Kniddel

Vu Wikipedia
Kniddele mat Wäinzoossiss a Moschterzooss

Kniddele si Bullen aus Deeg, Fleesch oder Fësch, déi am kache Waasser pochéiert oder driwwer gedëmpt ginn, oder an der Friteuse gebak ginn.

Zerwéiert gi se entweeder als Bäilag, oder als eege Molzecht, an deem Fall dacks garnéiert.

Jee nodeem wat dobäi ass, kënne se séiss oder salzeg sinn.

Souwuel Form a Gréisst, wéi och hir Zesummesetzung (Weess- oder soss e Miel, Gromperen, Schmull, oder aalt Brout) kënnen no Regioun a Goût ganz ënnerschiddlech sinn.

Bekannt Zorte vu Kniddelen zu Lëtzebuerg sinn d'Stäerzelen an d'Liewerkniddelen. Aus der italieenescher Kiche kenne mer d'Gnocchien, aus der portugisescher d'Bacalhaukniddelen.

Déi meescht Varietéiten (eng ronn 30) gëtt et an der däitscher an éisträichescher Kichen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kniddelen – Biller, Videoen oder Audiodateien