Korea Aerospace Research Institute

Vu Wikipedia
Korea Aerospace Research Institute

De Korea Aerospace Research Institute (KARI) ass d'Loft- a Raumfaartagentur vu Südkorea.

De KARI gouf 1981 gegrënnt. Zanter 1992 wéi Südkorea an d'IAEO opgeholl gouf konzentréiert sech d'Fuerschungsaarbecht haaptsächlech op d'Raumfaarttechnologie.

Den Haaptzentrum vu KARI läit an der Stad Daejeon, am Daedeok Science Town.

Projete vum KARI sinn z. B. de Korea Space Launch Vehicle oder den Arirang-Satellit aus dem Joer 1999.

Koreaneschen Astronauteprogramm[änneren | Quelltext änneren]

De 25. Dezember 2006 goufen déi zwéi südkoreanesch Kandidate fir e Fluch mat dem Raumschëff Sojus TMA-12 op d'International Raumstatioun (ISS), ee Mann an eng Fra, wärend enger Feier am SBS-Televisiounszenter zu Seoul ausgewielt. Se waren ënner 36.000 Kandidaten erausgesicht ginn.[1]

Déi Koppel huet zanter Fréijoer 2007 am Juri-Gagarin-Kosmonautentrainingszentrum an der Géigend vu Moskau en Astronautentraining vu 15 Méint gemaach. Fir d'éischt gouf de Ko San fir e Fluch ausgewielt. Den 10. Mäerz gouf den Austausch vun de Kandidate bekannt gemaach.[2] Wärend der Ausbildung hat de Ko San sech Zougank zu Dokumenter iwwer d'Sojus-Steierung verschaaft, wat no de Bestëmmunge fir auslännesch Kandidate verbueden ass.[3] Doduerch ass am Abrëll 2008 d'Koreanerin Yi So-yeon u Bord vun der Sojus TMA-12 op d'Internationaler Raumstatioun geflunn, fir do fir ongeféier aacht Deeg wëssenschaftlech Experimenter ze maachen.

Déi aacht aner Finaliste waren:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Korea Times: Korean Will Go Into Space in 2008 (en)
  2. RIA novosti: - Iwwerraschende Wiessel kuerz virum Weltraumstart
  3. RIA novosti: Russland verbannt koreanesche "Spioun" aus Weltraumprogramm