Op den Inhalt sprangen

Netregierungsorganisatioun

Vu Wikipedia

Eng Netregierungsorgansiatioun, ofgekierzt NRO, NGO (fir Non-Governmental Organisation) oder ONG (fir Organisation non gouvernementale), Organisatioun, déi weeder vun engem Staat nach vun enger Internationaler Institutioun ofhänkt, d. h. si gëtt nëmme privat finanzéiert an ass net drop ausgeriicht fir e Benefice ze maachen.

Eng NRO verfollegt normalerweis en Zil dat vun ëffentlechem Intressi ass, wéi z. B. d'Verdeedegung vun de Mënscherechter, humanitär Hëllefsprojeten, oder Entwécklungshëllef déi iwwer privat Kanäl leeft.

Déi lëtzebuergesch Bezeechnung Netregierungsorgansiatioun kënnt vum engleschen Ausdrock non-governmental organisation. NROe gëtt et awer u sech scho laang ier dee Begrëff an de Medien an an der Gesellschaft an d'Bewosstsinn eragetrueden ass. Ee Beispill sinn déi schonn am 19. Joerhonnert a verschiddene Länner gegrënnt national Routkräiz-Gesellschaften.