Athénée-Action humanitaire
ATHÉNÉE - ACTION HUMANITAIRE a.s.b.l. ass eng lëtzebuergesch NRO, déi am September 2005, mam Zil an Drëtt Welt Länner ze hëllefen, vu Schüler a Professeren aus dem Kolléisch an d'Liewe geruff gouf.
Enn 2007, gouf d'a.s.b.l. Athénée-Action humanitaire vum Här Jean-Louis Schiltz, deemolege Ministre de la Coopération et de l'Action humanitaire, als eng net staatlech Organisatioun (Organisation non gouvernementale agréée) unerkannt.
Déi verschidde Projeten
[änneren | Quelltext änneren]An dëser humanitärer Netregierungsorganisatioun si verschidde Projete vereent.
WARMTH
[änneren | Quelltext änneren]De Kolléisch huet sech 1998 mam Projet WARMTH (WAR against Malnutrition, Tubercolosis and Hunger) fir d'éischt engagéiert. D'Zil vun dësem Projet ass d'Lutte géint den Honger a Krankheeten a Südafrika, fir datt kee Kand hongereg schlofe goe muss. De Projet gouf lancéiert a geréiert vun der Professesch Marie-Paule Georges, déi bei enger privater Rees a Südafrika vun de Liewenskonditioune vun de Familljen a besonnesch de Kanner schockéiert war an den Eescht vun der Situatioun erkannt huet.
An dëser Regioun si besonnesch Honger, den HIV Virus, d'Tuberkulos an de Mangel un Hygiène grouss Problemer fir d'Bevëlkerung zou. Weider Suerg sinn den héije Chômage-taux, den Drogen- an Alkoholkonsum, d'Kriminalitéit, d'Ausnotze vu Kanner a Jugendlechen an déi enorm Ënnerscheeder zwëschent de soziale Schichten. Der schwaarzer Bevëlkerung feelt dacks eng gesond Ernierung an eng medezinesch Fleeg.
Am Kader vun der NRO probéiert de Kolléisch mat dësem Projet d'Schüler, déi dacks am Iwwerfloss liewen, fir humanitär Theemen ze sensibiliséieren. Mat villen Aktiounen, déi als Zil hunn, Persounen an hiert Ëmfeld op dës Problemer opmierksam ze maachen, konnt d'Athénée Action humanitaire a.s.b.l schonn 17 Gemeinschaftskiche finanzéieren. Dës Kichen, déi an der Noperschaft vu Schoule sinn, erniert déi hëllefsbedürfteg Schüler mat enger equilibréierter Molzecht, déi aus enger Zopp, Räis a Geméis besteet, fir de symbolesche Präis vun engem (1) südafrikanesche Rand, wat ongeféier 10 Euro-Cent entsprécht.
Doriwwer eraus konnte mat Hëllef vum Projet dräi Autoe kaaft ginn, déi d'Leid aus den ofgeleeëne Regioune mat de soziale Strukture verbënnt an och de medezineschen Transport a méi kleng Stied assuréiert.
Am medezinesche Beräich stellt de Projet WARMTH och Depistagetester fir AIDS, Tuberkulos an d'Zockerkrankheet zur Verfügung. Des Weideren informéiert WARMTH schwanger Fraen iwwer d'Nëtzlechkeet vum Nieren a këmmert sech no der Gebuert och ëm d'gesondheetlech Kontroll vum Bébé.
Cap Vert
[änneren | Quelltext änneren]Mam Projet Cap Vert ënnerstëtzt de Kolléisch zënter de Rentrée 2007-2008 d'a.s.b.l. “Comité Spencer”, déi de kapverdianesche Kanner, déi op Lëtzebuerg kommen, Nohëllefstonne gëtt. Déi Stonne sinn natierlech renge Benevolat.
Mä de Projet ass net nëmmen drop aus, Nohëllefstonnen ze ginn, mä e wëll déi zwou kulturell Communautéiten, déi zu Lëtzebuerg wunnen zesummebréngen.
Duerch déi Verbindung, déi sou entstan ass, huet de Kolléisch mam Lycée Escola Secundária António Silva Pinto de Santo Antão vum Cap Vert Kontakt opgeholl an huet hirem Direkter virgeschloen, eng pedagogesch Aktioun ze starten, déi sech fir d'Erhale vun der Natur asetzt. Sou hunn déi zwéi Lycéeë sech dozou entscheet zum Beispill Beem ze planzen oder um Cap Vert Hecken ze setzen, wou et e grousse Mangel un Drénkwaasser, wéinst der Zerstéierung vun der lokaler Ëmwelt, gëtt.
