Europa (Rakéit)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
D'Rakéit Europa 2; Längt 31,65 m, Duerchmiesser 3,69 m

D'Europa war eng Serie vun europäeschen Drorakéiten aus den 1960er- an 1970er-Joren, déi awer ni kommerziell agesat goufen. Se gouf vun der European Launcher Development Organisation (ELDO) entwéckelt. D'Testflich goufen op engem Startareal zu Woomera an Australien gemaach.

Europa-Modeller[änneren | Quelltext änneren]

Europa 1[änneren | Quelltext änneren]

D'Europa 1 bestoung aus dräi Stufe mat enger totaler Héicht vun 31,68 m. Dobäi gouf jiddwer Stuf vun engem vun den dräi grousse bedeelegte Staaten vun der ELDO iwwerholl. Sou huet Groussbritannien déi éischt Stuf Blue Streak, Frankräich déi zweet Stuf Coralie an Däitschland déi drëtt Stuf Astris gebaut. D'Europa sollt eng Notzlaascht vun zirka 1200 kg op eng niddreg Äerdëmlafbunn bréngen.

Tëscht Juni 1964 an November 1966 goufen zu Woomera fënnef Testflich mat der éischter Stuf gemaach. Déi zweet Stuf gouf ënner der Bezeechnung Cora separat getest: am November an Dezember 1966 am franséischen Centre interarmées d’essais d’engins spéciaux an Algerien an am Oktober 1967 zu Biscarrosse. Zwéin Tester mat kombinéierter Éischt- an Zweetstuf waren am August an am Dezember 1967 feelgeschloen. Mat der kompletter Rakéit goufen dräi Starte versicht, déi all feelgeschloe waren: den 29. November 1968 an den 2. Juli 1969 war déi drëtt Stuf explodéiert, an den 12. Juni 1970 gouf d'Notzlaaschtverkleedung net ofgetrennt, sou datt d'Rakéit d'Äerdëmlafbunn net erreecht hat.

Europa 2[änneren | Quelltext änneren]

Rolls-Royce-Dreifwierk RZ-12 vun der Ënnerstuf, Schub 2 × 670 kN
Coralie
Astris

1969 huet Frankräich an Italien hir fianzielle Bedeelegung beim Programm vun der Rakéit Europa 2 gestoppt. D'Europa 2 hat zimlech der Europa 1 entsprach, hat awer véier amplaz vun dräi Stufen. Domat sollt e Satellit vun 170 bis 230 kg op eng geostationär Ëmlafbunn bruecht ginn. Well d'Rakéit de Satellit nëmmen op eng geostationär Iwwergangsbunn ausgesat huet, huet dat enger Notzlaascht vun 360 bis 420 kg an de GTO-Orbit entsprach. Déi éischt an zweet Stuf hunn dobäi deenen vun der Europa 1 entsprach. Déi drëtt Stuf gouf liicht modifizéiert an ëm eng véiert Stuf vergréissert, fir den GTO-Orbit z'erreechen. D'Europa 2 war de 5. November 1971 vum Centre Spatial Guyanais fir hiren éischte Fluch gestart, dee leider feelgeschloe war. Dee Start war och den eenzege vun enger Europa 2. De Bericht vun der Ënnersichkommissioun hat gravéierend Feeler am Management an an der Qualitéitssécherung opgewisen, déi zur Astellung vun den Aarbechten un der zweeter Rakéit, där hire Start fir 1972/1973 virgesi war, gefouert hunn. E Modell vun der Europa 2 koum an d'"Deutsche Museum" zu München. Den 1. Mee 1973 hu Groussbritannien an Däitschland hir finanziell Partizipatioun och gestoppt. D'European Launcher Development Organisation (ELDO) gouf dorophin 1973 liquidéiert.

Europa 3[änneren | Quelltext änneren]

D'Europa 3 war e franséischen Entworf gehandelt, dee vu Frankräich schonn zanter 1966 entwéckelt gi war. Deen Entworf gouf nom Enn vun der ELDO der nei gegrënnter ESA ënnerbreet, an där dann d'ELDO opgoung. Deen Entworf vun der Europa 3 gouf d'Grondlag fir déi spéider Ariane 1 vun der ESA.

Iwwersiicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi folgend Tabell gëtt déi technesch Date vun den dräi Europa-Versiounen un. Daten iwwer Notzlaaschte kënnen net direkt mateneen verglach ginn, well si vu Bunnparameteren a Startplaz ofhänken.

  Europa 1 Europa 2 Europa 3
Héicht 31,8 m 31,7 m 40,0 m
Max. Duerchmiesser 3,5 m 3,7 m 3,80 m
Startmass 105 t 112 t 191 t
Startschub 1334 kN 1342 kN 2446 kN
Éischte Start (komplett Rakéit) 29.11.1968 5.11.1971
Leschte Start 12.6.1970 5.11.1971
Startplaz Woomera Kourou
Zuel vu Starten (komplett Rakéit) 3 1 0
dovun erfollegräich 0 0 0

Referenzen[Quelltext änneren]


Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Niklas Reinke: Geschichte der deutschen Raumfahrtpolitik. Konzepte, Einflussfaktoren und Interdependenzen: 1923–2002, München 2004, ISBN 3-486-56842-6.
  • France Durand-de Jongh: De la fusée Véronique au lanceur Ariane. Une histoire d’hommes 1945–1979. Stock, Paris 1998, ISBN 2-234-04659-9.
  • Hervé Moulin: La France dans l’Espace 1959–1979 – Contribution à l’effort spatial européen. ESA Publications Division, Noordwijk 2006, ISBN 92-9092-549-3 (online; PDF; 2,3 MB).
  • F.-Herbert Wenz: Die legendäre EUROPA-Trägerrakete. Geschichte und Technik der in Deutschland gebauten 3. Stufe. 1961 – 1973 Stedinger Verlag, Lemwerder 2004, ISBN 3-927697-27-3.
  • Bernd Leitenberger: Europäische Trägerraketen Band 1 Von der Diamant zur Ariane 4 – Europas steiniger Weg in den Orbit. Books on Demand, Norderstedt 2009, ISBN 3-8370-9591-6.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Europa – Biller, Videoen oder Audiodateien