Tom Gatti

Vu Wikipedia
Tom Gatti
Gebuer Ollem
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Museker, Museksproduzent, Touningenieur

Den Tom Gatti ass e lëtzebuergesche Museker, Museksproduzent an Touningenieur.

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Am Alter vu 16 Joer huet den Tom Gatti ugefaangen, als Autodidakt elektresch Gittar ze spillen an eng éischt Jugendband mam Numm Spyglass matgegrënnt.[1] 2004 huet Spyglass zesumme mat der Band Eternal Tango eng Split-EP verëffentlech. Déi gouf am Musekstudio an der Escher Kulturfabrik opgeholl.[2]

Ufank 20 huet hien dunn och Interessi um Produzéiere vun der Musek entwéckelt.[1]

Wéi Eternal Tango e Bass-Gitarrist gesicht huet, ass den Tom Gatti agesprongen.[2] Mat Eternal Tango huet hie jorelaang Concerten a ganz Europa gespillt. Der Grupp hiren éischten Album, First Round at the Sissi Cafe, ass 2007 erauskomm, an Eternal Tango konnt sech lues awer sécher zu enger vun den deemools populäersten an erfollegräichste Bands zu Lëtzebuerg etabléieren. 2009 hunn d'Bandmemberen de Musekslabel Golden Fox gegrënnt, op deem d'Joer drop den zweeten Album Welcome to the Golden City erauskoum. Am selwechte Joer ware si och am Govinda Van Maele sengem Museksdocumentaire We Might as Well Fail ze gesinn. Eternal Tango huet sech am Dezember 2012 no engem leschte Concert am Atelier getrennt.

2013 huet den Tom Gatti d'Band Mad Fox matgegrënnt, déi 2015 den Album Fox op de Maart bruecht huet.[2]

Zënter 2019 bedreift hie mat véier aneren de Musekstudio Unison Studios am 1535° zu Déifferdeng.[2][3] Fir vill Sänger a Museksgruppen hëlt hien d'Musek op, mëscht a mastert se, a produzéiert se och deelweis. Zu de Kënschtler, mat deenen hien zesummegeschafft huet, zielen ënner anerem Angel Cara, Bartleby Delicate, Chaild, Porn Queen, No Metal In This Battle, Rome, The Choppy Bumpy Peaches, The Disliked, The Tame and The Wild, an Tuys.[4]

Am Dezember 2022 war hie fir d'Lëtzebuerger Musekspräisser an der Kategorie Hannert der Bün nominéiert.[5]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 tageblatt.lu: Beruf oder Hobby? (23. Februar 2015)
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 eldo.lu: Studio6: Tom Gatti - Replay (26. November 2021)
  3. sonicvisions.lu: Kuerzbiographie (gekuckt de 25. Dezember 2022)
  4. Produktiounen op tomgatti.com
  5. gouvernement.lu: Lëtzebuerger Musekspräisser 2022 - Remise des prix (13. Dezember 2022)