätt et 10 Deeg iwwerliewe sollen, sou datt d'Donnéeën iwwer seng Kierperfunktiounen hätte kënnen ausgewäert ginn, ier de Sputnik op d'Äerd gefall an an der Atmosphär vergloust wier.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Laika – Biller, Videoen oder Audiodateien