Däitschen Zentrum fir Loft- a Raumfaart

Vu Wikipedia
German Space Operations Center (GSOC), Oberpfaffenhofen (München)

Den Däitschen Zentrum fir Loft- a Raumfaart (de: Deutsches Zentrum für Luft- und Raumfahrt e. V.), ofgekierzt DLR, ass e Fuerschungszentrum vun der Bundesrepublik Däitschland fir Loft- a Raumfaart, Energie a Verkéier.

Den DLR ass an Däitschland op 16 Standplaze vertrueden, den Haaptsëtz ass zu Köln. Seng ëmfangräich Fuerschungs- an Entwécklungsaarbechte sinn an national an international Kooperatiounen agebonnen.

Iwwer déi eege Fuerschung eraus ass den DLR als Raumfaartagentur am Optrag vun der däitscher Bundesregierung fir de Programm an d'Ëmsetzung vun den däitsche Raumfaartaktivitéiten zoustänneg. Weiderhi koordinéiert den DLR als Projetdréier déi fachlech an organisatoresch Ëmsetzung vu Fërderprojete vu verschiddene Ministère vun der Bundesrepublik Däitschland (ë. a. vum BMBF a BMWi).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Niklas Reinke: Geschichte der deutschen Raumfahrtpolitik. Konzepte, Einflussfaktoren und Interdependenzen: 1923-2002, München 2004, ISBN 3-486-56842-6

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Deutsches Zentrum für Luft- und Raumfahrt – Biller, Videoen oder Audiodateien