Kinosch
Ausgesinn
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Plaz | Esch-Uelzecht |
Adress | 116, rue de Luxembourg |
Ecran | 6,50 m × 2,50 m |
Plazen | 83 |
Accessibel fir Rullstill | Jo |
Bedreiwer | Kulturfabrik |
Koordinaten | 49°30'13,8"N, 5°59'16,8"O |
De Kinosch ass e Kino zu Esch-Uelzecht an der Lëtzebuerger Strooss an de Gebaier vun der Kulturfabrik.
De Kinosch ka professionel Digitalfilmer projezéieren. Den Ecran ass 6,50 Meter breet an 2,50 Meter héich.
De Sall huet 83 Sëtzplazen. Et kënnt ee mam Rollstull an de Sall.
Geschichtleches
[änneren | Quelltext änneren]Vun 1983 un hunn d'Animateure vun der Escher Kulturfabrik e klenge Projektiounssall opgemaach, deen awer 1986 erëm huet missen zougemaach ginn, well Schied am Daach festgestallt goufen.
1999 huet de Kinossall erëm opgemaach, bis 2015 ënner der Leedung vum der Caramba s.à r.l. Zaterhier gëtt en direkt vun der Kulturfabrik géréiert.