European Launcher Development Organisation

Vu Wikipedia
Europa 2 Rakéit. Längt 31,65 m, Duerchmiesser 3,69 m
Rolls-RoyceRZ-12
Coralie
Astris

D'European Launcher Development Organisation (kuerz ELDO) gouf 1962 duerch sechs europäesch Staate an Australien gegrënnt. Hir Konventioun war den 29. Februar 1964 a Kraaft getrueden. Zweck vun der ELDO war d'Entwécklung vun enger europäescher Drorakéit, der Europa. Domat wollt sech Europa ee vun den USA onofhängegen Zougank zum Weltraum erschléissen.

Den Etat vun der ELDO war 1972 ronn 79,3 Milliounen US-Dollar a gouf zu 90 Prozent vun Däitschland a Frankräich bezuelt. Italien hat seng Bäitrëttszuelunge schonn 1969 agestallt.

Den 1. Mee 1973 hunn déi reschtlech Memberen hir Zuelungen och agestallt. No feelgeschloene Starte vun der Europa-II-Rakéit, fir d'lescht de 5. Mee 1971, huet d'Engagement vun de Memberen ëmmer méi ofgeholl, an am Joer 1973 huet d'ELDO hir Aarbechten agestallt an hir Aufgaben op d'European Space Research Organisation (ESRO) iwwerdroen, mat där si 1975 zu der europäescher Weltraumorganisatioun ESA fusionéiert huet.

Australie war Member, well zu Woomera eng Rakéitestartplaz war, déi fir Europa-Rakéite gebraucht konnt ginn.

Grënnungsmemberen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • ESA History Advisory Committee: A history of the European Space Agency 1958–1987, Volume 1: The story of ESRO and ELDO (=ESA special publication 1235). European Space Agency 2001, ISBN 92-9092-536-1
  • Niklas Reinke: Geschichte der deutschen Raumfahrtpolitik. Konzepte, Einflussfaktoren und Interdependenzen: 1923–2002, München 2004, ISBN 3-486-56842-6

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]