Peter Gabriel
Ausgesinn
Peter Gabriel | |
---|---|
Gebuertsnumm | Peter Brian Gabriel |
Gebuer | 13. Februar 1950 |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun | Charterhouse School |
Aktivitéit | Sänger, Komponist, Filmkomponist, Vokalist, Dichter, Schauspiller, Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller |
Member vun | Genesis, Garden Wall, Big Blue Ball |
Famill | |
Liewenspartner(in) | Rosanna Arquette, Sinéad O'Connor |
Kanner | Melanie Gabriel |
De Peter Brian Gabriel, gebuer den 13. Februar 1950 zu Chobham, Surrey, England) ass en englesche Museker a Video-Kënschtler. Hie gouf an de fréien 1970er-Jore bekannt als Frontman a Grënnungsmember vun der Progressive-Rock-Band Genesis.
Nodeem hie sech am Hierscht 1975 vu Genesis gegtrennt hat, huet hien eng Solocarrière ugefaangen, mat där e grousse Succès hat an huet. Seng Musek ass eng Mëschung aus Pop, Rock, New Age, mat däitlechen Aflëss vun der World Music. Hien huet opwänneg a spektakulär realiséiert Video-Clippe gemaach an och seng Livevirstellunge konzeptionell ugeluecht.
De Peter Gabriel engagéiert sech fir Mënscherechter, ënner anerem bei Amnesty International a bei Witness, déi e matgegrënnt huet.
Discographie
[änneren | Quelltext änneren]Soloalben:
- Peter Gabriel (genannt "1" oder "Car") (1977)
- Peter Gabriel (genannt "2" oder "Scratch") (1978)
- Peter Gabriel (genannt "3" oder "Melt") (1980)
- Peter Gabriel (genannt "4" oder "Security") (1982)
- So (1986)
- Us (1992)
- Up (2002)
- Scratch My Blood (2010)
- New Blood (2011)
- i/o (2023)
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Spencer Bright: Peter Gabriel, An authorised biography, London 1989.
- Kai U. Jürgens: Der Fremde in mir. Peter Gabriel 1977-1982. In: AufAbwegen - Magazin für Musik und Kultur Nr. 35, Köln 2005
- Alexander Kopp: Ein Hit und sein Videoclip: Peter Gabriel's „Digging in the dirt“, in: Gisela Nauck (Hrsg.): Positionen 18 - Beiträge zur Neuen Musik, Berlin 1994, S. 25ff.
- Silke Riemann: Die Inszenierung von Popmusikern als Popstars in Videoclips: eine Untersuchung anhand der Videoclip-Kompilationen „US“ - Peter Gabriel (1993), „HIStory“ - Michael Jackson (1995) und „Greatest Flix II“ - Queen (1991). Berlin 1998.
- Jürge Seibold: Peter Gabriel, Rastatt 1991.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Peter Gabriel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Websäit (en)