Médecins sans frontières

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Entrée vun engem Flüchtlingscamp am Tschad.

Médecins sans frontières (MSF) ass eng privat international Netregierungsorganisatioun, déi zanter 1971 an haut iwwer 80 Länner am Beräich vun der Nouthëllef bei Naturkatastrophen a Konflikter aktiv ass.

1999 krut MSF de Friddensnobelpräis fir hir humanitär Pionéierleeschtung op e puer Kontinenter.

MSF huet sech als Zil gesat, virun allem kuerzfristeg medezinesch Hëllef bei Katastrophen (natierlech oder vum Mënsch verursaacht) ze leeschten. Do dernieft si si och a chronesche Konfliktgebidder aktiv, wou keng 'normal' Hëllefsstrukturen (méi) do sinn. A verschiddene Länner si si esou déi eenzeg Hëllefsorganisatioun um Terrain. Wann d'Situatioun sech verbessert, gi si hir Aktivitéiten u lokal Strukture virun.

D'Dokteren, Infirmièren an Infirmieren, an déi administrativ a logistesch Mataarbechter vun MSF maachen dat op Basis vum Benevolat. Wa se méi wéi ee Joer do schaffen, kréien s'eng Indemnitéit fir hir Onkäschten.

De Médecins sans frontières hirt Grondprinzip ass et, bei Konflikter strikt onparteiesch ze sinn. Och si si onofhängeg vun anere Regierungen an decidéiere selwer, wou si aktiv ginn. Hiert éischt Zil ass, dass d'Hëllef bei déi kënnt, déi s'am néidegsten hunn. Wa si feststellen, dass dat net de Fall ass, kënne si decidéieren, sech zréckzezéien.

MSF huet lokal Sektiounen an enger 18 Länner, dorënner och Lëtzebuerg.

Médecins Sans Frontières Luxembourg[änneren | Quelltext änneren]

Déi lëtzebuergesch Sektioun vun MSF gouf 1986 gegrënnt. 26 Salariéë schaffe fir si, an hëllefen, Informatiouns- a Snesibiliséierungskampagenen ze maachen, Donen ze sammelen, déi Fräiwëlleg z'enkadréieren an am Kader vum Projet LuxOR (Luxembourg Operational Research) Recherchen ze maachen, déi dozou déngen, zukünfteg Interventiounen nach méi efficace ze maachen.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Qui sommes nous? op msf.lu.


Commons: Médecins sans frontières – Biller, Videoen oder Audiodateien