Joseph Salentiny

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Joseph Salentiny
Joseph Salentiny.jpg
Gebuer 22. September 1950
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Biolog, Lycéesprofesser
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Joseph (Jos) Salentiny, gebuer den 22. September 1950 zu Ettelbréck, ass e lëtzebuergesche Biologiesprofesser a fréieren Direkter vum Kolléisch.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Studium[änneren | Quelltext änneren]

De Joseph Salentiny goung zu Uerschdref an zu Réiden an d'Primärschoul. Vun 1963 bis 1970 huet hie säi Secondaire am Stater Kolléisch absolvéiert. Am Schouljoer 1970-1971 huet de Joseph Salentiny op de Cours supérieurs an der Stad Chimie a Biologie studéiert fir duerno zu Stroossbuerg weider ze studéieren. 1974 huet hie seng Maîtrise de biologie animale op der Universitéit Louis Pasteur zu Stroossbuerg kritt. Vun 1974 bis 1977 huet de Joseph Salentiny säi pedagogesche Stage am Kolléisch gemaach a mat der Mentioun "très bien" ofgeschloss.

Berufflech Erfarung[änneren | Quelltext änneren]

Nom Stage koum hien an de Collège d'Enseignement Moyen de Luxembourg, wou hien dann 1978 eng Nominatioun als Professer krut. Hien ass do bliwwen, wéi 1979 aus der Mëttelschoul de Lycée Technique Michel Lucius gouf. 1980 krut hien eng Mutatioun an de Stater Kolléisch.

Vun 1978 bis 1998 huet de Jos Salentiny och als Formateur am Kader vum pedagogesche Stage geschafft. Zanter 1998 war hie Coordinateur de discipline fir de Beräich Biologie a war souwuel als Formateur wéi och als Tuteur aktiv.

Tëscht 1990 an 2018 war hien och Member vum Jury fir de Concours de recrutement vun de Biologiesprofesseren, d'éischt als Sekretär, duerno als President vum Jury.

1999 ass am Kolléisch e Projet d'Etablissement lancéiert ginn, bei deem de Jos Salentiny vun Ufank un als dreiwend Kraaft derbäi war. 2004 ass dee Projet ofgeschloss ginn.

2004 ass hie Member vum Jury vun der Commission d'homologation ginn an datselwecht Joer gouf hien och 'Direkter adjoint' vum Kolléisch. 2007 huet hie säi Virgänger, den Émile Haag, als Direkter ofgeléist. Hien war och den Initiator vun den AnnALes (11 Ausgabe bis 2018) a gläichzäiteg President vum Redaktiounscomité.

Tëschent 2012 an Enn Dezember 2016 war de Jos Salentiny voll mat der Renovatioun a Moderniséierung vum Kolléisch an de Märeler Wise beschäftegt.

Den 21. September 2018 ass hien als Direkter vum Kolléisch pensionéiert ginn.

Aarbechten (net publizéiert)[änneren | Quelltext änneren]

  • Salentiny, J. (1976), Les Lymnaeidae du Grand-Duché de Luxembourg, Mémoire scientifique, 125 S.[1]
  • Salentiny, J. (1976), Das Fernsehen im Biologieunterricht: Vorschläge zur Verwendung von Fernsehsendungen über die Vererbungslehre im Biologieunterricht der Oberstufe.
  • Salentiny, J. & G. Weirich (2006), Rapport et évaluation interne du projet d'établissement III , 2 volumes [1]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Salentiny, J. (1986), Les Lymnaeidae du Grand-Duché de Luxembourg, Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 86, S. 5-57. [2]
  • Salentiny, J. (1983), Die Pfarrkirche in Mamer. In: 100e anniversaire de la Chorale Sainte-Cécile Mamer. Luxembourg, S. 91-104.
  • Salentiny, J. (2003), Les innovations pédagogiques récentes. In: 400 Joer Kolléisch, Bd. III: L'Athénée aujourd'hui et demain. Lëtzebuerg, Sankt-Paulus Verlag, S. 47-53.
  • Salentiny, J. (2012), Hommage au biologiste Jules Hoffmann, prix Nobel 2011 [de médecine] et membre de l'Académie française depuis 2012 ; in: annALes de l'Athénée de Luxembourg / d'annALe vum Staadter (sic) Kolléisch, Bd. 5 (2011/12), Lëtzebuerg, September 2012; Ss. 370-377.
  • (als Direkter vun der Publikatioun an als Co-Auteur), De Kolléisch 2017, Festschrëft zum Bicentenaire vum Kolléisch als "Athénée" (1817-2017) an zur feierlecher Inauguratioun, de 24. Abrëll 2017, vum renovéierten a moderniséierte Gebai vun 1964; 2 Bänn (257 & 310 Säiten) + een USB-Stick; Lëtzebuerg (Éditions de l'Athénée & Print Solutions), [Sept.] 2018.
  • Mes cinquante années à l'Athénée - un feuilleton en six épisodes; in: De Kolléisch 2017 (cf. supra); Band II, Ss. 8-217 (mat Illustratiounen a Referenzen).
  • (an Zesummenaarbecht mam Edouard Kayser), Notre 'Kolléisch' en ses sites successifs; in: De Kolléisch 2017 (cf. supra); Band II, Ss. 220-283 (mat Illustratiounen a Referenzen).

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Edouard Kayser, Les Directeurs de l'Athénée depuis 1817 - Notices biographiques; Troisième partie et références; in: Les annALes de l'Athénée/D'annALe vum Staadter Kolléisch, Nr. 10/2016-2017, Lëtzebuerg (Sankt Paulus Verlag), September 2017; Ss. 476-478 (mat enger Photo).
  • (Interview), << Stolz, ein Teil des Kolléisch zu sein >>. Joseph Salentiny widmet 55 Jahre seines Lebens dem städtischen Athenäum - nun folgt der wohlverdiente Ruhestand; in: Luxemburger Wort, 21. & 22. Juli 2018; S. 28 (ill.).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. J.P.R. Strainchamps: Cent cinquante ans de dissertations élaborées dans le cadre du stage ou de la formation continue des professeurs de l'enseignement secondaire et supérieur en Luxembourg et de contributions aux Programmes et aux Chroniques de l'E.S. 1837-1987. Dissertations classées par matières. Courrier de l'Education Nationale, No spécial, mai 1988, Luxembourg 1988, S. 63.
  2. Lëscht um Site vun RTL vun de Leit aus der Educatioun déi 2010 en nationale Gielche kritt hunn