Weltraumorganisatioun

Vu Wikipedia

Als Weltraumorganisatioun ginn Administratiounen, Ariichtungen an Zesummenschlëss vu Verwaltungen, Persounen, an Entreprisë bezeechent, déi sech mat der Fuerschung an/oder Notzbarmaache vum Weltraum fir friddlech oder militäresch Zwecker befaassen.

National Weltraumorganisatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Vill Staaten ënnerhalen national Weltraumorganisatioune fir d'Fuerschung an d'Benotze vum Weltraum. Heiansdo sinn déi betreffend Organisatiounen nëmme fir Raumfaart a Benotze vum Weltraum zoustänneg, munnechmol zousätzlech och fir d'wëssenschaftlech Entwécklung vun der Loftfaart.

Déi bekanntst national Weltraumorganisatioun ass déi, den 29. Juli 1958 gegrënnt zivil US-Bundesagentur fir Loft- a Raumfaart, d'NASA déi et als éischt an eenzeg Organisatioun fäedegbruecht huet, Mënschen op den Äerdmound ze schécken.

Lëscht vun nationale Weltraumorganisatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Zesummeschlëss vu Staaten, respektiv Organisatiounen aus verschiddene Länner[änneren | Quelltext änneren]

Europa[änneren | Quelltext änneren]

Nieft nationale Weltraumorganisatioune gëtt et och Zesummeschlëss vun en ettleche Staaten wéi d'Europäesch Weltraumorganisatioun (engl. European Space Agency, kuerz ESA). Déi gouf den 30. Mee 1975 fir eng besser Koordinéierung vun den europäesche Raumfaartaktivitéite gegrënnt, well den technologesche Réckstand an der Raumfaart géigenniwwer der UdSSR an den USA wéinst den immensen Ustrengunge vun deenen zwee Länner ëmmer méi grouss gouf. Si hat 18 Memberstaaten (zanter 2008 Tschechien). D'ESA ass d'Nofollgerganisatioun vun den europäeschen Organisatiounen ELDO, ESRO a vun der Europäescher Fernmeldesatellitte-Konferenz (CETS). Wéi déi ass si no Artikel 2. vun hirem Statut op „reng friddlech Zwecker“ vun der Raumfaart begrenzt.

Ettlech Staaten[änneren | Quelltext änneren]

Niewen Zesummenschlëss vun nationalen Organisatioune gëtt et och Zesummeschlëss fir Eenzelzwecker, z. B. fir d'Entwécklung an de Betrib vu Rakéiten, Raumstatiounen, Satellitten a Satellittennetzer.

Entwécklung an eventuelle kollektive Betrib vu Systemer[änneren | Quelltext änneren]

  1. E Beispill fir e méistaatlechen Zesummeschloss fir Entwécklung an eventuell fir kollektive Betrib vu Systemer ass d'Europäesch Organisatioun fir de Gebrauch vu meteorologesche Satellitten, EUMETSAT zu Darmstadt, déi d'Meteosat- an d'MetOp-Wiedersatellitte bedreift.
  2. E weidert Beispill ass d'Disaster Monitoring Constellation (DMC), e Verband vun Äerdobservatiounssatellitte fir Katastrophenhëllef, dee vun der DMC International Imaging bedriwwe gëtt. Membere sinn d'Staaten:

Standardiséierung an Informatiounsaustausch[änneren | Quelltext änneren]

E Beispiel fir en Zesummeschloss fir d'Standardiséierung an den Informatiounsaustausch ass de Consultative Committee for Space Data Systems (CCSDS) mat Sëtz zu Washington D.C.. D'Aufgab vum CCSDS ass d'Ausschaffe vu kollektive Methode fir den Dateverkéier mat Raumgefierer, haaptsächlech vu Fuerschungssonden.

Weltwäit Zesummenschlëss[änneren | Quelltext änneren]

Beispill fir eng internationaal Weltraumorganisatioun, déi prinzipiell fir all d'Weltraumorganisatiounen op ass, ass d'International Charta fir Weltraum an Naturkatastrophen, déi am Fall vu Katastrophe séier gëeegent Satellittebiller mat Vergläichsbiller fir d'optimaalt Plangen an d'Duerchféiere vun der Katastrophenhëllef zur Dispositioun stellt.

Lëscht vun internationale Weltraumorganisatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Privat Weltraumorganisatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Privat Weltraumorganisatioune waren am Ufank aus Gruppe vu Wëssenschaftler entstanen, Ingenieuren a Raumfaartenthusiasten, déi de Gedanke vun der Raumfaart propagéiert hunn an/oder sech fir den Austausch vun Iddien, Konzepter a fir d'Entwécklung vun der Technik zesummegeschloss hunn.
  • Och haut gëtt et nach nieft de Regierungsorganisatioune mat Weltraumbezuch Netregierungsorganisatioune vu Wëssenschaftler oder Fuerschungsariichtungen an deelweis Raumfaartbegeeschteter, déi sech fir d'Verwierklechung vu wëssenschaftlechen Zwecker zesummeschléissen.
  • Haut, wou iwwer Satellitten Telefonsverkéier, Dateverkéier an TV-Biller zu Maartpräisser am Wäert vu Milliarden Euro iwwerdroe ginn, gëtt et och grouss kommerziell Ubidder, déi nees zum Deel a Verbänn oder Konsortie verbonne sinn. Etabléiert Mäert si virun allem Noriichteverkéier iwwer Satellitten, Äerdobservatiouns- an Navigatiounssatellitten. Grouss Ubidder sinn ë. a.:
  • A neierer Zäit gëtt et nees privat Associatiounen, déi aner Exploitatioune vum Weltraum wéi Weltraumtourismus oder d'Besiidlung vum Weltraum propagéieren.

Lëscht vu private Weltraumorganisatiounen[änneren | Quelltext änneren]

historesch:

aktiv:

wäitreechend utopesch Ziler:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie