Indian Space Research Organisation

Vu Wikipedia
Logo vun der ISRO
Déi indesch Rakéit GSLV

D'Indian Space Research Organisation (ISRO) ass déi indesch Raumfaartagentur mat Haaptsëtz zu Bangalore. Si gëtt vum Sri Madhavan Nair geleet.

Iwwerbléck[änneren | Quelltext änneren]

D'Haaptzil vun der ISRO ass d'Entwécklung vun der Raumfaarttechnologie, dorënner Satellitten, Drorakéiten, Héichtefuerschungsrakéiten an ënnerstëtzender Buedemtechnik. Besonneschen Undeel un hirer Schafung an Entwécklung hat de Vikram Sarabhai, deen als „Papp vum indesche Raumfaartprogramm“ gëllt.

De 15. August 1969 als Departement vum indeschen Atomenergieministère (Department of Atomic Energy) gegrënnt, ënnersteet d'ISRO zanter 1972 dem Department of Space an ass zanter 1975 eng Regierungsorganisatioun. Si goung aus dem 1962 geschaaften Indian National Committee for Space Research (INCOSPAR) ervir.

Déi am Ament ronn 17.000 Beamte sinn an en ettleche Bezierker am ganze Land verdeelt. Déi gréisst Eenzelariichtung ass de Vikram Sarabhai Space Centre (VSSC) zu Thiruvananthapuram mat 5.600 Beamten, déi zoustänneg si fir d'Entwécklung vun Dro- an Héichtefuerschungsrakéiten. Rakéitestartplaze sinn am Satish Dhawan Space Centre op Sriharikota, vu wou all indesch Satellitte gestart ginn, souwéi zu Thumba an zu Baleswar. Fir déi kommerziell Interesse vum ISRO ass déi indesch Firma Antrix zoustänneg.

Projeten[änneren | Quelltext änneren]

Hiren éischten Erfolleg hat d'ISRO den 19. Abrëll 1975 mam Start vum éischten indesche Satellit Aryabhata, deen nach mat der sowjetescher Drotechnologie gestart gouf. 1980 war du fir d'éischt e Start vun engem Satellit (Typ Rohini) mat enger eegenentwéckelter Drorakéit (SLV-3) gelongen. 1984 war den éischte bemannte Fluch mam Inder Rakesh Sharma. Hien hat aacht Deeg u Bord vun der sowjetescher Raumstatioun Saljut 7 verbruecht.

Weider Erfolleger hat d'ISRO virun allem mat de Projeten INSAT (Indian National Satellite System), IRS (Indian Remote Sensing Satellite System), SROSS (Stretched Rohini Satellite Series), PSLV (Polar Satellite Launch Vehicle) an GSLV (Geosynchronous Satellite Launch Vehicle).

Déi indesch Raumfaartagntur ISRO hat de 7. November 2006 matgedeelt, datt Indien an de kommenden aacht Joer an der Lag kéint sinn, fir eng bemannt Weltraummissioun duerchzeféieren. D'Konzept, dat bei engem Treffe vu féierende Wëssenschaftler zu Bangalore virgestallt gouf, gesäit ë.&a. e Raumschëff vir, dat nach muss entwéckelt ginn an dat mat der indescher GSLV-Rakéit an d'Äerdëmlafbunn bruecht gëtt. D'Käschte fir dee Projet ginn op 2 Milliarden Euro geschat.

Mat der Raumsond Chandrayaan-1 hat d'ISRO den 22. Oktober 2008 mat enger PSLV-Rakéit déi éischt indesch Raumsond gestart. Hiert Zil war den Äerdmound. Well de Kontakt mat der Sond no 10 Méint verluer gaange war, hat mat der Missioun virzäiteg missen ogehale ginn. D'ISRO hat d'Missioun als erfollegräich ugesinn. De 5. November 2013 gouf d'Missioun op de Mars erfollegräich gestart. Déi Raumsond Mangalyaan (Mars Orbiter Mission) hëlt fënnef Instrumenter mat op de Mars, fir do Fuerschungen ze maachen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Indian Space Research Organisation – Biller, Videoen oder Audiodateien