European Space Research Organisation

Vu Wikipedia
De Satellit ESRO-2b

D'European Space Research Organisation (ESRO) war eng Europäesch Weltraumfuerschungsorganisatioun. D'ESRO gouf de 14. Juni 1962 duerch zéng Staate (Belsch, Dänemark, Frankräich, Italien, Holland, Spuenien, Schweden, d'Schwäiz, Groussbritannien an Däitschland) gegrënnt. D'ESRO hat wëssenschaftlech Satellitte gebaut, déi vun den USA aus an hir Ëmlafbunn bruecht goufen.

Parallel gouf d'European Launcher Development Organisation (ELDO) gegrënnt, fir selwer Satellitte starten ze kënnen, wat awer net gelongen ass. Op der Europäescher Weltraumkonferenz vum 12. bis 14. November 1968 zu Bad Godesberg gouf d'Fusioun vun der ESRO mat der ELDO zu enger eenheetlecher Organisatioun beroden. Den 30. Mee 1975 ass dann d'Fusion vun der haiteger Europäescher Weltraumorganisatioun (ESA) gelongen.

Satellittemissiounen[änneren | Quelltext änneren]

Tëscht 1967 an 1972 hat d'ESRO fënnef Satellitte mat der Scout-B-Rakéit, ee mat der Scout-D1 an dräi mat verschiddene Versioune vun der Delta gestart:

  1. Iris 1 (ESRO-2A), war den 29. Mee 1967 vun der Vandenberg Air Force Base mat enger Scout-B gestart, hat den Orbit awer net erreecht.
  2. Iris 2 (ESRO-2B) fir d'Erfuerschung vun der Sonnestralung (Orbital Solar Observatory) an der kosmescher Stralung. Si gouf de 16. Mee 1968 vun der Vandenberg Air Force Base mat enger Scout-B gestart, a war den 8. Mee 1971 an der Äerdatmosphär vergloust.
  3. Aurora (ESRO-1A), war de 16. Mee 1968 och vun der Vandenberg Air Force Base gestart.
  4. HEOS-1 och Heos A1 genannt, war de 5. Dezember 1968 mat enger Delta-E1 vum Kennedy Space Center, USA gestart a war den 28. Oktober 1975 vergloust.
  5. Boreas (ESRO-1B), war den 1. Oktober 1969 vun der Vandenberg Air Force Base gestart an den 23. November 1969 vergloust.
  6. HEOS-2, war den 31. Januar 1972 vun der Vandenberg Air Force Base mat enger Delta-L gestart, an de 5. August 1974 vergloust.
  7. TD-1A, war den 12. Mäerz 1972 mat enger Thor-Delta-Rakéit (Delta-N) vun der Vandenberg Air Force Base gestart. Den UV-Röntgen- a Gammasatellit hat onënnerbrach mat zwou „Schlofphasen“, bis zum Dreifstoffverbrauch am Mee 1974 geschafft. Hien ass den 9. Januar 1980 vergloust.[1]
  8. ESRO-4, war den 20. November 1972 mat enger Scout-D1 gestart a war de 15. Abrëll 1974 no erfollegräicher Fuerschungsmissioun vergloust.

Vun der ESRO geplangt a vun der ESA ausgefouert Missiounen[änneren | Quelltext änneren]

  1. COS-B
  2. GEOS 1 u. 2
  3. OTS
  4. Meteosat
  5. ISEE 2
  6. IUE
  7. EXOSAT

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • ESA History Advisory Committee: A history of the European Space Agency 1958–1987, Volume 1: The story of ESRO and ELDO (=ESA special publication 1235). European Space Agency 2001, ISBN 92-9092-536-1,(PDF, 3,0 MB)
  • Niklas Reinke: Geschichte der deutschen Raumfahrtpolitik. Konzepte, Einflussfaktoren und Interdependenzen: 1923-2002, München 2004, ISBN 3-486-56842-6

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Archive copy Gearchiveerd op 2006-10-16. Gekuckt de(n) 2006-10-16.