The Disliked

Vu Wikipedia
The Disliked
Museksgenre Reggae, Ska-Punk, Punk
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2002
Websäit thedisliked.com
Aktuell Memberen Cédric Metz (Gittar)
Laurent Biver (Gittar)
Raphael Dumont (Gesank, Keyboard)
Jean Hommel (Bass) (zënter 2007)
Ben "Chilles" Nilles (Trompette) (zënter 2009)
Pascal Karier (Perkussioun) (zënter 2009)
John "Ragga" Wolter (Batterie) (zënter 2014)
Fréier Memberen Patrick "Piedy" Arend (Batterie) (2007-14)

The Disliked sinn eng lëtzebuergesch Reggaeband vu Biergem, déi 2002 gegrënnt gouf. D'Lidder sinn op Englesch an op Franséisch.

Si ass op bal all groussem Museksfestival zu Lëtzebuerg opgetrueden, dorënner dem Food for Your Senses (2008, 2009, 2010, 2011, 2013, 2019), Rock um Knuedler, e-Lake festival (2009, 2019), Mess for Masses (2009, 2011, 2014), Rock-A-Field (2015), Rock un der Atert (2016, 2019) a Koll an Aktioun (2015, 2018).

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Ufank als Punk- a Ska-Punk-band[änneren | Quelltext änneren]

The Disliked gouf 2002 als Schülerband gegrënnt,[1] déi Punk gespillt huet. Déi ursprénglech Membere waren zesummen am Escher Jongelycée.[2] Si hunn 2005 den Album Fresh Trash erausbruecht an d'Joer drop de Musekslabel Ashcan Records matgegrënnt.[3][4]

Duerno huet sech der Grupp hire Museksstil a Richtung Ska-Punk weiderentwéckelt. 2007 hu si mat neien Opnamen ugefaangen. Nodeems e puer Museker d'Band verlooss haten a vun der Originalformatioun nach de Gittarist Cédric Metz, de Gittarist Laurent Biver an de Sänger a Keyboardist Raphael Dumont iwwreg waren, goufen Enn dës Joers de Batteur Patrick Arend an de Bassist Jean Hommel recrutéiert. 2008 gouf de Rescht vum Album My Parents Went to Eldorado and All I Got Is This Lousy Cadillac opgeholl. Do gi verschidde Museksstiler kombinéiert, wéi Ska-Punk, Jazz, Blues a Punk.

Zwee Joer méi spéit hunn The Disliked de akustesche Livealbum The Royal Show am Inouï zu Réideng opgeholl.[5]

Entwécklung a Richtung Reggae[änneren | Quelltext änneren]

Duerno ass et méi roueg ëm d'Band ginn, well d'Museker an ënnerschiddleche Länner studéiert hunn,[1] och wann nach heiansdo Concerte gespillt goufen. Fënnef Joer laang huet hunn d'Museker un neiem Material geschafft,[6] wat sech vill méi um Reggae orientéiert huet.[7] Donieft goufen tëscht 2011 an 2013 mat Colonia, Ballad of KCR Jones, Waiters Don't Wait an Hi Again och véier nei Lidder verëffentlecht. 2014 ass den John Wolter als neie Batteur derbäikomm, fir de Patrick Arend ze ersetzen.

Den 23 Januar 2015 war d'Releaseparty vum drëtte Studiosalbum Hôtel N°25 an der Escher Kufa. Dee gouf, wéi schonn déi anere Studiosalbumen, an Däitschland opgeholl.[5] Fir déi éischt Singleauskopplung, Le Captain, gouf fir d'éischte Kéier och e Museksvideo gedréint. De Regisseur war de Gilles Scaccia an d'Première um Mess for Masses am November 2014.[8] Och fir d'Lidd Hi Again, dat schonn 2013 verëffentlecht gi war, gouf 2015 e Videoclip zu Wien gedréint.[6]

Am Summer 2015 hunn The Disliked op klenge Bünen am Südeweste vu Frankräich gespillt. Dobäi goufe si vum Concertsfotograf Sam Flammang begleet. Deen huet iwwer déi kleng Tour en Documentaire The Disliked - Play-A Tour Documentary vun enger halwer Stonn gedréint, deen och am Kinosch an am Prabbeli gewise gouf.

D'Joer drop huet d'Band eng Mini-Play-a Tour duerch dräi lëtzebuergesch Caféen gespillt.

Reggae Rescue[änneren | Quelltext änneren]

Am Summer 2018 huet d'Band neit Material am Tom Gatti sengem Studio zu Malmedy opgeholl, dat vum Charel Stoltz produzéiert gouf.[9] Den 31. Mee 2019 war de Release vum Album Reggae Rescue, nees an der Escher Kufa. Déi éischt Single war Possessed. Spéider goufen och nach Money, fir dat den Tun Tonnar de Museksvideo gedréint huet, an Always on the Run als Single ausgekoppelt.

2021 ass dunn d'EP Underwater Rescue erauskomm, mat der Singleauskopplung Salmon.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2005: Fresh Trash
  • 2008: My Parents Went to Eldorado and All I Got Is This Lousy Cadillac
  • 2010: The Royal Show (Livealbum)
  • 2015: Hôtel N°25
  • 2019: Reggae Rescue

EP[änneren | Quelltext änneren]

  • 2021: Underwater Rescue

Lidder (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 2008: Mary
  • 2008: My Profile
  • 2013: Hi Again
  • 2014: Le Captain
  • 2019: Possessed
  • 2019: Money
  • 2019: Always on the Run
  • 2021: Salmon

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Presskit op der Website vun der Band hirem Label Ashcan Records
  2. lequotidien.lu: L’hôtel fantastique de « The Disliked » (Vidéo) vum Pablo Chimienti (2. Maërz 2015)
  3. Grënnungsacte am Mémorial
  4. rtl.lu: Podpurri - Mir schwätze Kultur - D'Band The Disliked, Interview mam Claudia Kollwelter (9. November 2021)
  5. 5,0 5,1 wort.lu: Entrée libre à l'hôtel vum Sophie Kieffer (29. August 2014)
  6. 6,0 6,1 lessentiel.lu: «Bestimmte Süchte kommen immer wieder» vum Sophia Schülke (21. Mee 2015)
  7. 100komma7.lu: FËNNEFVÉIEREL: The Disliked (31. Oktober 2021)
  8. wort.lu: The Disliked dévoilent "Le Captain" (11. November 2014)
  9. eldo.lu: The Disliked - Possessed (14. Mäerz 2019)