Eng éischt Rees gouf am Joer 2011 vun der deemoleger Klass 3C2 organiséiert, déi sech an hire Biologiescoursen op hir Rees an de Projet preparéiert huet. Déi deemoleg Schüler hu sech dozou entscheet, an eiser Regioun Beem ze planzen, déi d'CO2 Emissioune vum Fliger solle kompenséieren. De Fluch huet deemools 2380 kg CO2 op de Kapp produzéiert. Dofir sinn de 15. Mäerz 2011 Beem am Präis vu 40€ op de Kapp am Bongert “Altenhoven” zu Beetebuerg, geplanzt ginn.
Wéi si um Cap Vert ukoumen, gouf hinne fir d'éischt de kapverdianeschen Ekosystem an dat lokaalt Klima vun Experten an der Geologie an an der Hydrologie erkläert. Ausserdeem krute si d'Monokulture vu Mais an Zockerrouer gewisen, déi negativ Auswierkungen op den Terrain hunn.
Duerno hunn d'Kapverdianer mat de lëtzebuergesche Schüler en Ausfluch an den Norde vun der Insel Santo Antão ënnerholl.
Um Cap Vert hunn d'Schüler deemools nach vill aner Saachen erlieft, sou wéi zum Beispill e gemeinsaamt Owesiesse wou et Kniddelen, Kachkéis, Kiermeskuch a ganz vill aner Lëtzebuergesch Spezialitéite gouf, respektiv kapverdianesch Spezialitéiten ewéi Cachupa Rica oder Pastéis de maïs.
No dësem éischten Austausch ware sech déi zwéin Direktere vun de béide Lycéeën direkt eens, datt si an Zukunft e gefleegte Kontakt hale géifen. A sou goufen direkt am nächste Joer weider Initiative geholl, déi sech mam soziale Kontext um Cap Vert beschäftegt hunn.
Déi Reesen hunn zwou komplett verschidde Kulture vu jonke Leit méi no beienee bruecht an all Joer léieren d'Schüler immens vill sief et op schoulescher awer och sozialer Basis.
Benevolat
[änneren | Quelltext änneren]D'NRO ATHENEE - ACTION HUMANITAIRE a.s.b.l. huet nieft dësen zwéi Projeten nach d'Méiglechkeet fir de Schüler aus dem Kolléisch d'Ausféiere vun engem Benevolat unzebidden. Dëse Projet beschäftegt sech mat de sougenannte Bonnie People a gëtt zënter dem Schouljoer 2011/2012 organiséiert. An Zesummenaarbecht mat der a.s.b.l Bonnievale Project hëllefen d'Schüler aus dem Kolléisch an der Educatioun vun de Kanner am Plakkerskamp zu Bonnievale, enger klenger Stad, déi eng 180 km vu Kapstad läit. Di lëtzebuergesch Schüler ginn zu Bonnievale vun de Membere vum Bonnievale Project ënnerstëtzt an encadréiert.
De Projet riicht sech un d'Awunner, mä besonnesch un déi jonk Kanner aus dem Plakkerskamp. D'Bonnie People kënne geschwënn, änlech wéi beim Projet WARMTH, eng Gemeinschaftskichen a sanitär Ariichtunge finanzéieren. Des Weidere gëtt den Dagesfoyer vergréissert fir deemnächst bis zu 50 Kanner am Alter vun 3 bis 5 Joer empfänken ze kënnen.
2012 hu sech fir d'éischt Kéier véier Schülerinnen aus dem Kolléisch op de Wee an Südafrika gemaach, fir haaptsächlech den Erzéier am Camp ze hëllefen oder si ze ersetzen. Si hunn de Kanner an Nout gehollef a sinn op d'Liewen an der Gesellschaft virbereed. D'Schüler déi hire Volontariat maachen, hëllefen allerdéngs och bei de gemeinsamen Iessen a bei der Hygiène vun deene klengste Bonnie People. Si organiséieren och Aktivitéite virun, wärend an och no der Schoul, wéi zum Beispill d'gemeinsaamt Bastelen, d'Liesen an och de Sport.
Am Joer 2012 huet d'ATHENÉE-ACTION HUMANITAIRE vum SNJ den Accord kritt fir och Benevolate vun enger méi laanger Dauer z'organiséieren.
Comité
[änneren | Quelltext änneren]De Comité setzt sech 2015 sou zesummen:
- Président: Joseph Salentiny
- Vize-President: Pierre Hornick
- Sekretärin: Marianne Dondelinger
- Caissier: Michèle Wolter
- Memberen: Henri Folmer, Emil Haag, Danièle Atten, Marco Breyer, Joanne Goebbels, Olivier Gloden, Claudine Margue, Lynn Warisse, Hoffmann Yannick, Wenner Jo, Becker Patricia